Tuesday, April 8, 2014

Europa an Éieren. mee looss Dech féieren

















Ass dat do den Péckvillchen? Nee dat ass een Spëtzekandidat. Photo ET

Europa an Éieren. mee looss Dech féieren

Zevill dees Europa mécht een richteg dronkeg,
Duerfir hëlt den Juncker den Bus bis hanner Lonkech.
Dat ass vill besser, t' ass een nit esou eleng.
Dat sot d' Astrid. Hat ass jo erëm zu Schëffléng.

De Bus ass zwar nit orange, mee bleu-marine,
Dat ass express, fir méi liicht verwiesselt ze ginn.
A well dem Chauffer seng Auer schonn beim SREL war,
Ass deen Bus ganz pénktlech, wéi den Zuch op der Gare.

Mee den Spëtzekandidat ass keen Kandidat.
Dir gesitt hien um Bus, mee op kengem Plakat.
Hien fiert alt esou mat, als blannen Passagéier,
Well d' Europaparlament, dat wär nit säin Béier.

Den Spëtzekandidat gëtt also guer nit gewielt,
Fir Kommissioun' s President ass awer d' Bir geschielt.
Mee, opgepasst,  well hien dat dann awer refuséiert,
Muss den van Rompuy gon, dien gëtt pensionéiert.

Dir hat Iech gefrot, wuerfir ass hien Kandidat?
An wat Dir nach manner wousst, Kandidat firwat?
Fir kloer ze sinn hien ass Kandidat fir President,
Vun egal wat wou d' Angela Merkel hien nennt.



No comments:

Post a Comment