Wednesday, July 24, 2013

COUP D'ETAT ZU LETZEBUERG

Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee, t' ass d' Viv, dat wëllt op dem 
Jules Cesar senger Platz landen. Photo ET war derbäi. 

COUP D'ETAT ZU 
LETZEBUERG !

Do mécht den Juncker schonn erëm een Kuhdeetaa,
Dien mécht dat jo nawell dacks soen Mann a Fra,
D' lescht hat en jo nit dem Grand-Duc den Bic geklaut,
Sou dass dien sech nit méi ze ënnerschreiwen traut.

Lo ass hien demissionär ouni Demissioun,
Dat alles wéint engem armSRELegen Spioun.
An d' Chamber gëtt opgeléist, mee nit haut an muer,
Nee, méi spéit am Oktober, dat geet och nach duer.

Eisen Staatsrot hat sech just e bësschen verschwat,
Vun wegen Grondgesetz, dës Saach ass ganz privat!
Kommt,  mir sinn eis jo eens, mir brauchen Neiwalen,
Bis dohin muss een d' Deputéierten halen!

Wéi sollen déi Leit dann dräi Méint iwwerliewen?
An déi ganz Band Ministeren do der niewen?
Dem Spautz säin Jong hat grad den Tammtamm geléiert,
Dat brauch een wann een fir d' Entwécklung spendéiert.

Seng Fra, wann en eng huet, sot: "Am Déngscht fir zwéin Méint!
An dann kritt een schonn den Paiziedel zougedréint?"
An d' Meedchen vun der Ackerbauschoul sot: "An Ech?
Sinn déi geckeg, fir dien Mëscht bedanken Ech mech."

D' Marie Josée ass frou an den Bildgen derzou,
An den Jeannot Krecké ass Ech weess nit wou.
Just d'Viv hat sech verrechent, hat wollt HIM seng Platz,
Eis Victime Nationale hält dach sou epps de Bass.




Tuesday, July 16, 2013

Wéi d' Melusina Belsch gouf, oder, Konsequenzen hunn Ursaachen.

Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee, dat ass een Anhinga, an et 
gesäit een och een Stéck vun der Melusina. Photo ET

Wéi d' Melusina Belsch gouf, oder,
Konsequenzen hunn Ursaachen.  

Wéi seet den Mann vun der Strooss?
"Besser een Schneider op d' Mooss,
Wéi een Juncker vun der Staang."
Mir haten dien schonn vill ze laang.

Gréng an Blo bréngen Hëllef,
Déi hunn ee puer jonk Wëllef.
Dien aalen Här ass eleng.
Zu drëtt kritt een dien schonn kleng.

D' Melusina muss kräischen,
Well mir hiert Fest verschäissen.
Den JC geet hatt tréischten,
Mir sinn jo dach keng Béischten!

Der Nix gefällt Bréissel gutt,
An hëlt den JC den Hutt,
Dann maachen déi zwee sech unn!
Dann hunn mir eben dat dervun.



De Juncker op der Lauer fuddelt mat dem Schëppen Bauer.


Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee, dat ass den Schëppen Bauer. Photo ET

De Juncker op der Lauer, fuddelt mam Schëppen Bauer.

De Juncker beim Grand-Duc schneit eng wéi den Schëppen Ess,
"O, Kinnik, Ech sinn an der Zaang, wat ass dat dach epps!
Meng Regierung huet elo d' Aachtchen geschloen,
T' Schold leit bei den Rouden, den Gréngen a Bloen."

Rout a Schwaarz mécht ee Kaartespill hat hien gemengt,
Hien hofft awer dass den Bodry nach Rauten wénkt,
Well am ganzen Land deet hien den Häerzer sou wéih,
Den Grand-Duc huet lo den Schwaarzen Péiter, a wéi!



Wednesday, July 10, 2013

Den Etienne Schneider an esou weider!

Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee, dat ass een Osprey. 
A keng Spuer vum Etienne Schneider. Photo ET

Den Etienne Schneider an esou weider!

Ech sot zu menger Fra “ elo geet et awer duer,
Elo gëtt direkt emol op New York gefuer!
Ech wollt endlech dach den Etienne Schneider gesinn,
Ier all déi Ministeren an der Pensioun sinn.“

Et war ee grousst Fest am “University Club”.
D’ Dammen am sonndessen Kleed and d’ Hären am Schlapp,
Waren ugetratt fir Airtech ze feieren.
Doheem bezuelt déi jo alt e puer Steieren.

