Friday, April 25, 2014

Cargolux: Tse Shpéit Tsou Tseng Sou


















Ass dat do den Péckvillchen? Ma gewëss dat sinn der zwéin ouni 
Lande Rechter. Photo ET

Cargolux: Tse Shpéit Tsou Tseng Sou

Aus dem Chineseschen iwwersat vum ET 

T'ass Tsing Fir Tse'ilef, Tsou Tseng Sou Sheet Den Song Do,
"An Wu Bleift d' Ca Go Lux"? Wa Dunn Dem Hu Seng Fro.
Mi Hun Hei Alles An De Lei Fir Déi Éischt Lan Dung,
Besch Ten Mao Kos Tum An Ge Wichs Ten Shung.

Den Rou Den Te Pich Hunn Mer Vum Katar Ge Léint,
Am Shpa Léier Shtin Tsal Do Ten Wu Alles Blénkt,
Roud Chinesesch Fen De Len Flat Te Ren Am Wand,
Nieft Dem Le Tse Bu Ger, Roud, Gring, Blo, Wéi Jo Be Kannt.

Op Grous Sen Pla Ka Ten Shteet "Well Kem Tsu Man Han Nen"
Ho Tes Sen Am Sei De Nen Kleed Breng En Blum Men,
D' Shoul Kan Ner Sang Ngen "Iw We Mi Net Ee Sti Chen"
Tfo To Gra Fen Blet Tsen We'i Op Der Éi Mais Chen.

Tpo Li Tsis Ten Ru Fen Den Rif Fo Am Iel Bou,
Wi Se Ler a Fri Den Als Gäscht Sinn Guer Nit Frou,
Déi Ei Del Ca Go Lux Sheet Nach Em Me Um Fin Del,
An Tsou Tseng Sou Wa Den Pet Ter An Gie Del.



Saturday, April 19, 2014

Een Referendum



























Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee dat ass een Hunn.
Fused Glass, Francoise-Marie Thein


Een Referendum

An wann Dir mech frot, dat hien sot, Ech haett gesot,
Beim Referendum wären d' Leit all iwwerfrot,
Da sot, Ech hätt nach een Referendum gefrot,
Iwwert de Referendum, t' léich elo beim Staatsrot.


Den Péckvillchen an déi komplett Redaktioun wënschen Iech eng gutt fatzeg Éimaischen.






Sunday, April 13, 2014

Een dien maut, dien klaut.


















Ass dat do den Péckvillchen? Ma neen, dat ass erëm een 
Héngerdéif  op Maut Schau.          
Photo: Blëtz Apparat vun der Police Mautière.

Een dien maut, dien klaut.

Kaum ass en an der Regierung, do geet den Bausch,
A mécht op allen Autobunnen d' Luuchten aus.
Jenni a Menni schléit dann och direkt Tammtamm,
Versteet dann keen, mir brauchen dien Stroum fir den Tram!

Ech verstinn zwar dass dir all nit mat deem Tram do fuert,
Bis dass der geschwënn gesitt wéivill een do spuert:
Wann den Bausch mam Maut Iech mar Är Suen klaut,
Dann ass mar den Tram méi bëlleg wéi den Auto haut.



Tuesday, April 8, 2014

Europa an Éieren. mee looss Dech féieren

















Ass dat do den Péckvillchen? Nee dat ass een Spëtzekandidat. Photo ET

Europa an Éieren. mee looss Dech féieren

Zevill dees Europa mécht een richteg dronkeg,
Duerfir hëlt den Juncker den Bus bis hanner Lonkech.
Dat ass vill besser, t' ass een nit esou eleng.
Dat sot d' Astrid. Hat ass jo erëm zu Schëffléng.

De Bus ass zwar nit orange, mee bleu-marine,
Dat ass express, fir méi liicht verwiesselt ze ginn.
A well dem Chauffer seng Auer schonn beim SREL war,
Ass deen Bus ganz pénktlech, wéi den Zuch op der Gare.

Mee den Spëtzekandidat ass keen Kandidat.
Dir gesitt hien um Bus, mee op kengem Plakat.
Hien fiert alt esou mat, als blannen Passagéier,
Well d' Europaparlament, dat wär nit säin Béier.

Den Spëtzekandidat gëtt also guer nit gewielt,
Fir Kommissioun' s President ass awer d' Bir geschielt.
Mee, opgepasst,  well hien dat dann awer refuséiert,
Muss den van Rompuy gon, dien gëtt pensionéiert.

