Ass dat do
den Péckvillchen? Nee, dat ass den "Consolidatrix Afflictorum"
beim consolidéieren.
Photo ET
T' ass Neit
Joer an den Juncker dien ass erëm do!
Op RTL beäntwert
hien keng enzeg Fro.
Dann gëtt hien dem Wort een Interwiu
A schléit
dat platt wéi ee platten Su.
Am Ausland
huet hien een nei Wuert geléiert,
Hien
gebraucht iwwerall "consolidéiert".
Gespuert,
gelunn, verschass an investéiert,
D' Litanei
sengt sech elo mat "consolidéiert".
Wéi ass et
mam Budget? Consolidéiert!
Wéi ass et
mam Index? Consolidéiert !
Léiwéng an
Cargolux? Consolidéiert!
Deontologie'
s Code ? Consolidéiert!
Wien et laang
huet dien léisst et laang hänken,
Eis
Regierung dréckt sech op den Bänken.
Wann een
alles laang genuch leien léisst
Consolidéiert
et sech, Problem geléist.
D' Cargolux
mécht dann eben demi-tour,
Den Frieden
hat se jo bal futti gefuer.
D' Jacobs léisst
sech heemlech am Urwald feieren,
Consolidéiert
mat eisen Steieren.
Den Bashar-al-Assad
ass alles sat,
Den
Ass-el-Born huet deem schéin d' Flemm gemat.
Syrien gëtt
elo consolidéiert
Wann Lëtzebuerg
d' Grande Region annexéiert.
Merkel, Hollande,Europa
sinn wéi dervun.
Sie
duechten den Juncker bleift, hien hätt gelunn,
Mir tréischten
se, well laut sengem neien Numm
Ass hien d'
Consolidatrix Afflictorum.
No comments:
Post a Comment