Ass dat do den Péckvillchen. Ma nee,
dat ass den opgescheichten Hamad al Pohunn.
Photo: ET
|
Beverly Hills zu Lëtzebuerg
T’ koum een mat honnert
véierafofzeg Saachen,
Eng Polizei Kontroll huet dien
Dabo gesinn,
T’ ass Schued, den Bausch hat
deenen nach keng Knipsmaschinn ginn.
Do hunn d’ Jongen hiren alen
Schlitt ugekéiert,
An hunn en mat der bloer
Luucht poursuivéiert.
Eisen Dabo, bestëmmt aus
gudder Famill,
Huet méi Gas ginn, dunn war dat
der Police zevill.
Sou koum den Eefalt dann
schlussendlech duerch d’ Bascht,
Ouni Gefor dass dat saïn Führerschäin
kascht.
Wien war dat dann? Den Péckvillchen
enquêtéiert:
Zu Beverly Hills ass dat
selwecht passéiert!
Do war eisem gudden Frënn vum Katar
saïn Jong,
Sou domm dass et am Sydney Morning Herald stong.
Den Scheich Khalid bin Hamad
al Thani al BIL
al KBL, spillt Fangio zu
Beverly Hills.
Den Beverly Hills Cop wollt en
sech pëtzen,
Mee keen Scheich wëllt beim
John Wayne am Prisong sëtzen.
En huet dunn sou séier wéi
seng Ferrari d’ Land verlooss,
War et éieren hien op der
Iechternacher Strooss?
No comments:
Post a Comment