Ass dat do den Péckvillchen?
Ma nee,
dat ass d’ Protection Civile. Déi kucken d’ Päerd am Waasser.
Photo: Poseidon
|
O nee! Gëschter een Stéier, haut ee Päerd!
Dem Stéier vun gëschter saïn
Brudder huet ugeruff:
“Péckvillchen hei ass den
Ochs, Portier hei am Puff,
Kuckt Der just emol déi Diskriminatioun
lo un,
Ee vollt Päerd fält an d’
Waasser, an t’ gëtt eraus gezunn!”
“Ech hätt nawell gär wann een
mer erklären kënnt,
Bei engem Stéier kommen se mat
enger Flënt.
Bei engem versoffenen Päerd kënnt
Jan an Man,
Den Péckvillchen sot: “Ech fillen
dem Ochs seng Trauer,
T’ schéngt dat Päerd war och gëscht
am Stall beim Bauer.
An huet gesoff wéi een Päerd, t’
konnt bal nit méi stoen,
T’ huet Séipäerdchen gespillt
vrum Poseidon sengem Won.”
“A jo! Een Stéier bréngt een
einfach em den Eck,
T’ ass schlëmm, mäin Brudder
ass Kuddelfleck!
Een Kockelscheier Päerd ass
eppes Besseres.
T’ gëtt jo haut keen méi dien nach
Päerdsbifdeck ësst!”
Déi aner traureg Moral vun der
Geschicht awer ass,
T’ kennt keng Sau méi den
Prinzip vum Archimedes.
Den Péckvillchen hätt d’
Piscine struppevoll gezaapt,
An d’ Päerd wär einfach mam Waasser iwwergelaf.
An d’ Päerd wär einfach mam Waasser iwwergelaf.
No comments:
Post a Comment