Ass dat do
den Péckvillchen? Ma nee, dat ass een Anhinga, an et
gesäit een och een Stéck
vun der Melusina. Photo ET
Wéi d' Melusina Belsch gouf, oder,
Konsequenzen
hunn Ursaachen.
Wéi seet den Mann vun der Strooss?
"Besser een Schneider op d' Mooss,
Wéi een Juncker vun der Staang."
Mir haten dien schonn vill ze laang.
Gréng an Blo bréngen Hëllef,
Déi hunn ee puer jonk Wëllef.
Dien aalen Här ass eleng.
Zu drëtt kritt een dien schonn kleng.
D' Melusina muss kräischen,
Well mir hiert Fest verschäissen.
Den JC geet hatt tréischten,
Mir sinn jo dach keng Béischten!
Der Nix gefällt Bréissel gutt,
An hëlt den JC den Hutt,
Dann maachen déi zwee sech unn!
Dann hunn mir eben dat dervun.
No comments:
Post a Comment