Ass dat do
den Péckvillchen? Ma nee, dat ass den Maestro. Photo: Festival Péckvillchen |
Den Péckvillchen um Casting fir Superstar !
Dir wësst jo
alleguer, wann et ëm Sangen geet,
Dass keen méi
dovun wéi den Péckvillchen versteet.
Duerfir goung
hien op "Deutschland sucht den Superstar“,
Well den
Casting-Truck jo haut grad um Knuedler war.
Besser ass
besser huet den Péckvillchen gesot,
An hien hat d‘
Erlaabnis bei "DSDS“ gefrot,
Begleet ze ginn
um Piano vum Horowitz,
Mee den
Péckvillchen ass een richtegen Meeschter,
Hien huet d‘
Stecker zesummegepecht mat Kleeschter,
Den Horowitz
sot: "Dien ass jo erëm wéi nei,
Mat deem wënnt
den Péckvillchen, dat geet schonn an d‘ Rei!“
"Jawoll“,
ass den DSDS Chef an d‘ Ried gefuer,
"Den
Péckvillchen ass Profi, duerfir Hors Concours.
Den Péckvillchen
kann zwar sangen, mee nit wannen.“
Den Horowitz
sot, "t 'ass eng Attack vun hannen !"
"Schon gutt
Vladimir, komm mir maachen hei keen Streit,
Dann gëtt lo
eben een Klassiker agehäit."
An zwitschert:
„Frot Dir no allen Säi -äiten hin,“
An et
re-zwitschert: "Mir wëllen jo keng Preisen ginn."
No comments:
Post a Comment