Ass
dat do den Peckvillchen?
Nee dat ass een Lëtzebuerger Frellen Fëscher, (LFF).
Photo ET
Luxembourg
for Finance kennt eppes vum Spueren
Am
Laksömbörg for Feinenz senger Broschür, (1)
For
Islämmick Feinenz, ee flott Stéck Literatur,
Gréisst
den Weis-Tschärmen vun der Londoner Deutsche Bank,
Hien
kukt ganz zefrieden wéi een Sukuk an d' Land.
Keen
Mënsch weess lo wien den neien Minister ass,
Well
am CSV Staat war et jo agerass,
Fir
direkt eng Millioun Broschüren ze drécken,
T'
wollt een jo d' Land éiweg mat sech selwer beglécken.
Mir
sinn awer frou wann d' nei Regierung wëllt spueren,
An
mat der aler Broschür wëllt weiderfueren.
A
wann et sou leeft wéi een elo schonn gesäit,
Ass
d' Deutsche Bank frou, et gouf näischt ewech geheit.
Well wann d' Deutsche Bank erëm an d' Regierung kënnt,
Gëtt
dann keen Centime fir eng nei Broschür verschwent.
D'
LFF huet awer muttwëlleg Geld verblecht,
Kuckt
d' Säit zéng an zwielef sinn genau déi selwecht!
|
Thursday, July 31, 2014
Luxembourg for Finance kennt eppes vum Spueren
Subscribe to:
Post Comments (Atom)
No comments:
Post a Comment