Dir hat Iech gefrot, wuerfir ass hien Kandidat?
An wat Dir nach manner wousst, Kandidat firwat?
Fir kloer ze sinn hien ass Kandidat fir President,
Vun egal wat wou d' Angela Merkel hien nennt.



Sunday, March 23, 2014

Maybolli 18
























Ass dat do den Péckvillchen? Nee, dat ass een Héngerdéif!

Photo ET



Maybolli 18

(12 an 24)


Dir hutt dat hei bestëmmt schonn am Wort an am Tageblatt geliest. Do sot den Riichter muss dëst Jugement publizéiert ginn. Den Péckvillchen ass wéi ëmmer natierlech virun deenen zwee.

A wann Dir eppes verpasst hutt, dat ganzt ass och um Geriicht am Reider!
 




Thursday, February 13, 2014

D’ Stay Behind kommen aus hiren Lächer


















Ass dat do den Péckvillchen? Nee dat sinn Staats Echelen déi 
d' Mauer bewonneren. Photo: Sécherheets Kamera.

D’ Stay Behind kommen aus hiren Lächer

Am Juncker sengem Gulag huet et sech erëm gesprach,
D’ Terreur ass lo eriwwer, kommt aus ärem Lach.
Se schläichen laanscht d’ Mauer, t’ sinn blatzeg Staatsbeamten,
Zéng Joer keng Sonn, t’ sinn meescht keng Onbekannten.

Do war zwar een, dien souz awer an kengem Schaf,
De Bildgen mécht sech keen Bild, wat ass do gelaf?
Den Här Direkter gouf versat, an dunn versat,
Bis dass en verluer goung, sou schaffen mer beim Staat.

Béis Zongen behaapten, hien wär Paschtouer gewiescht,
Déi géingen vill verdéngen, schaffen awer näischt.
Den Changement de Carrière geet bei uni.lu,
Zwëscht Kierch an Staat gëtt dat awer Mullimuh.

Aner Zongen soen hien war zu Palma verstoppt.
Hien gouf an zwou Verwaltungen zur Sau gemobt,
Mee hätt awer zwou Peien an zwéin Déngschtween krut,
An hätt nach vun véier Joer Vakanz zegutt.

Et feelen him och véier Joer Schäck Röpa,
Duerfir klot hien elo virum Conseil d’ État.
D’ Octavie an den Wiseler sinn awer frou,
Déi kréien seng zwou Plazen an d’ Déngschtween derzou.

Eisen Mann krut eng nei Plaz beim Colonel Ries,
Nom Congé de Maternité, geet emol Rieds.
Do kafen se dann keng Bommen fir d’ Force Publique.
Endlech hunn d’ Bommeleeër een Guichet Unique!



Tuesday, February 11, 2014

Den Spoun neien Spëtzekandidat ass keen Spunt !









































Ass dat do een Spatz oder den Spéckvillchen? Keen Spoun ! Och 
keen Osprey! Dat ass een Spiecht. Photo ET

Den Spoun neien Spëtzekandidat ass keen Spunt !

Spiglein, Du däitscht Blat, wien ass Spëtzekandidat?
D’ Leit son den Ex-Chef vum Spëtzel Déngscht, dien wär dat.
An d’ Spatzen spekuléieren vun den Diecher,
An d’ Spottvullen spannen am ieweschten Späicher.

Wéi et schéngt soll d’ Madame vun Spandau Sponsor sinn,
An dass souguer d’ Spuenier am Spaléier stinn.
D’ Griichen zu Sparta feieren den Spektakel,
An zu Spa kritt en ee Spekulos, an eng Fakel.

Een Spezial Jonggesellen Owend zu Paräis,
T’ gouf Spargel, gespickt mat Speck um Spiiss mat Anäis,
Spéider dunn eng Spiral Spaghetti zu La Spezia,
D’ Spëtzekandidaten sprinten wéi bei der Spora.

Een Spëtzbouf am Spiegel sot, dien spullt sech den Kolli,
Hien géing spritzen and dämpen wéi den Stromboli.
Spiounen stëppelen, t’ geet Rieds iwwer d’ Spatzeg Nenn,
Bis owes spéit sinn se am gaang ze spëttelen.

An esou ginn Spott an Spréch gesponnen am Spendel,
Den Spëtzekandidat ass pickeg wéi eng Spéngel.
Hien drénkt näischt, spréngt an den Euro-Kuddelmuddel,
Vläicht eng kleng Spackelter, mee soss nëmmen Spruddel.