Prënz, Prinzessin, Fernand Lamesch a Michel Franck,
Waren all do, mee keen Schneider, war hien dann krank?
Nee, guer nit, mee hien konnt den Risk nit huelen,
Keng Regierung ze hunn fir d’ Réckrees ze bezuelen!



Saturday, June 29, 2013

D' Responsabilitéit am SREL ass objektiv an subjektiv.

Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee, Dir gitt hei observéiert vum SREL.

D' Responsabilitéit am SREL ass objektiv an subjektiv.

T' Schold um SREL ass déi objektiv an subjektiv?
Administrativ, ëmgedréint an der Spektiv,
Sinn Ech awer positiv dat wär relativ.
Ech sinn also konstruktiv an nit negativ.

Dien Konjunctiv ass e bësschen spekulativ,
Et ass keen Superlativ, dat wär exzessiv.
Ech sinn affirmativ, den SREL ass explosiv.
Do war keen passiv, all waren d' Lokomotiv.

D' Zeien sinn negativ, d' Affaire ass massiv,
D' Method war primitiv an d' Geschäft lukrativ,
Sou eng Kooperativ fir déi destruktiv,
Fir déi gouf et keng attraktiv Alternativ.

Hiren Laxativ war duerfir och produktiv,
An den Beschass korrosiv fir den Roby Biev. (1)
Hien war sou sensitiv, a wosst nit op hien blief.
Wann Iech geliv, Ech soen Iech dat am Subjonktiv.

Duerch mäin Objektiv um wackelegen Stativ,
Sinn se selektiv an der Kommissioun Bodryv.
Mir sinn dubitativ, alles ass SRELativ.
D' Moral ass demonstrativ een Junckerlativ.

(1) Ganz kloer huet een do den E an den R geklaut. Dat war den Här "M" dien huet se fir een CD dem Heck geschenkt. An elo hunn mir och een Hecker am SREL.


Monday, June 24, 2013

D’ Press deet dem Mischi een Maulkuerf un!



Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee dat sinn Memberen vun der Press déi wëllen engem een Maulkuerf undinn. Photo ET

D’ Press deet dem Mischi een Maulkuerf un!

Ech duecht den Dämmitsch Kontroll wär bal eriwwer,
Mee de Mischi geet nach ëmmer schéin derwidder.
Hien mécht elo Kontroll Dämmitsch am Réckgang,
An d’ Schudderen ginn him aus duerch Haut a Schank.

En huet grad nach am Gudden mam President gejaut,
Sou dass dien sech guer nit méi bei den Mischi traut.
A jo, vun haut un mécht den Mischi Käpp mat Neel,
An geet dann dermat bei den Journalisten feel.

An engem zou gepechten Bréif mécht hie d’ grouss Wäsch,
Alles bal ouni Feeler, an am beschten Belsch,
Wann d’ Press awer plangt him een Maulkuerf unzedinn,
Géing Ech déi gär op deem Risen Chantier gesinn.



Saturday, June 22, 2013

Stellt Iech vir et ass eng Pressekonferenz an et geet keen dohin!

Ass dat do een Péckvillchen? Ma nee dat ass ee Kueb eleng op 
senger Pressekonferenz. Photo ET

Stellt Iech vir et ass eng Pressekonferenz an et geet keen dohin!

De Misch sot, "Ech halen nach eng Bretz Konferenz,
Ech ginn Iech fënnef Äntwerten wéi mat der Strenz.
T' brauch keen sech vir ze drécken, Ech äntweren all Fro,
Virum Roude Léiw, schéin gesträift mat wäiss an Blo."

Der CSV hir Hiel klengt huel ewéi eng Bidden,
De Mischi sot "am Krich zwëscht Biever an Fridden,
Do hätt keen nie näischt gesot, do stellt sech keng Fro."
Keng Fro-o, keng Fro-o, keng Fro schaalt den Echo.

Den Mischi mam Mikro steet op der Äppelkëscht,
Der Rei no huet en seng fënnef Äntwerten vermëscht,
An huet sech nit ginn mat Äntwerten op keng Fro,
Hätt keen en raus geholl, dann stéing hien haut nach do.