Een russeschen Adler um Wolgastrand. Photo ET |
D’ Debatt iwwert d’
Aussenpolitk
Kuckt een Konstantinopel an d‘
Dardanellen,
An dat Duercherneen, dann krit
een Dronkenellen.
Den frommen Putin an seng
Chrëschtlech Kosacken,
Erwaarden sech ëmmer méi
tierkesch Attacken.
Den Putin rett am Moment d’
ganzt Muergenland,
Den Obama hat sech jo un der
rouder Linn verbrannt.
Wahrscheinlech soen se, wollt
dien näischt man,
An behaapten hien wär jo
selwer een Musulman.
Dem Wladimir vun Gottes Gnoden
seng Arméi,
Spillt mam Briquet am Hee an
Stréi.
Den Kalif kritt der vun him
laanscht Baken,
An verhënnert dass den Assad
d‘ Pan muss klaken.
An do hunn mer se all am Krees
do stoen,
Se schéissen wéi déi Wëll ouni
laang ze froen.
D’ Tierken op d’ Kurden an déi
op d’ Isis,
Déi op den Assad, an dien alt
erëm op d’ Miliz !
Dien kritt dann awer och
Hëllef vum Hezbollah,
Déi ginn jo kommandéiert vum
Ayatollah.
Hien ass jo Copain mam Wlad an
mam Jang,
Mee den Tierk wëll dem Wlad seng
Fliger futti man.
Zu Lëtzebuerg, t‘ war esou ëm d’
hallef Faaschten,
Do wollt eisen Jang den
Wladimir entlaaschten.
Hien sot d‘ Tierken sollen d’ Gestëppels
ënnerloossen,
An se sollen sech nit op d‘
NATO verloossen.,
Dunn huet den zweeten
Tierkeschen Chef dem Jang gedrot:
Lëtzebuerg wär een Kaff an
hätt jo mol keen Zaldot.
An dunn ass den Jang wéi den
Blannen um Drotiesel an d’ Schluecht gefuer.
Am Ventoux krut en den Tierk
erëm, an dien huet d’ Schluecht verluer..
An, hei elei, dem Péckvillchen
saïn Reportage beim Anne Will iwwert d’ Schluecht am Ventoux, vun eisem
Korrespondent Ludwig Uhland:
Da faßt er erst sein Schwert mit Macht,
Er schwingt es auf des Reiters Kopf,
Haut durch bis auf den Sattelknopf,
Haut auch den Sattel noch zu Stücken
Und tief noch in des Fahrrads (sic) Rücken;
Zur Rechten sieht man wie zur Linken,
Einen halben Türken heruntersinken
Er schwingt es auf des Reiters Kopf,
Haut durch bis auf den Sattelknopf,
Haut auch den Sattel noch zu Stücken
Und tief noch in des Fahrrads (sic) Rücken;
Zur Rechten sieht man wie zur Linken,
Einen halben Türken heruntersinken
No comments:
Post a Comment