O Mamm, wat hunn
Ech dann elo erëm héieren!
Photo ET
|
A sou! Ech hat Dech gewielt?
Et ass Hallefzäit, an hei ass meng Lëscht vun deemools. Weess De nach, d’
Prioritéiten fir am Juncker seng “Neiwalen”? Dann huel elo d’ Lëscht a gëff der
selwer Punkten, fir ze gesinn ob' s de meng Stëmm erëm kriss.
Ee Gléck, wéinstens eng vun mengen
Prioritéiten, d’ Weltausstellong, ass ënner
Daach.
Wat soss ass an der Rei zënter 2013?
Mäin Walprogramm 2013
Wann de Péckvillchen ophält mat reimen, dann kënnt een un d' Keimen.
Virun den "Neiwalen" wollt Ech eemol hei d' Rollen vum Kandidat
an Wieler kloer stellen: t' brauch keen mir soen ze kommen, "Ech sinn
Kandidat, an hei ass mäin Programm, stëmm fir mech ". Et ass grad
ëmgekéiert. Ech soen Dir, Kandidat, wat Ech, den Wieler gären hätt, an wann' s
De dat nit kanns oder wëlls, kriss Du meng Stëmm nit.
Ech, den Wieler sinn dien, dien Dech engagéiert fir an mäin Service als
mäin Deputéierten ze trieden. Wann Ech Dech wielen, bass Du gebieden dat ze
maachen wat Ech gären hätt. Keen Cadeau, just gutt Aarbecht. Duerfir soen Ech
Der hei wat Deng Aarbecht ass.
Vergiess jo nie dat Ech dien sinn dien Dir déi Aarbecht gëtt. A wann' s
De iren solls Minister an der neier Regierung ginn, verstéi dat Minister vum
Latein kënnt, an wëll Dénger oder Serviteur soen. Du bass nit mäin Patron. Ech
sinn Däin Patron. Du bass just mäin Vertrieder. Ech ginn Der een Déngscht Grad,
eng (gutt) Pei an d' Autoritéit fir Deng Aarbecht ze maachen. Fir dass eist
Verhältnis kloer ass, duzen Ech Dech och. Domat sinn mer dann sécher dass De
verstees dass De nit op engem Piedestal stees, mee dat mir gläich sinn, absolut
gläich. Ech soen Der all Respekt, wann Däin Zweck ass dem Land ze déngen, an
manner esou wann' s De just no Pouvoir glëschts. Vergiess dat nit wann d'
Iwwerhieflechkeet no Denger Wal mat Dir duerch soll goen. An verstéi och
dass Ech, de Wieler, Dir oppassen an dass Du mir Rechenschaft schëlleg bass.
Wann' s Du gären meng Stëmm häss, muss Du wëssen dass Ech fir unzefänken
keng Persoun, Starlettchen oder Célébritéit wielen. Nee, Ech stëmmen fir
Iddien. Hei sinn meng Iddien, dat mécht Dir et méi einfach mech mat deenen z'
iwwerzeegen.
1. Ech ginn Der zwee Joer fir eng nei Constitutioun ze
schafen
O, keen Gewurschtels ëm déi al Constitutioun. Och nit dat
Getechtelmechtels ëm dien neien Projet dien iergendwou zënter Joeren
mautscht, an dien bis elo ee schlammen Kompromëss zwëschen blannen
Apparatchiken ass. Nee, organiséier Diskussiouns Versammlungen op den Gemengen
duerch d' Land an lauschter op d' Leit déi eppes zum Text wëllen bäidroen. Dann
maachen mer een Referendum wou all Kapitelen eenzel sollen acceptéiert ginn.
Fir d' Mooss, déi al Constitutioun huet zwielef Kapitelen. Wann een Kapitel
duerchfält, gëtt deem Rechnung gedroen an et gëtt een zweeten Referendum iwwert
déi amendéiert Kapitelen. Dann huet d' souveränt Vollek tatsächlech gesot wéi
mir wëllen zesummen liewen. No dem Aarmut and den Skandaler vun den zwee
leschten Joeren, ass dat d' grouss Botz mat deeër een muss ufänken. Eng
kredibel Constitutioun déi och respektéiert gëtt, zemol se och muss soen wéi
Ech géint Dech kann Klo féieren wann' s De se mat Féiss trëppels, wéi dat elo
d' Gewunnecht ass.
2. Eng zweet Prioritéit ass Transparenz hierzestellen
Ech muss jo op Dech oppassen, wann' s De gewielt gëss. Mir wëssen jo
dass den Pouvoir korrupt mécht, wann keen nokuckt. Fir déi néideg Transparenz
ze kréien, hei ass meng Lëscht vun Saachen déi ze maachen sinn, an Du solls
Dech nit derlaanscht drécken fir dat an Musek ze setzen d.h. déi folgend
Gesetzer an Reglementer endlech op den Dësch ze leeën:
- Mir
waarden schonn 12 Joer op déi Lëtzebuergesch Versioun vun engem
"Freedom of Information Act", also de Projet de Loi Bodry iwwert
d' Recht Zougank ze hunn un der Regierung an der Administratioun hir
Informatioun. Ech muss jo kënnen kucken wat' s De schaffs. An looss Noten
huelen vun den Gespréicher déits De féiers, dann kanns De herno nit léien,
oder Du gëss erwëscht.
