Wednesday, August 6, 2014

MUDAM: Euthanasie fir een Piano



















Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee, dat ass een Fligeladjutant. 
Photo: Péckvillchen Vill Harmonie

MUDAM: Euthanasie fir een Piano

Zu Lëtzebuerg  just vis-a-vis vum Siegfried's Schlass,
Steet den Pei Museum, wann dat een Museum ass?
Well do war der Deeg een groussen Match ugesot,
T' ass also éischter eng Sportshal, wann Dir mech frot.

Lenks am Eck, den Raphael Montañez Ortiz,
Géintiwwer dien alen Fligel vum Horowitz.
Den Piano huet mat all sengen Zänn  gelaacht,
An dat huet den Ortiz schéin schwäirosen gemaacht.

"Haalt dach een mech un soss schloen Ech dien do freckt"
Huet hien gejaut. D' Leit hunn sech d' Fangeren geleckt.
"Den Fligel huet ugefaang, hien huet mech verstëmmt!
Ah Du gëss Dech nit, dann gëss De op d' Long gefëmmt!"

An do kënnt och schonn den Ortiz wéi een Wëllen,
An enger Hand eng See, der aner ee Bëllen.
Laut Dokter Freud hat dien keen Solfège geléiert,
An duerfir gëtt lo den Fligel massakréiert.

Mat knaschteger Laach kënnt en mat der schaarfer Kant,
Vun der Aaxt glat iwwert den Klawéier gerannt.
An Pang! do schléit en dann  den Klawéier schaardeg,
Mee domadder ass d' Attack nach laang nit fäerdeg.

Den Piano huet nach just e bësschen geklimpert,
Mee dunn op eemol huet d' Motorsee gewéimert.
Wéi eng Pizza schneit en den Deckel an Stécker,
T' ass eng Attack op den Symphonie Orchester.

Den Piano krut sech nie richteg gewiert,
An Ech froen mech op Dir dat och esou spiert,
T' kulturell Élite huet mam Ortiz gehalen,
Den Piano huet mussen op den Buedem falen.

De Buttek läit dorëmmer, d' Schluecht geschloen
Lauschtert, héiert Dir dem Piano seng Kloen?
Elo stinn Ech do als fréieren Fligeladjutant,
Beim futtechen Fligel, oh mäint aremt Land!

Den Motorsee Massaker bezuelt d' Regierung,
Den Ortiz hat mol keng Aarbechtsgenehmigung.
An och den Jang an d' UNO sinn awer echter!
Wat man déi dann fir dem Piano seng Rechter?



No comments:

Post a Comment