XY
man Zodi um Eecherfeld
All
gudden Mathematiker ass frou,
Wann
hien iergendwéi an iergendwou,
Eng
schwéier Equatioun ze léisen huet,
An
séif et eng aus dem Gemenge Buet.
Am
Buet goung Rieds vum Ix an Igrec,
Den
Igrec dien setzt elo fatzeg am Dreck,
Well
den Gauthier huet dem Ix gesot,
"Wéi
goung déi Schmot duerch den Gemengerot?"
Dank
dem Wort wësst Dir den Ix ass den Xaaf,
Deem
ass eppes iwwert d ‘Liewer gelaf.
Et
ass eng “Luxusvilla” um Eecherfeld,
Déi
dem Buergermeeschter guer net gefält.
An
Dir verstitt, den Igrec ass den Yves,
Dien
ganzen Zodi mécht dien schéin mief.
Hien
seet: “an wat Ech schonn guer net verstinn,
Däin
Pätter hat mer d’ Genehmegung ginn!”
Am
beschten hält een sech do ganz bedeckt,
An
t’ sicht een sech een aneren Architekt.
Een
neien Plang trefft den Kapp op den Nol,
A
fort e geet, dien ganzen Protokoll.
Verstitt,
den Igrec hat eng horribel Woch,
Den
Ix setzt hien einfach an den Duerchzoch,
An
den JC huet den Hollande verpaaft,
An
Frankfurt fir drësseg Euro verkaaft.
Yves,
ee gudden Rot, trau elo kengem méi,
Maach
grad wéi Ech mat mengem Daach vun Stréi.
Soss
bauen déi Dir riets ee Velodrom,
An
op der an’rer Säit ee Stadion.
No comments:
Post a Comment