Ass dat do een Péckvillchen? Ma nee dat ass ee Kueb
eleng op
senger Pressekonferenz. Photo ET
Stellt Iech vir et ass eng Pressekonferenz an et geet
keen dohin!
De Misch sot, "Ech halen nach eng Bretz
Konferenz,
Ech ginn Iech fënnef Äntwerten wéi mat der Strenz.
T' brauch keen sech vir ze drécken, Ech äntweren all
Fro,
Virum Roude Léiw, schéin gesträift mat wäiss an Blo."
Der CSV hir Hiel klengt huel ewéi eng Bidden,
De Mischi sot "am Krich zwëscht Biever an Fridden,
Do hätt keen nie näischt gesot, do stellt sech keng
Fro."
Keng Fro-o, keng Fro-o, keng Fro schaalt den Echo.
Den Mischi mam Mikro steet op der Äppelkëscht,
Der Rei no huet en seng fënnef Äntwerten vermëscht,
An huet sech nit ginn mat Äntwerten op keng Fro,
Hätt keen en raus geholl, dann stéing hien haut nach
do.
No comments:
Post a Comment