Saturday, November 9, 2013

Wéi den JC gekräizegt gouf (ca. 19 Deeg no JC).


    Ass dat do den Péckvillchen? 
    Ma nee, dat ass een Kräizermecher. Photo ET


Wéi den JC gekräizegt gouf (ca. 19 Deeg no JC).

Den JC hat alles am Viraus verkënnegt,
Hien wär d' Affer Lämmchen, mee hätt nie gesëndegt.
Den ongleewegen Mischi, dien huet näischt gegleeft,
Bis dëser Deeg, wou den JC bis op Berlin leeft.

Do war d' Angela mat enger Schuer vun Engelen,
Léisst d' Bundesverdienstkräiz virun him dengelen.(1)
Als Plooschter um Bauch, heelt et kranken Éiergäiz,
Mee d' Angela neelt den JC selwer un d' Kräiz.

Et war ee grausamt Spill, t' gouf Merkel an Maus gespillt,
Et war esou em Halloween, den Biesem stoung virun der Dier.
Beim ZDF gouf hien an eng Bidden gesat.
"Hellau, hellau" sot hien, t' gouf geschwat a geschwat.

T' gouf och eent lescht Abendmahl, mat Zopp an z' iessen,
Gesolpertes, an Jägermeister nit vergiessen.
Een Thüringer, an Schweinshaxen mat Sauer Mouss,
Spätzle, Rotkohl, et ass engem erëm gestouss.

Doheem spillt den Bettel Pontius Pilatus,
Mee den JC goung zum Hellegen Franziskus.
Well et gëtt jo een groussen Präis dien feelt him nach!
An dat wär, hien wär gär direkt helleg gesprach....

Elo sëtzt hien do am Altersheim mam Sarkozy,
Mam Blair, Idi Amin spillen se Monopoly,
Et geet hinnen awer gutt, wann Dir mech frot,
Well den Krecké sëtzt och do am Verwaltungsrot.

(1)Großkreuz des Verdienstordens der Bundesrepublik Deutschland, mit Stern und Schulterband, Adler maschinengestickt, sechsspitziger Brusststern links, mit Urkunde



No comments:

Post a Comment