Sunday, January 16, 2011

Den Hansli Juncker ass een Schwäizer!


Ech sot näischt, hien huet dat selwer gesot,

Hien huet gesot "ech sinn dien gréissten Schwäizer!"

Dat ass net bescheiden wann Dir mech frot,

D' Cap an d' Schwäiz kruten Fändlen mat Kräizer.


Mir duechten, hien geet dien Blocher beetschen,

Lo kritt dien emol den Füddli gehaen,

Do ginn déi zwéin sech een Débat leeschten,

Séi hunn sech alle béid sou gutt verstan.


Elo huet den Juncker ee Schwäizer Pass,

Wéi all déi aner Jünger vum Rütli,

Hans-Kloot Juncker hunn Séi 'm als Numm verpasst,

De Wilhelm Tell nennt hien schonn den Hansli !


Déi ganz Schwäiz verléiert hei de Verstand,

Sengt vum groussen Här aus dem klenge Land:

Wenn I numme wüsst wo üse Hansli wär,

Üse Hansli chunnt vo Adelbode her,

Adelbode isch im Luxemburger Land,

Ds' Luxemburger Land isch schö-ö-ön,

Wie ds'Oberland ja ds'Oberland,

Wie ds' Bärner Oberland isch's schön.


Lëtzebuerg gëtt erëm ganz neutral,

An den Te Deum ginn mir jodelen,

An d' NATO and d' NAMSA sinn eis egal,

Mir sinn amgaang d' Arméi ëmzemodlen.


Aus Europa gëtt démissionéiert,

Déi wollten keen Hansli als President.

Da kann Lëtzebuerg ganz ongenéiert,

Dat maachen wat et am beschten kennt.


Saturday, January 8, 2011

Eng Kolonn Colonellen


Et wor eemol een Grenadéier,

An Colonel gouf hien genannt.

Hien war also een déckegt Déier,

A war a Stad a Land bekannt.


Mais voilà, de Schiltz, säin Minister,

Huet näischt vun der Arméi kannt.

Hien sot dien Zaldot ass ze sinister,

Op Helleg Geescht gëtt hien verbannt.


De Minister koum schlau vun hannen,

Huet eng Fal an eng Reform geschlach,

Sou konnt hien de Ries iwwerwannen,

A späert hien an eent däischtert Lach.


De Colonel ass een dien guer nit fäert,

Hien baupst op, dat geet jo net!

Här Riichter Ech hätt dien gär ergäert,

Oder léinen Ech Iech mäin Bajonett?


D' ganzt Land kuckt an hält den Otem un

d' Operatioun Afghanistan,

wien hëlt sech dann deeër elo un,

wann mir heiheem Kuddelmuddel man?


Keng Angscht léif Leit dat wäert schonn goen,

Mir hunn jo een neien Minister.

Dien schéngt jo och schonn ze verstoen,

wat mir dann lo do maachen missten.


Hien sot Ech brauch zwéin Kommandanten,

een dien den Krich an Asien wënnt,

An dann nach een als Gesandten,

Wann Neibelgien un Lëtzebuerg kënnt.


Mir marschéieren elo op zwou Kolonnen,

Chasseur Ardennais an Sherpa.

Ass den Krich dann endlech gewonnen,

Kënnt een neien Kommando op Spa.

Sunday, January 2, 2011

Estland, rembourséiert Kyoto.


Am Uewen potert d' Feier

D' Stroossen sinn spi-i-ggelglaat.

Schnéi an Eis bloufen leien,

Well guer keen méi Streesalz hat.


D' Regierung seet "Gudden Rutsch",

Séi hunn all Summerpneuen,

An ass mol d' Toyota futsch,

Wien soll dat dann bezuelen?


Well Dier erënnert Iech all:

Mir man d' ganz Welt sou waarem,

Dat huet kascht an dësem Fall,

Milliounen, t' mécht eis arem.


