Sunday, April 28, 2013

Marie-Josée, Wimboe



Ass dat do den Péckvillchen? Nee dat ass den Premier dien een neien 
Minister begréisst. Photo ET, ëmmer derbei!

Marie-Josée, Wimboe

Dem Urwald ass déi traureg Nouvelle schonn bekannt,
Se soen den Juncker hätt d' Marie-Josée verbannt !
Den Tarzan jäizt: " Yahoohohohoyahooo,
A wien bréngt eis d' Entwécklungshëllef dann elo?"

De Léiw sot zum Hunn, gëff Du mir séier eng Pëll,
T' leeft alles schief, mir sinn a bleiwen wat Ech wëll!
Ouni der Tatta Marie-Josée hir Schecken,
T' wär schlëmm, O nee, Wimboe, Ech kennt frecken!"

Sou sot de Léiw, an dunn huet en sech hi geluecht,
Den Chagrin huet den Entwécklungs Kinnik geschluecht,
An dem Spautz säin Jong hëlleft elo mat sangen,
"O  Wimboe, ma Ech sollt dach do asprangen!"

Maacht emol lues, fir d' éischt gëtt Sproochen geléiert,
"Loaka ya Lëtzebuerg"  distribuéiert.
An dann gëtt nach geimpft, ee Pass, an trainéiert,
Ier een mam Scheckbuch duerch d' Welt spazéiert.


Wednesday, April 3, 2013

Maybolli 17



    Ass dat do den Peckvillchen? Gewass! Photo ET
    
Maybolli 17

Ënnert dem Wort sengem ganz héijen Patronat,
Huet den Bolli des Laangen an Breeden geschwat:
"Wann een wäit ewech wunnt, dann muss een wäit fueren,
An deen Stress vum Fueren hannerléisst dann seng Spueren."


Wort.lu - LW-Fokusthema: “Betreuung bei psychischen Problemen ist mangelhaft”

http://bcove.me/n6alco8j




De Monni Dokter huet eis aus dem Haerz geschwat,
Ech bleiwen awer iwwer Maybolli entsat:
Dat sinn eng néng Joer al Geriichtsaffairen (1),
An déi zwéin Hären verschleefen dat gären.

Mee no néng Joer huet een eng Brickett agehäit!
T' schéngt dien eeleften Juni ass et esou wäit.
A moins dass d' Geriicht nach Ausfliicht acceptéiert,
Kréien déi zwéin den Code Penal buschtawéiert.

De Péckvillchen hofft dass déi nächst Video seet,
Wéi dat mam Stress dann mat engem Krankeschäin geet?
Kuckt Iech hei alt schonn déi zwou Ënnerlagen un.
Et wäert jo awer nach keen Iech krank gemellt hunn?





(1) Kuckt och Maybolli 1-16










Monday, April 1, 2013

De Péckvillchen tweet op der Éimaischen


    Sinn dat do Péckvillercher? Nee, eng schappeg Imitatioun. Photo ET.


De Péckvillchen tweet op der Emaischen

Haut ass een wichtegen Dag fir den Péckvillchen,
An duerfir tweet hien elo iwwert d' Emaischen.
Wann Kleng an Grouss all haut hiren Péckvillchen hunn,
Schwëtzt den Péckvillchen houfreg wéi een Hunn dovun.

Wednesday, March 27, 2013

Kommt mir bauen eng Kris !


    Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee. dat ass eng Troika, 
    mee zu fënnef. Photo ET

Kommt mir bauen eng Kris !

Dir sidd jo d' Accord: mir sinn dach keng Idioten !
Mir léieren am Nu vun den Zyprioten.
Déi kruten eng Zort Certificat Médical,
Dien sot t' wär an der Rei fir een Bank Iwwerfall.

Dat doten loossen mer eis keng zweemol soen!
Awer ir mer lo blannemännches draschloen,
Do brauchen mer emol fir d' alleréischt ee Plang.
Dann plënneren mer d' Banken op de leschte Frang.

Mir sinn zwar schonn déi räichsten Bierger op der Welt.
Mir wëssen awer och, t' huet een nie genuch Geld.
An duerfir, kommt mer sinn nit esou zyperlech.
Well mir maachen eis dann mam schwaarzen Geld ewech.

Hei de Plang: verspreet äert Geld iwwert e puer Banken,
Nie méi wéi honnert Mille am Euro oder Franken.
Dann hutt Dir iwwerall d' Konten garantéiert,
Well ënnert honnert Mille keen een Su verléiert.

