Wednesday, October 21, 2009

Maybolli 15

Méint, Wochen an Deeg zéien iwwert d' Land,

Maybolli sinn a Stad a Land bekannt.

Chrëschtdag, Neijoersdag, Fräijoersbotz,

An fir de May endlech eng schéin nei Box.


Sennengerbierg, Walfer a Gaasperech,

D' Crèchen déi multiplizéieren sech.

D' Ministesch, d' Paschtéier déi sinn äerdeg,

Knapps geet eng Crèche op, ass eng aner fäerdeg.


"Ei" sot de May, "dat deet gutt am BMW,"

Och de Bolli ass mam Porsch ënnerwee.

Séi fueren wéi d' Kanner an enger Rei,

A freeën sech op hiert neit Spillgezei.


Ee Monni vum Familljeministère,

Gëtt gréng Luucht an hätt nawell gär,

Eng Dosen Plazen fir sech an all Crèche,

Maybolli sinn ewech a freeën sech.


De Bolli sot zum May : "So weess Du wat?

Ech hunn gëschter Owend mam Thiels Louss geschwat.

De Louss war ganz definitiv an huet gesot,

Scheck Crèche geet elo an de Regierungsrot."


"Scheck Crèche fonctionnéiert wéi Scheck Repas,

Sot de Louss, a mir koum eng Tréin an d' A.

Ech hunn séi alt heemlech ewech gewëscht.

Wann hien näischt heivu weess, dat ass dat bescht."


"Freck" sot de May, "hal der de Louss gutt warem,

Da gi mer zwéin nach esou bal nit arem.

Stell Der mol fir de Staat bezilt d' Konten!

Da sti mer jo do wéi Staatsbeamten!"


D' Leit iwwerall waren enchantéiert,

D' Kanner warn versuergt an hu geléiert.

D'BGL sot mir hätten nawell gär,

Wann eis Crèche och vun Iech gefouert wär.


Stell Der mol vir, wat fir eng perfekt Welt!

Kënns te op d' Welt, da kriss de Kannergeld.

Crèche, Schoul, Chômage, Pensioun garantéiert,

Souguer d' Doudelued ass assuréiert.


T' gëtt Ieselen déi ginn op d' Eis danzen.

Alles geet gutt, mee de May muss granzen.

"Déi domm Fraleit gi mir schéin op d' Schlappen.

Enges Daags wäerten Séi dat berappen."


Enges Daags ass heiansdo keng laang Zäit.

De May huet eng Joffer erausgeheit.

"An Ech hunn och eng déi kënnt elo drun,"

Sot de Bolli, dunn ass eng aner geflunn.


Eng Crèche ass schlecht drun wann d' Jofferen fléien,

De Contraire behaapten, dat wär léien.

Maybolli, gutt am Erausgeheien,

Sinn äerdeg ewéi ee Schwaarm Wissbeien.


Dunn huet d' Sangen an der Crèche opgehal.

Maybolli selwer sinn duerfir ze al.

"Ech kann nit mat de Kanner sangen,

An Du kanns nit am Krees erëm sprangen."


"Du hues déi Jofferen jo erausgeheit,

Jo Du mat dengem éiwegen Gestreits."

Déi zwéin hunn also näischt bäigeléiert,

Mais de Renglirosen ganz zerstéiert.

Wednesday, October 14, 2009

Maybolli 14


"Bolli du weess alt wat Ech gären hätt
Mat fofzeg wär Ech gär an der Préretraite.
Ech hätt dat am léifsten esou gedréint.
Dat herno mol keen Hunn méi duerno kréint."

"Am beschten" sot de Bolli, "Du wiers krank,
Mais Du gesäis nit aus wéi Haut a Schank.
Krankheetshalber heescht dat, dat géing an d' Rei,
Du bléifs doheem an d' Kees bezilt Deng Pei."

"Ech sëtzen jo do am Verwaltungsrot
Ech hëllefen Dir gär mat Rot an Dot.
Ouni Krankeschäin awer geet et nit,
Ech kucken emol wéi een esou een kritt."

"Ma dach Bolli," sot de May, "Ech sinn krank,
Ech packen et just nach bis virun d' Bank.
Da ginn d' Schudderen mer duerch de BMW,
Du mengs een Héngerjuck wier ënnerwee."

"Dat geet mer duer, elo weess Ech genuch,"
Sot de Bolli, "elo kënnt de zweeten Zuch.
Mir soen Du häss eng ganz schro chronesch Kränkt,
Du hues Der d' Loscht fir ze schaffen verrenkt."

"Mais wien schreift de Certificat Médical?
Wann Ech een Schreiwen, dann meckren se'i all.
Déi gesinn eis stonnelaang am Bietschee baffen.
D' Leit froen, a wat sollen déi zwéin do schaffen?"

