Saturday, September 30, 2023

Lëtzebuerger Walen: den LUQatar hätt gären dem Xav seng Plaz.


D’ Redaktioun vum Péckvillchen iwwerhëlt seng zivil Verantwortung fir de wëllen Wieler besser z’ informéieren. 





Den koum do mat dem Arm an der Schleng,

Et waren nit déi Blo, déi Roud, oder déi Gréng,

Nee sot hien, heiansdo schléit een mat dem Dësch op d’ Fauscht,

An dunn hunn Ech mer dommer weis d’ Handgelenk verstaucht.


Denav sot “deen do schléit gären vun uewen op den Dësch,

Vun ënnen erop ass besser, soss kritt een den Wësch.

An duerfir hunn Ech vill léiwer eng Tripartite,

Deen vun uewen mam Hummer, deem sinn d’ Leit lo midd.”        

 

“Et fänkt een keng Méck mat Esseg, mee mat Hunneg,

An hunn Ech fënnef Milliarden, kritt jiddereen eng Wunnecht.

Am Feierwon gouf et jo schéin auserneen geluecht,

Jo, dat hunn Ech an all deenen Joren fäerdeg bruecht!”

 

Denwellt zwar meng Plaz, mee kuckt op d’ Plakater,

Verzweifelt kuckt hien aus dem Tischört vum Qatar.

Beim Giorgetti hat hien Bolognaise gekacht,                                  

Mee d’ Paulette hat him d’ Soirée giedlech verbracht!”

 

D’ Paulette sot, “op esou eent Iessen ginn Ech nit,

Well een vun sengen Bouletten den Schësser kritt.”

D’Sam Tanson sot, “ ääh, Fleesch” an ass séier fortgelaf.

Dann awer léiwer eng Nutellas Schmier beim Xav.

 

Seng Qinneqlech Altesse den Emir selwer sot,

“Péckvillchen hal d’Maul, den Luq ass eisen Zaldot,

Den Luq muss wannen fir dass d’ Moschee am Duerf bleift !

An laut eisem Gesetz een demütegt Dasein dreift.”

 

Deen wëllen Wieler wäert wuel wonnerbar wielen,

Dann bleift just een op deen den Qatar kann zielen.

All déi aner ginn mam Xav an eng Tripartite,

Sou dat een dat Dengen schonn geschaukelt krit.

 

D’ Redaktioun vum Péckvillchen frot am Land erëm,

Den Xav ass deen beléiftsten, all wéilten hien als Eedem.

D’ Leit soen “ frot Dir no allen Sai-aiten hin,

Den Giorgetti soll nit kataresch ginn.”



Friday, September 15, 2023

Deen éischten qatareschen Qandidat fir Lëtzebuerger Premier

 



deen éischten qatareschen Qandidat fir Lëtzebuerger Premier

                                                  رئيس وزراء لوكسمبورغ القطري

 

 


D’ Redaktioun vum Péckvillchen iwwerhëlt seng zivil Verantwortung fir de wëllen Wieler besser z’ informéieren. 

Haut mam 

 




De war  zwar gewielt am Joer 2008,

Mee d’ Oppositioun duerno huet him nitt geschmaacht,

Hien hat nëmmen fir Staatsminister geléiert,

Et ass beschwéiert wann sou een d’ Walen verléiert.

 

Den Emir vum Qatar sot dunn een mir een Dir,

Mee duerfir schreifs De Dir dann Qatar op d’ Stier.                            

Déi Affär matt Qargolux déi war alt esou,

Mee Du goufs Eis jo och d’ BIL an d’ KBL derzou.

 

An hien huet dunn den bei d’ Deutsche Bank geschéckt,

Zu London hat hien ee Lach vun 6 Milliarden iwwerbréckt.

Den Evangelist LuQas hat schonns 2013 d’ Parabel erzielt,

Wou den  sot Ech kommen erëm wann der mech wielt.


 

Fir déi jonk Generatioun ass den  ganz friem,

Méi eeler soen hien hätt nach ëmmer een Knapp ze vill um Hiem.

Dat muss elo klappen, “Seng Qinneqlech Altesse versteet qeen Spaass,”

Sou sot den Al Bakr vun QR, “well SQA soss Qiqs Ass.”

 

An duerfir loosst den Péckvillchen Iech presentéieren,

Den ,hien mécht dem Qatar d’ Éieren,

Kuckt hien um Wisefest an op der Fouer do,

Mam Tropen Helm wéi den Tintin am Congo.

 

Den Emir sot, “wien ass Ilres, Ech kafen déi ”.

D’ Paulette sot “ déi Pëtrol Dollaren, dinn de Gréngen wéi !”

