Ass
dat do den Péckvillchen? Ma nee, dat ass een ASCHgeier. Photo ET.
De Mischi kritt eng op den
Popo
De Pressekonferenzen Mischi
hat am Héijen Haus,
Een Fuerz queesch sëtzen,
dien krut en nit eraus.
Hien goung dunn poulriicht
op den Justin Turpel duer,
An do ass him jo nit eent ellent
Wuert entfuer.
Den Péckvillchen hätt dat
nie iwwer t’ Lëpsen krut,
Well een Péckvillchen jo bekanntlech
een Schniewel huet.
Dir fannt dat Wuert verstoppt
an aneren Wierder,
Hei an der Geschicht, mee kaum an den Chambers Blieder.
Et war en dASCHdeg, an et
war kal wéi am Wanter,
An zielt hien senger
Oppositioun eng nei Spiicht,
Huet en knASCHteg gelaacht, an
seng Strass huet geliicht.
All déi nei Deputéierten
waren zu GaASCHt,
A waren frou wéi den
BaASCHtgen an der HaASCHt.
Well herno geet et op de
kASCHt, t’ gëtt nit gefaASCHt,
T’ gëtt pASCHtéiterchen an souguer
een NonnefASCHt.
Do koum eisen nationalen
LaASCHt nit derlaASCHt,
An huet sech bis bei den
Justin Turpel getaASCHt.
“ Ah bass Du pASCHtouer och
lo hei!“ sot hien dunn,
Well hien hätt gär dien
Neien duerch den Kaka gezunn.
Dat huet geSCHAalt (1) wéi
wann hien een gudden brummt,
Souguer den Zarathustra,
dien hätt sech geschummt.
Hien huet dat am aASCHt
gesot, keng Spuer vun BlamASCH,
Géint t' Klo iwwert Haissis Spréch
sot hien et war am SpaASCH.
An der Chambre des Déculottés
bléist een neien Wand,
Transparent weist hien saïn
Blousen dem ganzen Land.
Mee haut sinn se schonn erëm
all een Kapp an een ASCH,
Wat eng Ried! Ech sinn bal
op mäin Hënneschten gefall. (2)
(1)
Dat
asch natierlech phonetesch ëmgedréint.
(2) Do konnt Ech
mech bASCHten we’i Ech wollt, vun hannen no vir:
Ech hunn gekeimt, mee mam bASCHten Wëllen, t ‘huet näischt gereimt.
Ech hunn gekeimt, mee mam bASCHten Wëllen, t ‘huet näischt gereimt.
No comments:
Post a Comment