"Am beschten geess De bei den Dr Floretti.
Deen schreift Krankeschäiner wéi Konfetti.
Du brauchs deeër eng Dosen, vläicht nach méi
Da schaukelen mir d' Kënnchen an der Wéi."

"Oh Dr Floretti, Ech sinn esou krank,"
Sot de May, "Ech fäerten t' läit un der Bank."
Den Dr Floretti sot: "Gudden Mutt!
Ech fäerten ganz Dir gitt ni méi gutt."

"Ech schreiwen Iech elo ee Krankeschäin,
Fir eng ganz drësseg Deeg sidd Dir da fein.
Gidd awer roueg eraus ënnert d' Leit.
Bleift nëmme nit doheem wéi ageschneit."

"Gitt schéin virun d' Dir ee Maufel iessen,
Am Bietschee kënnt Dir dann d' Bank vergiessen.
A véier Wochen kommt Dir dann erëm.
Eemol de Mount dat ass jo guer nit schlëmm."

"Freck" sot de May, "all Mount zwou Minutten!
Deen Dr Floretti kritt vill Rekruten.
Krankeschäiner, Ech brauch eng Kollektioun,
Bis dass et der genuch sinn fir d' Pensioun."

De Bolli sot, "Du mengs dat géif et nit,
Mais t' ass esou, wien näischt freet deen näischt kritt.
An Ech sinn an der Krankekeess doheem.
A wat huet de May dann, dat freet jo keen!"

"An d' Bank seet bestëmmt, deem si mer gutt lass.
Du wäerts jo gesinn, keen hält Dir de Bass.
Et brauch ee just ee bësschen Protektioun,
Da bass De ënnerwee fir an d' Pensioun."

Tuesday, September 22, 2009

Maybolli 13

Maybolli warn wéi Dir och an d' Vakanz,

Een louch um Réck, de' in anren op der Panz.

Een ass schéin brong, mais nëmmen vu fir,

De' in anren gebak, mais hannert der Bir.


Vun haut un sinn déi zwéin erëm um Dill,

Mais fir de Moment soen Ech Iech nit zevill.

Mat Krankeschäiner a Fisematenten,

Liewen déi zwéin haut vun hiren Renten.


Kommt zréck, Dir wäert gesinn et gëtt vill Freed,

Juchhee, juchhee, Ech soen Iech wéi dat geet.

Probéiert roueg, maacht Iech guer keng Suerg,

D' geschitt Iech näischt am schéinen Lëtzebuerg.

Monday, August 31, 2009

Maybolli 12, hors série et hors séquence

L’actualité pressante nous oblige à ce petit encart dans la suite chronologique de Maybolli.

De Juncker huet an der Vakanz alt nogeduecht,
An hien huet et op ee puer Konklusioune bruecht.
“Zu Lëtzebuerg soen déi Jonk Ech wär ee Bopa,
Am beschten fir mech wär, Ech géing op Europa.”

“Wéi Der wësst, Ech hunn just ee Problem an dat ass,
Mam Sarkozy a Merkel hunn Ech et verschass.
Der wësst, Bankgeheimnis hin, Bankgeheimnis hier,
Ech sinn elo dergéint, virdrun war Ech derfir.”

“D’ lescht fënnef Joer war Europa mer ze sauer.
Vun elo un leet dien hei sech schéin op d’ Lauer.
Hoffentlech halen Sarkozy a Merkel op mat krichen.
An dann, hei elei, dann kommen d’ Leit mech sichen.”

Den Asselborn, Frieden an zwéin anerer bieden,
De Willibrord soll séi an Irland vertrieden.
De Bolli sot: “ Ech hätt nawell gär,
Wann den Thiels Louss Justizminister wär.”

Leif Leit Dir frot Iech, wuer geet dat alles hin?
Wann mir vun haut op mar all Weesekanner sinn!
Wann elo alles sech aus dem Stëbs mécht,
Well déi schéinen secret bancaire zesumme brécht.

Thursday, August 20, 2009

Maybolli 11

Maybolli ginn op Esch fir eng Autorisatioun fir ee Restaurant Toscana by Bice op ze man.

“Freck Bolli” sot de May, “deng Porsch dat ass keng Kutsch!
Nach knapps eng Minutt, a mer sinn beim Lydie Mutsch.
An Du wäerts gesinn, eis Visite ass nit fir d’ Katz.
Den Owend steet Toscana flang op der Brill Platz.”

Op d’ Weis vum tradiralalala,
Op d’ Weis vum tradiralalala,
Op d’ Weis vum tradiridiralalala!

