engem Wal Verspriechen. Photo ET
Huet schonn
een vun Iech den Juncker gesinn?
Ech hunn et
gesot, an Ech soen et och nach,
Brauch Lëtzebuerg
dann iwwerhaapt den Juncker nach?
Hien war nie
do, an trotzdem wielen s' en rëm all,
Hien ass jo
lo do, op Plakaten, iwwerall.
T' gouf e bësschen
Gedeessems an der Tse Ess Fau,
Do woussten
se den Walprogramm nach nit genau.
Dunn soten
se dat neit Schwaarzt wär elo Orange,
De Juncker
sot "Ech sinn rout, an ginn op Florange."
Den Mischi
sot; " Dat Duercherneen, SREL, Coup d' État,
Parlament,
Kommissioun, geet hien op Europa?
Mir
brauchen hien nach, hien muss jo Stëmmen fänken,
Loosst mer
hien op neien Plakaten ophänken!"
Elo steet
hien do, ganz eleng op allen Ecken,
"Eleng,
zesummen fir Lëtzebuerg?" froen d' Gecken.
Ma jëmmen
an gewëss, hien ass all Dag um Tour,
Souguer mam
Luc Frieden an Sarah Khabipour.
Hien mécht Spréchelcher,
bleift nach laang zu Lëtzebuerg.
Néng Méint
bis d' Europawal, ass dach nit ze uerg?
Kuckt d' Plakat,
rout Cravatte, bloen Kostüm, gréngen Bësch,
Bleift en,
oder sinn dës Walen säin Gréngen Dësch?
No comments:
Post a Comment