- Dann hätt
Ech gären een Code de Déontologie, dien eppes daacht. Dann weess Du an Ech
wéi' s Du Dech solls opféieren. Vergiess nit mat deem Unfug opzehalen wou
Deng puer privilegiéiert Staatsbeamten sech an den privaten
Verwaltungsréit verwinnen loossen. Dat ass offiziell
Korruptioun.
- Dat nächst
ass endlech een Gesetz géint d' Korruptioun. Nit fir eppes ze soen, mee
den Pouvoir mécht korrupt. Du muss also wëssen wéini dass De riskéiers an
de Bing ze goen. Iwweregens hätt Ech gär dat et duer geet wann 1/3 vun der
Chamber eng Enquêten Kommissioun stëmmt. Mir hunn jo gesinn dat soss alles
ënnert den Teppech gestëmmt gëtt.
- Et feelt
och een Gesetz iwwert den Lobbying. Do sinn mer esou krank, dat d'
Lobbyisten alt an verschiddenen Gremien an den Komiteeën sëtzen. Een
Lobbyist muss een enregistréierten Beruff sinn, oder nëmmen konstituéiert
Organisatiounen, wéi Gewerkschaften, Associatiounen, asw.
- Ech
weess et ass heiansdo schwéier fir dat Richtegt ze maachen. Eisen
Nach-Premier sot emol, hien wiisst genau wat hien misst maachen fir d'
Problemer ze léisen, mee wéi géif hien dann awer zréck gewielt? Dat ass
Leadership! Ech mengen mer mussen deenen Leit d' Liewen méi liicht maachen
an nëmmen zwee Mandater noeneen erlaben. Dann kann een wéinstens déi zweeten Kéier den
Courage hunn eppes ze maachen. An d' Land léiert an engems dass keen
indispensabel ass.
- Datselwecht
gëllt fir d' Kumuléieren vun Mandater. Wou solls De do Deng
Aarbecht maachen?
- Dann bleift
och nach eis Justiz. Mir kënnen keen zouverléissegen Banken Zenter sinn
mat enger Justiz déi nit fonctionnéiert wéi se soll. Joeren an Joeren Gedeessems fir een Jugement ze
kréien ass schlëmm. Et ass eng Violatioun vun den Mënscherechter an ass virun allem
schlechten Business fir Lëtzebuerg. D' Victimen (auslännescher virun
allem) vun der BCCI, vum Madoff an Kaupthing kéinten ee Lidd sangen, mam
Enrico Macias virop. Bal 30 Joer Bommeleeër Affaire ass jo nawell een gutt
Beispill fir sech virzestellen wat d' Ausland iwwert eis Justiz
denkt: elo sinn alt erëm 8 Wochen Vakanz, an d' Gericht, d' Affekoten and
déi Ugekloten sinn op der Plage oder am Schwarzwald.
- Zu gudder
Läscht bleift den Problem vun der Representativitéit vun eisem Parlament.
Do sinn bal nëmmen Affekoten an Staatsbeamten, all mat hirer aler Carrière
als Garantie. Déi representéieren sech virun allem selwer. Déi aner
Lëtzebuerger kënnen wéinstens fir déi stëmmen. Mee d' Auslänner déi zu
Lëtzebuerg wunnen, schaffen, an Steieren bezuelen hunn näischt ze
radetten. "Taxation without representation" géingen d'
Amerikaner soen .... Ech loossen mech do vun Dir iwwerraschen, genau wéi
bei Froen wéi der Séparatioun vun Staat an Kierch, oder wéi weit mer den
Kapp hin halen zu Bréissel.
Dat ass déi grouss Botz. Doniewent bleift déi dagdeeglech Aarbecht,
virop bal 20.000 Chômeuren. Dat quëtscht den Duerchschnëtts Lëtzebuerger, dien
säin Geld mat haarder Aarbecht verdéngt, zwëschen zwee ëmmer méi grouss Lächer,
déi mat sengen Suen mussen gestoppt ginn: op der enger Säit fir déi ouni
Aarbecht ze ënnerstëtzen, op deeër aner Säit fir déi futsch Banken ze retten.
Dat packen mer nit éiweg. Do hues De elo Spillraum genuch fir ze weisen wat' s
De kanns, an ze maachen wat een muss maachen, zemol wann' s De Däint zweet
Mandat hues: Du kanns jo dann souwisou nit méi erëm gewielt ginn!
Bonne Chance fir den 20ten Oktober. Mat mir verdierfs D' et awer wann' s
De am Walkampf mat Dreck geheis, Ligen erziels an virun allem nit méchs wéi
Ech, den Wieler, Der elo grad erkläert hunn.
No comments:
Post a Comment