« Meng Scheffen stinn derhannert, well séi stinn derfir, »
Sot d’ Lydie, « an d’ Gemeng kiert och vrun Ärer Dir.
D’ Escher Gemeng ass nit nëmmen do fir déi Kleng,
D’ Escher Gemeng ass och do fir déi vill méi Reng.»

Op d’ Weis vum tradiralalala,
Op d’ Weis vum tradiralalala,
Op d’ Weis vum tradiridiralalala!

Um Brill hei schielen mer nit laang un enger Bier.
Ei, Kaviar, keen ass dergéint all sinn derfir.
Fir ze feieren gëtt nach a gudden geholl.
Natierlech an de Moossen, keen hat de Bitz voll.

Op d’ Weis vum tradiralalala,
Op d’ Weis vum tradiralalala,
Op d’ Weis vum tradiridiralalala!

“Fir oafzeschléissen wënschen mer Iech ee gudden Rutsch,
Mir freeën eis schonn op d’ Ouverture,” sot d’ Lydie Mutsch.
Mir danken sot de May, mir man eis lo dervun.
A schonn rosen déi zwéin op der Escher Autobunn.

Op d’ Weis vum tradiralalala,
Op d’ Weis vum tradiralalala,
Op d’ Weis vum tradiridiralalala!

“Freck Bolli,” sot de May, “Du hëls d’ Strooss am Zickzack.”
“Keng Suerg,” sot de Bolli, “eng Porsch ass staark am Lack.”
Do fueren lo déi zwéin, keng Luucht an näischt an d’ Nuecht.
Séi laachen sech an d’ Fäischtchen, wien hätt dat geduecht?

Op d’ Weis vum tradiralalala,
Op d’ Weis vum tradiralalala,
Op d’ Weis vum tradiridiralalala!


Tuesday, August 11, 2009

Maybolli 10

Maybolli engagéiert Familienservice an dann geheien s’ en eraus.

De Bolli sot, “wann ee gär Crèchen baut,
Brauch een Hëllef vum Ursula, dat schlaut.
Ech kennen do eng Däitsch Firma,
Vun der Frau Dr Erler Ursula.”
Heidi heidi heida hahahaha

D’Frau Erler sot, an den Toun war streng,
“Déi zwéin do kréien Ech och nach kleng.
Ënnerschreift um Strich a maacht kee Blabla
Und übermorjen früh is d’Frau Lotz schon da.”
Heidi heidi heida hahahaha

Hei kënnt d’Frau Lotz och schonn u gewänzelt,
Maybolli hunn sech bei der Damm gemellt:
“Dr Bolli fir Doudangscht an Rheuma,
Dr May Spezialist fir Panama.”
Heidi heidi heida hahahaha

“Ach Dr Dr daat is alles fein,
Bis op epps, han bloss kee Führerschein.”
Du sot de May “was machen wir denn da?
Dat kann nit fueren, d’ mengt een t’ wier meng Boma.”
Heidi heidi heida hahahaha

De Bolli sot, “ da muss Ech se feieren,
Da kann s’ alt lues selwer fueren leieren.”
An der Porsch sengt d’Lotzen tralala,
De Bolli, ma cabane au Canada.
Heidi heidi heida hahahaha

Woch aus Woch an gëtt d’Lotzen kutschéiert,
Awer séi huet nie fueren geléiert,
Déi éischt Crèche goung op als Villa Rosa,
De Propriétaire war iergendeen a Panama.
Heidi heidi heida hahahaha

Bei d’Villa Rosa kënnt gréng a giel derbäi,
“Eng Crèche bezilt de Loyer,” sot de May,
An drénkt siwen Café Macchiata,
A mécht och soss séin alen Theater.
Heidi heidi heida hahahaha

“Dee Loyer ass ze héich” sot do d’Lotzen,
De May gëtt queesch, a fänkt un ze motzen.
“Wat geet déi do mer op d’ Schlappen, déi Fra,
Déi kritt lo d’Unternehmen Barbarossa.”
Heidi heidi heida hahahaha

“Déi Fra muss fléien,” sot de May,
“De Riichter gëtt hier nach vläicht zwéi Méint Pei.”
De Bolli sot, “dat doten geet an d ‘A,
Und wie sag Ich’s meiner Ursula?”
Heidi heidi heida hahahaha

Zwee Joer duerno geet d’Lotzen du lass,
An huet souguer den Egide beschass.
Séi zitt hien mat den zwéin duerch de Kaka,
Den Egide sot, “wat eng eekeleg Tatta.”
Heidi heidi heida hahahaha

Léif Leit gesitt Dir eemol dat Lotzen,
Kënnt Dir vum Egide dat gutt verbotzen.
D’ Moral vun der Geschicht: t’ reimt näischt mat A,
Sou gutt wéi heidi heida hahaha,
Heidi heidi heida hahahaha