Wednesday, October 16, 2013

De Juncker ass een Affer Lämmchen!

Ass dat do den Péckvillchen? Määäh nee, dat ass ee schwaarzt Lämmes. Dass d’ Photo vum ET ass, ass eng Liggen.

De Juncker ass een Affer Lämmchen!

D' Lëtzebuerger Walcampagne ass platt wéi een Euro,
Firwat ginn mer eigentlech wielen, stellt sech d' Fro.
T' héiert een keen Pippcheswuert vun den Skandalen,
No dësen Walen, bleift do alles beim Alen?

D' Consolatrix muss rëm hiren Noper tréischten,
Hien ass d' Affer Lämmchen vun all deenen Béischten.
"Määäh Scheefchen", sot d' Mährri dunn, "géi lo getréischt heem",
"Määäh verstéi, bis bei määähch erop wuessen keng Beem".

Et geet keng Rieds määäh vun den määähschten Skandalen,
Soll den Määähschter iwwert d' Bananneschuel falen?
Oder huet hien e Määähndeg d'absolut Määähjoritéit?
Zwanzegdausend Chômeuren ginn him määäh Stabilitéit.

Tse Ess Fau seet määäh behalen gääär dien Alen,
Määäh wäerten d' Hand iwwert d' Affer Lämmchen halen!
Määäh gutt dann, soen déi Gréng an den Sandalen,
Blo a Rout soen den Määähschter setzt eis Falen.

E Sonndeg, no der Seechen vun der Rouder Geess,
Loossen määähr den Kaffi ston, samt Schmier an Gebääähs,
Fir deem schéinen schwaarzen Affer Lämmchen no ze goen,
Wäit virun den Rouden, Gréngen, an den Bloen.

An e Määähndeg de Muergen sëtzt d' Land an der Klääämm,
Wou d' Määählzecht duerecht d' Wisen zéit, hunn d’ Leit déck d' Flääämm.
Goufen määäh all vum Lämmes gebass? Wuer geet dat hin?
Määäh, meng léif Mähdame, määäh wëllen bleiwen wat määäh sinn!

Abbé Mährssi!



No comments:

Post a Comment