"Als Wäin Kinnigin fannen Ech dat eng Schnapsiddie,                          

Dan bleift just nach eng Koalitioun, cQfd."








Walen zu Lëtzebuerg. D’ Paulette ass déi allmächteg Kleopatra !

 



D’ Redaktioun vum Péckvillchen iwwerhëlt seng zivil Verantwortung fir de wëllen Wieler besser z’ informéieren. Haut mam Paulette.















Walen zu Lëtzebuerg. D’ Paulette ass déi allmächteg Kleopatra !


Der Ilres hir Ëmfro duerch Stad an Land,

Ass Iech jo bestëmmt schonn beschtens bekannt.

D’ Arithmetik ass grausam a seet ouni vill Tralala,

Den Arbitter des Kéier wär d’ Kleopatra.

 

D’ Paulette ass eist Kleopatra vun der Musel,

An seet t’ bleift beim Alen oder t’ kënnt een Wiessel.

Den Winston Churchill sot dem Péckvillchen dunn,

“Gleeft kengem Ilres, à moins  en selwer gefälscht ze hunn.”

 

All gesinn se Pyramiden déi laanscht d’ Musel stinn.

Um Apex uewen setzt souverän eis Kinnigin.

Den aachten Oktober owes huet Sie d’ Soen,

Huet een vun Iech dann elo nach Froen?

 


Well deen wëllen Wieler wielt seng Hieroglyphen,

Hir Profiller no lénks an riets, souguer een Schifen.

Mam Ibis, Fallek, oder mam Wollef um Kapp,

Bis dohin hält d’ Kleopatra se all um Trapp.

 

D’ Pyramiden kucken no allen Säi-äiten hin,

Vun iwwerall wäert Dir dann Dräiecken gesinn.

Dräi Ecken laut Orakel weist eng Dräier Koalitioun,

Alles aneschters wär jo eng Feelkonstruktioun.





Saturday, September 9, 2023

D’ Lëtzebuerger Walen 2023 ginn um Vëlo gewonn. Jo, op der Bicyclette mam Paulette.

 Péckvillchen Selfie

 










D’ Lëtzebuerger Walen 2023 ginn um Vëlo gewonn. 

Jo, op der Bicyclette mam Paulette.

 

Den aachten Oktober wielen mir aner Demokraten,

Alt erëm déi selwecht wéi déi mer schonn haten!

Sie sinn elo all gréng an fueren mam Vëlo,

Zu Méchela am Kostüm, Krawatt a Platz vum Maillot.

 

Mee am September ass deen groussen Kriterium,

Dann trieden se all an hirem Maillot un,

Virop d’ Paulette mam Vëlo ouni Staang,

Dann déi aner, mee den Luq ass ofgehaang.

 

Den Xav wär nawell een gudden Kandidat,

Well hien hat schonn zweemol dat Mandat.

An hien huet e puer grouss Klassiker gewonn,

Wéi der Kierch am Staat hir Separatioun.

 

Am Peloton läit hien sécher ganz fir,

D’ Läit klappen begeeschtert op der Viischter Dir,

Mam Vëlo fueren se all em den Bräi,

Um Xav sengem Maillot steet Gambia Dräi!

 

Der Redaktioun vum Péckvillchen ass d’ Sam Tanson bekannt,

Als Stagiaire beim Jean Wagener huet et May-Bolli enttarnt.

Dem Sam säin Problem ass, se sinn all elo Gréng,

An deng Stemmen vun des läscht, sinn elo meng.

 

Den Luq läit hannen dran an mengt hien wär vir.

Op sengem Maillot steet QATAR hannen an vir.

Hien huet een Luxus Vëlo, ee Geschenk vum Becca,

An seng Equipe gouf trainéiert zu Doha.

 

De Juncker sot: ”den Luq versteet näischt vun Politik”.

Mee awer schonn e bësschen vun elektoraler Arithmetik.

Wéi all déi aner hofft hien dem Paulette ze gefalen,

An sengt “J’ oserai demain” soss bleift alles beim Alen.


Monday, April 10, 2023

Péckvillchen Made in Florida

 

Eng Galerie vun Péckvillercher déi an Florida gebak goufen vum Françoise-Marie Thein, Member vum Comité Editorial vum Péckvillchen, dem Literatur Evenement.


















Wednesday, February 2, 2022

Xavier Bettel Copy & Paste, Xavier Bettel Copy & Paste, Xavier Bettel Copy & Paste

 




Xavier Bettel Copy & Paste, Xavier Bettel Copy & Paste, Xavier Bettel Copy & Paste ......

