Showing posts with label Maybolli. Show all posts
Showing posts with label Maybolli. Show all posts

Wednesday, April 3, 2013

Maybolli 17



    Ass dat do den Peckvillchen? Gewass! Photo ET
    
Maybolli 17

Ënnert dem Wort sengem ganz héijen Patronat,
Huet den Bolli des Laangen an Breeden geschwat:
"Wann een wäit ewech wunnt, dann muss een wäit fueren,
An deen Stress vum Fueren hannerléisst dann seng Spueren."


Wort.lu - LW-Fokusthema: “Betreuung bei psychischen Problemen ist mangelhaft”

http://bcove.me/n6alco8j




De Monni Dokter huet eis aus dem Haerz geschwat,
Ech bleiwen awer iwwer Maybolli entsat:
Dat sinn eng néng Joer al Geriichtsaffairen (1),
An déi zwéin Hären verschleefen dat gären.

Mee no néng Joer huet een eng Brickett agehäit!
T' schéngt dien eeleften Juni ass et esou wäit.
A moins dass d' Geriicht nach Ausfliicht acceptéiert,
Kréien déi zwéin den Code Penal buschtawéiert.

De Péckvillchen hofft dass déi nächst Video seet,
Wéi dat mam Stress dann mat engem Krankeschäin geet?
Kuckt Iech hei alt schonn déi zwou Ënnerlagen un.
Et wäert jo awer nach keen Iech krank gemellt hunn?





(1) Kuckt och Maybolli 1-16










Tuesday, February 19, 2013

Maybolli 16


    Sinn dat do déi zwéin? Nee, an et ass och keen de Péckvillchen.


D' Maybollien déi haten jo gudder gestiicht,
An duerfir stoungen Se d' lescht Woch virum Geriicht.
Déi zwéin? Ma jëmmen a gewëss do feelt jo een!
Hien wär gären komm mee ass krank wéi ee Schwäin.

Sou em d' Fuesent geet een bei den Dokter Floretti,
Dir wësst , dien schreift Krankeschäiner wéi Konfetti.
D' Geriicht sot wéint dem Konfetti  Zertifikat,
Gëtt alles op den eeleften Juni versat.

D' Maybollien laachen sech den Porsche kapott.
Méi einfach geet et jo kaum soen Se am Spott.
Déi haten Se awer deemools gutt gedréint !
Wien hätt geduecht dass néng Joer näischt un Sie kéint ?

Wednesday, June 8, 2011

Maybolli platzt de Kolli.


"Mertt" sot de May, "Ech sinn rosen wéi de Juni",
"Wéi, wat" sot de Bolli, "Ech krut dat do net mat".
"Ma hei, kuck hei", sot de May, "dat doten gleefs De nie!
Lo geet den Egide hin a schreift an d' Tageblatt!" (1)

"A sou," sot de Bolli, "Ech sinn dann awer frou,
Fir mol erëm eppes vun Him ze héieren!
Wéisou mécht dat Dech esou rosen wéi eng Kou?
Franséisch Artiklen sollen Dech dach net stéieren!"

"Mon cher" sot dunn de May, "Ech verstinn nach genuch,
Fir ze gesinn dass mir am Artikel feelen.
Dat ass eng Gemengheet, dat ass fir mech e rout Duch,
Dien geet einfach hin eis Initialen stielen!"

"Do geet Rieds vum DSK, ET an dem RG,
Eis CB an FM sinn gestrach als drëtt Klass.
An dann zum Schluss seet Hien och nach C.Q.F.D.
Ech huelen alt un dass dat eng gutt Frechheet ass."

"Sou gekuckt ass keen dien dat acceptéieren géif",
Sot dunn de Bolli, "mir sollen eis do net ginn!
Wéi wär et dann mat engem anonymen Bréif,
An deem mer drop halen fir eis Nimm ze gesinn."

Wednesday, October 14, 2009

Maybolli 14


"Bolli du weess alt wat Ech gären hätt
Mat fofzeg wär Ech gär an der Préretraite.
Ech hätt dat am léifsten esou gedréint.
Dat herno mol keen Hunn méi duerno kréint."

"Am beschten" sot de Bolli, "Du wiers krank,
Mais Du gesäis nit aus wéi Haut a Schank.
Krankheetshalber heescht dat, dat géing an d' Rei,
Du bléifs doheem an d' Kees bezilt Deng Pei."

"Ech sëtzen jo do am Verwaltungsrot
Ech hëllefen Dir gär mat Rot an Dot.
Ouni Krankeschäin awer geet et nit,
Ech kucken emol wéi een esou een kritt."

"Ma dach Bolli," sot de May, "Ech sinn krank,
Ech packen et just nach bis virun d' Bank.
Da ginn d' Schudderen mer duerch de BMW,
Du mengs een Héngerjuck wier ënnerwee."

"Dat geet mer duer, elo weess Ech genuch,"
Sot de Bolli, "elo kënnt de zweeten Zuch.
Mir soen Du häss eng ganz schro chronesch Kränkt,
Du hues Der d' Loscht fir ze schaffen verrenkt."

"Mais wien schreift de Certificat Médical?
Wann Ech een Schreiwen, dann meckren se'i all.
Déi gesinn eis stonnelaang am Bietschee baffen.
D' Leit froen, a wat sollen déi zwéin do schaffen?"

"Am beschten geess De bei den Dr Floretti.
Deen schreift Krankeschäiner wéi Konfetti.
Du brauchs deeër eng Dosen, vläicht nach méi
Da schaukelen mir d' Kënnchen an der Wéi."

"Oh Dr Floretti, Ech sinn esou krank,"
Sot de May, "Ech fäerten t' läit un der Bank."
Den Dr Floretti sot: "Gudden Mutt!
Ech fäerten ganz Dir gitt ni méi gutt."

"Ech schreiwen Iech elo ee Krankeschäin,
Fir eng ganz drësseg Deeg sidd Dir da fein.
Gidd awer roueg eraus ënnert d' Leit.
Bleift nëmme nit doheem wéi ageschneit."

"Gitt schéin virun d' Dir ee Maufel iessen,
Am Bietschee kënnt Dir dann d' Bank vergiessen.
A véier Wochen kommt Dir dann erëm.
Eemol de Mount dat ass jo guer nit schlëmm."

"Freck" sot de May, "all Mount zwou Minutten!
Deen Dr Floretti kritt vill Rekruten.
Krankeschäiner, Ech brauch eng Kollektioun,
Bis dass et der genuch sinn fir d' Pensioun."

De Bolli sot, "Du mengs dat géif et nit,
Mais t' ass esou, wien näischt freet deen näischt kritt.
An Ech sinn an der Krankekeess doheem.
A wat huet de May dann, dat freet jo keen!"

"An d' Bank seet bestëmmt, deem si mer gutt lass.
Du wäerts jo gesinn, keen hält Dir de Bass.
Et brauch ee just ee bësschen Protektioun,
Da bass De ënnerwee fir an d' Pensioun."