Showing posts with label Jean-Claude Juncker. Show all posts
Showing posts with label Jean-Claude Juncker. Show all posts

Tuesday, December 24, 2013

Denkprozess





















Ass dat den Péckvillchen? Roueg! 
Mir sinn just an engem Denk Prozess.

Denkprozess

Dir hutt Iech bestëmmt schonn dat neit Wuert iwwerluecht,
T' ass "Denkprozess",  mee meeschtens hunn s' un näischt geduecht.
Oder dach, dann hunn se eng verwurrelt am Kapp,
An versichen dass jo nëmmen keen se ertappt.

Iwwert d' Prostitutioun sinn mer am "Denkprozess",
Wuer dat awer hin geet, ass nach guer nit gewëss.
An den Juncker huet och guer keng Ahnung wouhin,
Dat huet awer näischt mat Prostitutioun ze dinn.

Hien ass jo am Denkprozess iwwer Europa,
Hien ass verstoppt, mir waarden op säin Eureka.
Säin vollen Asaatz als Oppositioun ass hin,
Wëll de Regierungsprogramm jo säin schéngt ze sinn.

D' Mamm vun all Denk Prozess ass de Bommeleeër,
Do sichen se nach haut no Mëttel an Weeër.
Leider ass an deem Denk Prozess näischt ze man,
Well jo keen sech un näischt méi erënneren kann.


Friday, December 6, 2013

De Bettel beim bloen Beemchen


















Ass dat do den Péckvillchen? Ma gewëss. Dien hält sech do eraus. 
Dat ass den 00-1000, maskéiert. 
Dien huet elo just een bloen Beemchen placéiert. Photo ET

De Bettel beim bloen Beemchen

De Péckvillchen googelt op alles nach do steet,
A wéi et der Trösterin der Betrübten geet.
Do koumen jo nit Biller drop vum NSA,
Déi haten sech verschalt, wat sinn dat emol Kéi!

Ech hunn dunn gezoomt fir d'Kamera ze fannen,
Ah, do steet se, déi fënnt jo awer ee Blannen.
T' ass een bloen Beemchen am Juncker senger Haascht,
Dat war den SREL, well den NSA ass iwwerlaascht.

Lo ass alles transparent, googelt vunn doheem,
Dem Becca säin Stadium, an dem Finck seng Dreem,
D' Cargolux, d' Luxair, an eis nei Frënn aus China,
De Péckvillchen schreift mat, an Alexandriner.







Saturday, July 14, 2012

Nëmmen nach sechs Méint Euro !


Ass dat do een Péckvillchen? Nee, dat ass een Zentral Banquier, mat den Kandidaten fir seng Successioun. Photo: ET

"Haalt mech zréck, soss bleiwen Ech hei", huet hien gejaut.
De Juncker hat Angscht dat een him seng Plazen klaut.
"An den Yves kritt seng dann och, Ech sinn dach net blöd!"
"Ma, nee, ma, nee" sot d' Angie, "Blöd ass hei verbuet."

"Verboten, jawoll" rifft den Yves ënnert dem Zelt,
Op deem verschassenen Chantier um Eecherfeld.
Hien baut eng Luxusvilla zu Frankfurt am Main,
Uewen um Feldberg, et protestéiert keen Schwäin.

Awer hannert der Bühn schläicht heemlech den Frieden,
"Mir sinn stolz wéi déi zwéin Lëtzebuerg vertrieden.
All meng Kollegen, iwwerall an Europa,
Soen, "mir brauchen een full-time Euro-Bopa."




Friday, March 30, 2012

D' Fekter huet dem Juncker säin Mikro geholl.











































Ass dat do  den Peckvillchen? Nee, dat ass een streiderechen Hunn. Photo E.T.



O, jo! Hat muss och ëmmer alles hunn!
An elo hunn mer dann dat dervun.
Hat huet dem Juncker den Mikro geklaut,
An ellen Wierder an d' Géigend gejaut.

D' Maria huet d' Wuert "Milliarden" gesot!
Mee de Juncker sot hien hätt sech geplot,
Et wär un him gewiescht fir ze schwätzen,
An sech mat deeër Affaire ze bretzen.

Kommt elo all schéin brav, dir Kënnercher,
Soss gëtt d' Joffer Iech eng op d' Hënnercher.
Der Spillschoulsjoffer geet et elo duer,
Sie huet schliisslech hiren Titel verluer.

Dir frot Iech: a wuer geet dat alles hin?
Et sollen jo keng Jofferen méi ginn!
Grad duerfir goung d' Maria virun d' Press:
Esou een Sommet wär guer keen Pince-Fesses.