Estland wou keng Schminnie dämpt,

Verkeeft d' Recht ze verknaschten,

Déi hunn eis dobäi schéin gekämmt,

Kyoto deet een baschten!


Drësseg Milliounen Euro,

kascht dien Spaass um Pabeier.

T' ganzt Land rifft Bravo, Bravo!

Fir d' Ëmwelt ass näischt ze deier.


T' huet gewierkt, t' gouf schrecklech kal,

Eisen Planet ass gerett.

Estland, dat ass genial,

Rembourséiert, lo an zwar nett!


D' Neit Joer geet et erëm wéi fréier

Mat hëtzen gëtt guer nët gespuert.

Dann rutscht een nët sou séier,

Wann Dir mat glaten Pneuen fuert.

Wednesday, November 17, 2010

D' Ballade vun den Sechzeg Zéiwen.


Zwéin Ministeren, eng Ministerin

Soten, d' Lëtzebuerger hunn ze vill Speck.

A vläicht missten mir dann emol gesinn:

T' géing duer all Joer mat just engem Steak,

An engem gudden Dëppchen Kuddelfleck!

An wann Dir mengt dat wier eng Topegkeet,

Dann lauschtert gudd, dat heescht Nohaltegkeet.

Eisen Footprint dien bräicht sechs Planeten!

Mir jicken, baffen voll Gléckséilegkeet,

Mir klaken einfach ze vill Moneten.


Séi soten dat do muss sech elo ginn!

Déi sechs Planeten dat ass kee Geck.

Well mir dann mat zwielef Been do drop stinn.

T' mécht sechzeg Zéiwen a zwielef Féiss. Freck!

Ech kafen dem Gilly säin Schongbuttek!

Sechzeg Zéiwen, dat ass kéng Klengegkeet.

Et ass wichteg dass jiddereen versteet:

Et gëtt Zäit emol sérieux ze faaschten,

Ier d' ganz Welt nach op eemol ënnergeet,

Oder mir vum Grenghausgas nach baschten.


Mir no ass dat ganzt eng Ieselzegkeet,

Mat zwielef Been, e päift a fort et geet!

Mir géingen d' Spuenier am Fussball biischten,

Medailen wannen wou et nëmmen geet!

De Schleck um Vëlo géing wéi eng Rakéit.

Jiddereen kéim am Schrëtt wéi sechs Zaldoten.


Sunday, November 14, 2010

D’ Gëlle Fra gouf entfouert!


Iwwersaat aus dem Chinesischen vum Egide Thein.


"Ech sot Iech Yo, Shanghai gëtt ee Sük- Sä!

Eng Mill Joun Loetz Tse Buerger Wa-ren do.

An ee Puer Ja Louser, et waren op d’ mannst dräi,

Gou Fen meng Ngem Feind, dem Präis den éischten Pläis."


"Mae Tsing Mill Joun-Nen Shin-Nee-Sen Kou-Men Mech Kuk-ken

Ech sot Hin- Nen "Wëll–Kom Tsu Loetz Tse Buerg!"

Dann hunn se ugefaang Tse Ba Luk Ken."

« Mir Kom Men all, maach dir do guer keng Suerg."


Ech war ee Star, Kameraen hunn geblëtzt,

Journalisten an Typen vun Hollywood,

Déi all Gou Fen op mech gehetzt:

Vick To Rias Tsii Krit an Clint Yist Wutt.


"Wëll Komm!" jäitzt op eemol ee wëlle Monn,

"Dien Hai deelt nit Hal-Lef an Hal-Lef

D' Gëlle Fra ass meng, Hai ass meng Stonn!"

"Ma sot deem Ochs Ech wär keen Gëlle Kallef!"


"Hëllef! O Mamm Ech weess et nit Tse Soon

Wou Sei mech dann elo rëm dinn!"

"Hänts App! Gëlle Fra" Jäitzt de wëlle Monn,

"Du Bass Lo Mein, Du muss dech Er-Ginn."


"Ech fäerten, wat huet dien Wëllen alles Wëlles?