Dann gi mer hin an soen d' Land wär schrecklech krank,
Déi eenzeg Rettung wär al d' schwaarzt Geld an der Bank.
T' geet jo op e puer dausend Milliarden nit un.
Gedeelt kritt jiddereen aacht Milliounen dovun.

An d' Troika feiert dann eisen Coup och mat,
Se zielen d' Suen mat an drénken nach ee Patt.
Lagarde an Barroso baatschen mat der Gäissel.
An den Dijsselbloem dréit eng Blum um Täissel.

Saturday, March 16, 2013

Den Andy Schleck drénkt näischt, wann Iech ge Lift, nach eng Tournee.


Ass dat do den Peckvillchen? Ma nee, dat ass den Le Borgn mam 
grengen Aandeckel. Poisson d' Avril ! Photo ET, Münchener Hofbräuhaus. 


Den Andy Schleck drénkt näischt, wann Iech ge Lift, nach eng Tournee. 

Mäi léiwen Jojong, Hick, dien hei, dien hei, dien hei,
Dat Vëlo, ma nee, dat wëll Ech elo,  elei,
Verstees te, Vëlo, elo, elei , fréck, hahaaa!
Gesoff öh, gesot hunn, dien hei drénkt näischt, basta.

Ffffro den Garçon hei, dréchen wéi de Mont Ventoux,
Nach epps, dien blannen Fransous goung mir op den Su,
Ech wollt just kucken op den Le Borgn nach gesäit,
A sot dréckt den eelef fir mech Monsieur, wann dat geet.

De Le Borgn huet gebiicht an geroost an getaascht,
Hien dréckt iwwerall an et gong ëmmer derlaanscht.
Als Beweis wat richteg geschitt ass, kuckt mol hei,
Et ass dien neitsten Lift an deeër Brauerei.











Tuesday, February 19, 2013

Maybolli 16


    Sinn dat do déi zwéin? Nee, an et ass och keen de Péckvillchen.


D' Maybollien déi haten jo gudder gestiicht,
An duerfir stoungen Se d' lescht Woch virum Geriicht.
Déi zwéin? Ma jëmmen a gewëss do feelt jo een!
Hien wär gären komm mee ass krank wéi ee Schwäin.

Sou em d' Fuesent geet een bei den Dokter Floretti,
Dir wësst , dien schreift Krankeschäiner wéi Konfetti.
D' Geriicht sot wéint dem Konfetti  Zertifikat,
Gëtt alles op den eeleften Juni versat.

D' Maybollien laachen sech den Porsche kapott.
Méi einfach geet et jo kaum soen Se am Spott.
Déi haten Se awer deemools gutt gedréint !
Wien hätt geduecht dass néng Joer näischt un Sie kéint ?

Thursday, January 3, 2013

T' ass Neit Joer an den Juncker dien ass erëm do!


Ass dat do den Péckvillchen? Nee, dat ass den "Consolidatrix Afflictorum" 
beim consolidéieren. Photo ET


T' ass Neit Joer an den Juncker dien ass erëm do!
Op RTL beäntwert hien keng enzeg Fro.
Dann  gëtt hien dem Wort een Interwiu
A schléit dat platt wéi ee platten Su.

Am Ausland huet hien een nei Wuert geléiert,
Hien gebraucht iwwerall "consolidéiert".
Gespuert, gelunn, verschass an investéiert,
D' Litanei sengt sech elo mat "consolidéiert".

Wéi ass et mam Budget? Consolidéiert!
Wéi ass et mam Index? Consolidéiert !
Léiwéng an Cargolux? Consolidéiert!
Deontologie' s Code ? Consolidéiert!

Wien et laang huet dien léisst et laang hänken,
Eis Regierung dréckt sech op den Bänken.
Wann een alles laang genuch leien léisst
Consolidéiert et sech, Problem geléist.

D' Cargolux mécht dann eben demi-tour,
Den Frieden hat se jo bal futti gefuer.
D' Jacobs léisst sech heemlech am Urwald feieren,
Consolidéiert mat eisen Steieren.

Den Bashar-al-Assad ass alles sat,
Den Ass-el-Born huet deem schéin d' Flemm gemat.
Syrien gëtt elo consolidéiert
Wann Lëtzebuerg d' Grande Region annexéiert.

Merkel, Hollande,Europa sinn wéi dervun.
Sie duechten den Juncker bleift, hien hätt gelunn,
Mir tréischten se, well laut sengem neien Numm
Ass hien d' Consolidatrix Afflictorum.