        Nanzeg schléisst sech dem Péckvillchen sengen Conclusiounen un


Dëser Deeg huet den Obama dem Péckvillchen gesot,

Hien hätt den Biden iwwert déi Affaire mam Xav gefrot,

Mee den Joe huet dat warscheinlech ënnerwee vergiess,

Duerfir huet den Barack et alt am Péckvillchen gelies.

 

“ Mä Barack, den Xav huet seng Thes méi séier geschriwwen,

Wéi mär se liesen kënnen, do ass näischt iwwerdriwwen.

Et wär nëmmen Copy & Paste gewiescht soen d’  Leit.”

Et wär nëmmen Copy & Paste gewiescht soen d’  Leit.

 

De Péckvillchen als investigativen Journalist,

Weess jo dat een alles hannerfroen misst.

“Här Premier, Här Staatsminister, Här President,

Wéi kennt et dat elo jiddereen Iech Fuddeler vernennt?”

 

“O Péckvillchen, Dir sidd eis wichtegst Publikatioun,

Ech ginn Iech gären meng ganz transparent Versioun,

Et ass alles Fake News an Desinformatioun,

Ech erliewen dat mat schrecklech viller Emotioun!”

 

“Déi Geschicht ass elo méi wéi zwanzeg Joer hier,

D’ Zäiten hunn geännert, wou ass hannen wou ass vir?

Et fänkt un mat dem Joer 2000, dat stoung virun der Dir,

Eng ugesoten IT Katastroph fir eisen Centre Financier.”

 

“Ech goung direkt an d’ Politik fir d’ Welt ze retten,

Well den Juncker war ënner allen Klarinetten,

An den Cricri, mäin Prof sot Ech soll dat maachen,

Keen Hunn géing kréinen iwwer vollendet Tatsaachen.”

 

“Elo ginn et der awer déi mengen Ech géing mengen,

Et wär ee groussen Problem, mee nëmmen am Klengen.

Copy & Paste ass keen Problem well Ech d’ Erlabnis hat,

Ech hat mat all Auteur iwwer déi Saach geschwat.”

 

“Een Auteur sot, ernimm mech nitt, et bleift ënnert eis,

Ech well mech nitt bretzen, dat ass keng Art an Weis.

Den Cricri sot, dat inspiréiert d’ Leit eegen Recherchen ze man,

Pour avancer le schmilblick, do mécht een wat een kann.”

 

“Um leschten Stëppel ass meng wäitleefeg Famill agesprong,

Den Rachmaninov op der Schreifmaschinn, deen op seng Fassong,

Un mengem Memoire geklimpert huet fir fäerdeg ze ginn.

Hien sot t’ wär eng Inachevée, dat een jo spéider kann gesinn.”


“ Komm mär stellen eis emol een Moment ganz domm,

Hätt Ech deemools keen Risk geholl, léich d’ Heck haut an der Kromm.

Dann hätten mer den Juncker haut och nach,

An d’ CSV wär elo iwwer honnert Joer um Trach!”

 

“D’ Lëtzebuerger missten an d’ Ausland wunnen goen,

Zu Diddenuewen géing eng vun eis bezuelten Krëppchen stoen,

Den Fränz wär jo senger Liewen nitt Vize-Premier ginn.

A wou wieren d’ Milliounen déi fir Vanuatu am Budget stinn?”

 

“Den Grand-Duc wär nitt mat der fréierer Grande-Duchesse bestuet,

An dann d’ Kierch, déi wär ëmmer nach am Duerf.

T’ gëtt och an Zukunft keng Koalitioun ouni den Xav,

An deem Sënn sinn déi nächst Walen schonn gelaf.”

 

“O Excellenz, Här Präsident, flash vum Milliounen Sender RTL,

D’ Enquête vum Kapitän Copytani ass pünktlech wéi d’ CFL.

Sie soten hien hätt gesot dat vill Leit soten t’ wär alles an der Rei,

An Nancy zwee wär ersat mat enger Uni déi ass fonkelnei.”

 

“Den Cricri ass zwar nach ëmmer do. War deen Proff mëttelméisseg?

Momentan schéngt hien e bësschen verdrësslech.

An iergendwéi deet hien dem Péckvillchen Leed,

Hien sot: “Maître Péckvillchen hëllef Du sich bei der Enquête?”

 

“Cricri” sot den Péckvillchen, “deen hei weess jo vill ze vill”

“Komm, mär zéien eis deen Rachmaninoff iwwert den Grill.”

“Deen huet an der Hetz op amerikanesche Pabeier gedréckt,

An doduerch ass dunn den ganzen Memoire verongléckt.”

