Friday, September 26, 2014

Den Obama huet dem Bettel zu New York d' Hand op geluecht!


Ass dat do den Péckvillchen? 
Ma nee, dat ass een mat engem schéinen Torticoli. 
Photo: Beim Schënner. 





















Den Obama huet dem Bettel zu New York d' Hand op geluecht!


















Eng exklusiv Exklusivitéit mam Xav vum Péckvillchen

Dir sot alt ëmmer, an éischter Klass hin an hier,
D' Lufthansa ass nit vill besser wéi d' Loftleidir.
Dien aneren Dag ass en nach ëmmer wéi gebrach,
An vun deem Djättläck hat Ech d' Migrän nach.

Hei koum den Obama jo nit riicht op mech duer,
Den Barack ass nit laang ëm de Bräi gefuer:
"Hau sit gouin, Bro" huet hien op Englesch gesot.
"Gutt, gutt, hau sit hängin" hunn ech hien dunn gefrot.

Dunn huet seng fiicht Hand meng riets Schëller beréiert,
Wéi een Blëtz, t' gong duerch mech, an Ech sinn erféiert.
"O Bettel" sot den Obama, "géi a Fridden,
Mee looss Der näischt vun den Oligarchen bidden."

Ech hunn mech alt gefrueden, meng Migrän war fort,
An den Torticoli, an den Réckwéi vum Sport!
Ech war wéi an Watt verpaakt, an nit méi ze halen,
Den Erléiser hat mech erléist vun mengen Qualen!

Ech hunn dunn gutt geschwat: Léif UNO, léif Weltgeschicht,
Lauschtert gutt, lo kënnt dem Péckvillchen säin Gedicht!
An esou ass et mam Terrorismus, dat muss een mol soen,
T' kann een sech selbstverständlech och mol do bekloen.

Allerdéngs, an Ech mengen do ass jiddereen d' Accord,
Ouni wëllen iwwerhieflech ze sinn mam Terror,
An wär et nëmmen fir eng offen Diskussioun,
Obschonn, esou eppes zielt hei fir all Natioun.

An dunn hunn Ech ee politeschen Risk geholl,
An virun der Vollversammlung, an déi war ganz voll,
Hunn Ech "Dear President Obama" gesot, d' Tréin am A!
Vun haut un nennen mir eist Gambia, Kenya!

Dien ganzen Spaass huet fënnef Milliounen kascht,
Fir sécher ze maachen dass och keng Kou méi fascht.
Sou wënnt Lëtzebuerg dann den Krich géint CO,
A wann nit, dann kennt eben eng Millioun derbäi.



Dem Schupp säin Iesel gouf erëm fonnt!


Ass dat do den Péckvillchen?
Ma nee, dat ass den Napoleon, agespaart.
Photo: Partei fir Recht a Gerechtegkeet

























Dem Schupp säin Iesel gouf erëm fonnt!

Dir erënnert Iech nach all um Schupp säin Iesel?
Den Napoleon, dien war wéi der Däiwel!
Abbée, laut tageblatt gouf hien zu Posen fonnt,
Well hien seng Naupen nit verstoppen konnt.

Hien hat zu Posen eng flott polnesch Freiesch fonnt,
An hien huet gedriwwen wat hien am beschten konnt.
Dat war zevill fir d' Madame Dudziak Lidia,
Déi hëlt den Napoleon ewech vun senger Antonina.

De Péckvillchen goung op d‘ Géigendemonstratioun,
Fir méi Léift an géint d‘ Kastratioun.
Mam Aschenputtel, Romeo an Juliette.
An dat goung sou aus wéi Dir dat gären hätt.



Thursday, September 18, 2014

Salut Corinne


Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee dat ass een Jeeër
um Héichsëtz, Dien kuckt no senger Flënt an der Heck. 
Photo: SREL-CSV






















Salut Corinne,
(SMSen frësch vun der NSA)

Coucou Corinne, hei ass den Marki, dem Jang säin Jong,
Mam Pierre Jaeger hat Ech een Bock geschoss, mee bong,
Ech proposéieren  fir dien anzebeezen,
Dann kënnen mir zwee mol een Maufel iessen.

Salut Marki, Hei Olai, Kuck Olai,

Coucou Marki, Däin SMS goung zwar bei den Xav,
Dien ass mir direkt mat der Nouvelle nogelaf!
"Den Marki huet sech schonn erëm trompéiert!
T' schéngt, dien ass awer schéin desorganiséiert".

Salut Xav,

Coucou Xav, hien huet d' Lëscht vun den Hochzäitsgaescht gefrot?
Dien hätt déi bestëmmt gären dem Péckvillchen gesot.
Mee den Jaeger päifen Ech vun sengem Héichsëtz zréck,
Dann kritt hien eng mat der Schlapp aus mengem Buttek.


















Tuesday, September 9, 2014

Trennung vun Kierch an Relioun


Ass dat do den Péckvillchen? Nee dat ass den Dikkricher Iesel.




















Trennung vun Kierch an Relioun

D' Lëtzebuerger waren hirer Paschtéier sat,
Duerfir wollten se d' Trennung vun Kierch an Staat.
Se soen awer och: "Maach dass d' Kierch am Duerf bleift",
Wann dien een oder aneren iwwerdreift.

Mee se wëllen sech och an der Kierch bestueden,
An déi meescht loossen sech och gär do begruewen.
Den Péckvillchen muss Iech awer dat hei  beichten:
Ech kann mer d' Kierch am Duerf, mee keen "Här" méi leeschten.

Den Äerzbëschof sot: "Dat do ass fir ze laachen!
Ech wollt nach grad all Paschtouer Dechen maachen!
Gambia huet eis nach beim Te Deum gehollef,
An elo dréint Dir gär mäin Job duerch den Wollef?"

