Ass dat do
den Péckvillchen?
Ma nee, dat ass een Adler,
nom Changement d’ Administration.
Photo: St. ET
|
Carrière ouverte am Bistum
Mir sinn frou, well t’ gouf
keng Trennung vun Kirch an Staat,
Den Péckvillchen hat sech jo
nit an den Kapp gesat,
An senger Carrière och nach Weibëschof
ze ginn,
Ouni awer duerfir Paschtouer
mussen ze sinn.
Abbé, dat geet vun elo un wéi
der gesitt,
Den Frieden huet dem
Generalvikar seng Plaz kritt,
An well Luc an Ern d’ selwecht
Mooss am Kolli hunn,
Deet den Luc einfach dem Erny seng
Soutane un.
Well Spueren ass keen Muttwëll
laut der Deutsche Bank,
Do sinn d’ Banquieren nëmmen nach
Haut a Schank!
Dem Katar seng sechs
Milliarden klaken do d’ Pan,
T’ géif méi bëlleg fir den
ganzen Buttek zou ze man.
Duerfir huet den Luc eent schwéiert
Buch schreiwen gelooss,
Mat schwéieren Wierder, fir an
d’ Gaasperecher Strooss.
Dat Changement an d’ Wisen ass
ethesch an der Rei,
Dat eenzegt wat changéiert ass
nëmmen d’ Gezei.
Am Wort sinn jo bekanntlech gutt
Journalisten,
Mee uewen kommen lo kataresch Salafisten,
Well den Luc den St Paul un d’
Scheichen verkeeft,
Mee t’ ass nach Beichtgeheimnis,
wéini dat do leeft.
An domat ass d’ Fusioun vun
Kirch an Staat komplett,
Wéi den Luke dat wëll, an den
Erny et gären hätt.
Nom Gottfried Hurra sengem kanouneschen Recht,
Ass hien deen aus dem goellenen Kaefeg brecht.
Mee am Chrëschtlech-katareschen Suen
Veräin,
Schëdden se schonn all Waasser
an hiren Wäin!
“Jo, jo, nee, dach den Luc Premier,
formidabel!”
Mee heemlech wënschen se, hien
géing bei der Babel.
No comments:
Post a Comment