Ass dat do den Peckvillchen? Nee, dat ass een streiderechen Hunn. Photo E.T.
O, jo! Hat
muss och ëmmer alles hunn!
An elo hunn
mer dann dat dervun.
Hat huet
dem Juncker den Mikro geklaut,
An ellen Wierder
an d' Géigend gejaut.
D' Maria huet
d' Wuert "Milliarden" gesot!
Mee de
Juncker sot hien hätt sech geplot,
Et wär un
him gewiescht fir ze schwätzen,
An sech mat
deeër Affaire ze bretzen.
Kommt elo
all schéin brav, dir Kënnercher,
Soss gëtt d'
Joffer Iech eng op d' Hënnercher.
Der
Spillschoulsjoffer geet et elo duer,
Sie huet schliisslech
hiren Titel verluer.
Dir frot
Iech: a wuer geet dat alles hin?
Et sollen jo
keng Jofferen méi ginn!
Grad duerfir
goung d' Maria virun d' Press:
Esou een
Sommet wär guer keen Pince-Fesses.
No comments:
Post a Comment