 

“Den DIN A 4 Pabeier ass bal zwéin Zentimeter méi laang,

Doduerch huet all Note bas-de-page an der Loft gehaang.

Sie waren do, et war just keng Plaz fir se ze drécken.

Den Rachmaninoff kann dat jo awer einfach flécken!”

 

“Cher ami”, sot den Cricri, “déi Péckvillchen war wunderbar”,

“Mir stinn fir Wuerecht an Recht" sot den Péckvillchen am Saumur um Bar,

"Eng lescht Saach nach Här Präsident, wär et iwwerhieflech,

Dem Péckvillchen seng Press Hëllef hätt een kënnen besser maachen." (1)

 

 

 

         (1)  Note bas de page: dat reimt jo guer nitt. Mee et ass en Zitat vum Xav.

 

P.S. Allen treien Lieser vum Péckvillchen ass et erlaabt dat heiten originellt Wierk ze kopéieren an ze “pasten” wou se wëllen. Dir musst just dës Kéier Är Quell uginn: peckvillchen.blogspot.com

 

TRIVIA: Wéi fënnt een Copy & Paste: Hei een Beispill vun engem einfachen Trick (deen engem verzeit gëtt), fir eraus ze fannen ob een Text een Plagiat ass: kopéiert den ganzen Text hei hannendrun iwwert den Schiller, an “paste” dann den ganzen Text an “Google Search”. Wann deen Text iergendwou schonn vun engem publizéiert gouf, weist Google wou dat ass.

 

Dans la pièce de Schiller, Wilhelm Tell, c'est le premier verset du fameux serment du Rütli qui aurait scellé la naissance de la Confédération Helvétique le 1er août 1291. Il s'agit en fait de la première "Constituante" en Europe où le peuple Suisse s'émancipe et se défait de la tutelle féodale.





Sunday, May 30, 2021

Vademecum fir eng Gender gerecht Genealogie


                           












Péckvillchen Nummero Eent an Péckvillchen Nummero Zwee


Vademecum fir eng Gender gerecht Genealogie

 

Dir Persounen hutt et jo bestëmmt schonn héieren,

Dir musst een ganz neien Vocabulaire elo léieren.

Keng Angscht den Péckvillchen léist Iech nitt am Stach,

Ee Gléck! Säin Wateeméikum stoppt fir Iech dat Lach.

 

Et ass jo och schlëmm, et ginn ëmmer nach Persounen,

Déi Wierder wéi Papp an Mamm express extra betounen.

Dat ass jo nach méi schlëmm wéi mat Diesel ze fueren!

Sou een Ierger kennen mer eis vun elo un spueren.

 

Vun elo un soen mer ganz einfach “mäin Elterendeel,“

Äis Regierung seet op dem Formulaire, dat wär een Befeel.

Een Elterendeel ass dann eben den Nummero Eent,

Deen aneren den Zwee, mee déi zwee sinn sech jo eens.

 

Heiansdo gëtt et vläicht Streit: “O jo, Du muss ëmmer vir,”

“Et ass un mir den Eent ze sinn, schreif Der dat op d’ Stier!”

An den Grousselterendeel Eent seet: “Zu menger Zäit,”

Goufen d’ Saachen nitt esou duerchernaner geheit.”

 

Den Urgrousseleterendeel Zwee sot: “Wat hutt Der gesot?”

An wéi dat dann esou geet an engem gescheeten Stot,

Huet den Stéifelterendeel Eent gesot: “Ech kann den Zwee ginn,

“Och wann Ech den Ersatz fir den Ex-Nummero Eent hei sinn.”

 

Den Grousseleterendeel Eent schwätzt mam Puppelchen:

“An wou ass dem klengen Puppelchen säin Elterendeelchen?”

“Bomi, den Elterendeelchen donnant Naissancelchen?” huet den Puppelchen gefrot.

“Wat d’ Kënnercher awer séier léieren” huet den Grousseleterendeel dunn gesot.

 

D’ Kanner sangen: “Wéi mäin Elterendeel Eent nach hue-uet gesponnen”

D’ Kathedral séngt: “O Elterendeel, léiwen Elterendeel do ue-uewen.”

An do drop: “Léiwen Elterendeel Zwee, Ech weess et net ze soen”.

“Mä dann haalt emol all den Bak” huet den alen Grousseleterendeel dunn gegrommelt.

 

Zu Hollywood an der Filmmacherei läit d’ Konscht um Stierwen,

Well “Mawwerfacker” war jo do eppes wéi een Kulturierwen.

Déi schaffen elo drun fir Elterendeelfacker ze verkafen.

Soss wäert sech hir Konscht geschwënn am Netflix verlafen.