Showing posts with label SREL. Show all posts
Showing posts with label SREL. Show all posts

Friday, December 6, 2013

De Bettel beim bloen Beemchen


















Ass dat do den Péckvillchen? Ma gewëss. Dien hält sech do eraus. 
Dat ass den 00-1000, maskéiert. 
Dien huet elo just een bloen Beemchen placéiert. Photo ET

De Bettel beim bloen Beemchen

De Péckvillchen googelt op alles nach do steet,
A wéi et der Trösterin der Betrübten geet.
Do koumen jo nit Biller drop vum NSA,
Déi haten sech verschalt, wat sinn dat emol Kéi!

Ech hunn dunn gezoomt fir d'Kamera ze fannen,
Ah, do steet se, déi fënnt jo awer ee Blannen.
T' ass een bloen Beemchen am Juncker senger Haascht,
Dat war den SREL, well den NSA ass iwwerlaascht.

Lo ass alles transparent, googelt vunn doheem,
Dem Becca säin Stadium, an dem Finck seng Dreem,
D' Cargolux, d' Luxair, an eis nei Frënn aus China,
De Péckvillchen schreift mat, an Alexandriner.







Saturday, June 29, 2013

D' Responsabilitéit am SREL ass objektiv an subjektiv.

Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee, Dir gitt hei observéiert vum SREL.

D' Responsabilitéit am SREL ass objektiv an subjektiv.

T' Schold um SREL ass déi objektiv an subjektiv?
Administrativ, ëmgedréint an der Spektiv,
Sinn Ech awer positiv dat wär relativ.
Ech sinn also konstruktiv an nit negativ.

Dien Konjunctiv ass e bësschen spekulativ,
Et ass keen Superlativ, dat wär exzessiv.
Ech sinn affirmativ, den SREL ass explosiv.
Do war keen passiv, all waren d' Lokomotiv.

D' Zeien sinn negativ, d' Affaire ass massiv,
D' Method war primitiv an d' Geschäft lukrativ,
Sou eng Kooperativ fir déi destruktiv,
Fir déi gouf et keng attraktiv Alternativ.

Hiren Laxativ war duerfir och produktiv,
An den Beschass korrosiv fir den Roby Biev. (1)
Hien war sou sensitiv, a wosst nit op hien blief.
Wann Iech geliv, Ech soen Iech dat am Subjonktiv.

Duerch mäin Objektiv um wackelegen Stativ,
Sinn se selektiv an der Kommissioun Bodryv.
Mir sinn dubitativ, alles ass SRELativ.
D' Moral ass demonstrativ een Junckerlativ.

(1) Ganz kloer huet een do den E an den R geklaut. Dat war den Här "M" dien huet se fir een CD dem Heck geschenkt. An elo hunn mir och een Hecker am SREL.


Thursday, December 6, 2012

James Bond 007 an een Halwen


Ass dat do een Péckvillchen? Ma nee, dat ass ee Storch dien no 
enger Schwéier Gebuert am Dreck wullt. Photo ET.

James Bond 007 an een Halwen


Léiwen Jean-Claude lauschter,
Bréng der KPL ee Klauschter.
Hannert dem Bam luusst den Mille,
Hien glëscht Gréngs, no eisem Camille!

D' Auer geet eis op de Wecker,
5 fir 12 sot den Becker.
T' ass voller Niwwel, t' gëtt gelunn,
A wuer ass d' Cargolux geflunn?

Do jäitzen DP an ADR,
"Transparenz am SLER!"
Zu Lëtzebuerg kënnt all James Bond,
Mam beschten Wëllen op den Hond.

Den Jean-Claude zerwéiert Kabes,
Iwwert den Mille an den Abbes.
Stonnelaang an et gëtt keen midd,
Obschonn se soen, "wat dien rëm litt!"