Ass dat do
den Péckvillchen?
Ech fäerten eppes do ze soen. Photo ET
|
Den Luc Frieden am Interview
mam Péckvillchen.
Den Luc huet een Buch, “Mein
Kapital” geschriwwen,
Den Péckvillchen sot, “do ass näischt
iwwerdriwwen,
Wann den Luc wëll d’
Promotioun vun deem Wierk hei man,
Reng ethesch gesinn sinn do
keng Virwërf dran!”
“Jawoll!” sot den Luc, “Ech
hunn dat laang iwwerluecht,
Fir do nee ze soen hunn Ech
net fäerdeg bruecht.
Ech sinn frou den Péckvillchen
hei ze besichen,
An d’ Redaktioun ze gesinn, an
och seng Kichen.”
“Här Chairman, ‘Mein Kapital’ schwëtzt
iwwert d’ Kuelen,
Am Wiseler den wëllen Wieler
wechzehuelen.
Dir sot Europa bräicht elo fënnef
Nullen,
Wann nit, dann wär et geschwënn
eng Kaz fir d’ Vullen?”
“Jawoll, domat huet den Péckvillchen
alt rëm Recht,
Den Lëtzebuerger ouni mech
geet et ganz schlecht.
D’ Land brauch eisen
Catareschen Suen Veräin,
An awer och d’ Deutsche Bank,
soss spuert jo keen Schwäin.”
“Am Katar soen se wou ass d’
Oppositioun?
Déi kënnen jo näischt, Du muss
rëm zréck an Aktioun!
T’ heescht zwar: Mir mussen déi
knaschteg Aarbecht maachen,
“Mein Kapital” ze schreiwen war
och nit fir ze laachen.”
“Als Premier huelen Ech awer
och d’ Finanzen,
An bestëmmt ginn et der dann
do déi granzen,
Duerfir huelen Ech och d’
Justiz an d’ Polizei,
An direkt den Paragraph
vierunddreissig Strich zwéi!”
“Här Minister, wat soen Ech, Är Exzellenz,
Als Premier verdeelt Dir bestëmmt och mat der Strenz,
Den Péckvillchen seet jo, mer kënnen nit léien!
Kann hien dann trotzdem Pressen Hëllef kréien?”
No comments:
Post a Comment