Abbée sot den Péckvillchen, hei wär eng Solutioun:
Mir man einfach d' Trennung vun Kierch an Relioun,
Mir bezuelen nëmmen d' Kierch mee keen Paschtouer,
Dann leeft d' Kierchefabrik wéi un der Schnouer.

"Aha!" sot den Vicaire, "t' muss een Loyer bezuelen?
Fir all Kierch am Land?  Dann loosst mech widderhuelen:
T' Kiermes ass wéi Der wësst op d' Kierch opgebaut,
Abbée, dann kritt Der elo den Hämmelsmarsch versaut!"

Um Tuerm zu Dikkrich huet den Péckvillchen es genuch.
Hien wëllt austrieden, an preparéiert säin Fluch:
"Allo AHA, Allo AHA, ass do keen do?"
"Dach, Imam Ali hei, Ech ersetzen déi lo."



Sunday, August 31, 2014

Kommt mir soen den Juncker wär eng Fra


Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee, dat ass eng Mamagei.
Commissionéiert beim Françoise-Marie Thein.
Photo: La Femme est l'Avenir de l' Homme, asbl












































Kommt mir soen den Juncker wär eng Fra

Eng Gasmask um Schniewel sëtzt um éiwëschten Aascht,
Den Péckvillchen an kuckt dem Juncker riicht an d 'Haascht.
Den Jean-Claude trauert: "Oh hätt Ech mäin Viff erëm!"
Hien ass mëtschgieweg: "Ech géif Iech den Premier drëm!"

Den Péckvillchen, mat enger décker Tréin am Aa,
Noschelt am Mask: "Ma Du brauchs nach méi wéi eng Fra.
Komm rapp Dech zesummen, Du brauchs hei gudden Rot,
Oder vergiess Däin Geschwätz iwwer d' Fraequote."

An hei kënnt d' Viff dann och schonn ëm Hëllef gelaf,
T' schreift: "Wien géint d' Fraen ass, ass een richtegen Paff,
Déi erlaben eis nit fir Paschtouer ze ginn,
Mee an d' Kommissioun gehéieren Fraen hin."

An dunn huet d' Viff dat un all Regierung geschéckt,
Och den Juncker an den Bettel goufen begléckt.
Een Griich kënnt och nach griichesch Spréchelcher maachen,
An Europa wären zevill Männersaachen!

Den Péckvillchen sot: "Jo, kuckt emol d' Ashtons Kett,
Dat huet jo nit d' Krim an och d' Ukraine gerett.
Et mussen méi Fraen an d' Kommissioun eran,
Well d' Fraen bekanntlech d' Kommissiounen man.



Thursday, August 21, 2014

Gréng Gambianer Gewannen Géint Global WarminG

Ass dat do den Péckvillchen?
Ma nee, dat ass den Dikkricher Kierchhinnchen,
dien kuckt an d’ Reenlach.
Photo. Péckvillchen Meteo
























Gréng Gambianer Gewannen Géint Global WarminG

D' gréngt Gambia huet et deck hannert der Lanter,
Well den Mount August war den kaalsten Wanter!
Am Kampf géint d' Hëtzt hunn mir een Succès ze melden,
Zenter dem Jang de Blannen haten mer keng esou Helden.

Den Jang den Blannen hat bekanntlech d' blann Munitioun erfonnt,
Wëll schaarf schéissen deemools jo nach ëmmer keen konnt.
D' Gambia Leeschtung ass nach vill méi gewalteg,
Global Warming gouf gestoppt, an zwar nohalteg!

Alles voll am Asaz, an keen am Asaz voll,
(Sie haten d' Vakanz jo schonn am Dezember geholl),
Am August gouf all Thermometer zréck gedréint,
Wëll beim Global Warming waren se all dergéint.

D' Fouer geet elo op mam Hämmelsmarsch am Schnéi,
Den Hämmel an der bloer Schipp steet den Schnéi bis un den Knéi!
D' Äisbieren trieden all Owend op um Glacis,
An de Bausch fiert op d' Aarbecht mat den Langlauf Ski.



Tuesday, August 19, 2014

„Deutschland sucht den Superstar“ (DSDS)


Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee, dat ass den Maestro.
Photo: Festival Péckvillchen





















Den Péckvillchen um Casting fir Superstar !

Dir wësst jo alleguer, wann et ëm Sangen geet,
Dass keen méi dovun wéi den Péckvillchen versteet.
Duerfir goung hien op "Deutschland sucht den Superstar“,
Well den Casting-Truck jo haut grad um Knuedler war.

Besser ass besser huet den Péckvillchen gesot,
An hien hat d‘ Erlaabnis bei "DSDS“ gefrot,
Begleet ze ginn um Piano vum Horowitz,

Mee den Péckvillchen ass een richtegen Meeschter,
Hien huet d‘ Stecker zesummegepecht mat Kleeschter,
Den Horowitz sot: "Dien ass jo erëm wéi nei,
Mat deem wënnt den Péckvillchen, dat geet schonn an d‘ Rei!“

"Jawoll“, ass den DSDS Chef an d‘ Ried gefuer,
"Den Péckvillchen ass Profi, duerfir Hors Concours.
Den Péckvillchen kann zwar sangen, mee nit wannen.“
Den Horowitz sot, "t 'ass eng Attack vun hannen !"

"Schon gutt Vladimir, komm mir maachen hei keen Streit,
Dann gëtt lo eben een Klassiker agehäit."
An zwitschert: „Frot Dir no allen Säi -äiten hin,“
An et re-zwitschert: "Mir wëllen jo keng Preisen ginn."