Hien huet mech an eng Plastiks Scheier geschleeft.

Kaum aus der Këscht eraus, koum die Bëlles.

Et Ass Keen Shin Nees, sot mir wat Hai Leeft ?"


"Méint laang Wor Ech Golden Lady Tsu Shanghai

Tsing Mill Joun Nen Shin Nee Sen hu mech Be Kukt

Dun So Ten Se Fun Hai Geng Ech op Sheng Ngen.

Tse Sum Men Mam Ge Bai dat Sou Ba Lukt!"


"No Men Ngem Sük Sä ass dëst Eng Blamm Aasch.

Aus der Këscht Kom Men Ech An Eng Shai Er

An Wéi et Shengt Ass dat Tsu Basch Shar Aasch

All dat Do Ten Klengt mir Nit Ge Hai Er."


"Ning Dau Send Kom Men Kuk Ken," sot de Bretzaasch.

"Sou Vill Pass Sen Yo Nit an Seng Shai er

Tsu Shang Hai hat Ech Nach Vill Méi Pass-Aasch

Sii Wen Mill Jou Nen steet Um Pa Bai Er."


Eis Gëlle Fra Ass Keng Lady Gaga,

Séi huet ee Plang fir de Wëlle Monn:

Et Ass Jhoust den Wu-Fank Vun der Saga,

De Wëll Le Monn Ass nach Laang Nit Ge-Wonn!


"Den Ee-Jit hat Mein Numm falsch Iwwer Sat.

D’ Plak Kat sot “Boe Sicht mech Tsu Loetz Tse Buerg"

Dat huet sech iwwer All erëm Ge-Shwaat.

Ge Nau Dat Gëtt dem Wëlle Monn Seng Suerg!"


Ning Mill Jou Nen Shin Nee Sen Sin Shon ënnerwee.

Se Stin Shlaang fir ee Visa Tsu Sheng Ngen.

"Déi Tséi-Hen mech dann Hai raus aus Dem Hee,

De wëllen Monn kënnt An d’ Këscht fir Shanghai."


Wednesday, May 5, 2010

D' Ballade vun de Fënnef Fangeren.

Oder: Den décken Daum um Index.

Aus dem Franséischen iwwersat vum E.T.

De klengen Fanger sot: "Voilà, eng Rezessioun!
Mengt net een Auriculaire wär do frustréiert!
Pas du tout, an Ech ginn Iech hei eng kleng Lektioun,
Wéi een esou eng Mésaventure kuréiert.
Mat ganz vill doigté gëtt elo hei manövréiert,
D' Discussiounen ginn ganz einfach pasteuriséiert.
Fini de cache-cache dien eis paralyséiert:
Den décken Daum um Index gëtt ageféiert!"

"D' Fangeren ewech vum Index, guer keng Concessioun!"
Soten d' Syndicat'ën, déi ganz ongenéiert
Menacéiert hunn mat enger Demonstratioun,
Frech de Mëttelfanger exhibitionnéiert,
An mat deem béisen Fanger d' ganzt Land beléiert.
An well d' Patronat jo och kee Fanger réiert,
Sinn d' Forces vives de la Nation ganz bouleverséiert.
Den décken Daum um Index gëtt ageféiert!

An leschter Minutt fënnt sech eng Solutioun:
De Juncker kënnt spéit heem an offeréiert
Eng Issue surprise, déi kascht kee Spoun!
Aus dem Arem gerëselt huet hien proposéiert:
Den freien Transport fir all gëtt garantéiert.
D' Griichen hätten dien Projet subventionéiert.
Mir hunn alt erëm fir näischt demonstréiert!
Den décken Daum um Index gëtt suppriméiert!

Den Annulaire houscht lues an ganz distinguéiert,
"Keng nei taxe gëtt op mengem bijou levéiert?
Dat hätt mech och terriblement dérangéiert!"
Daum an Index sinn béid exkommunizéiert!