Monday, June 9, 2014

D' Kulturell Säit mam Deborah De Benedictis


Ass dat do den Péckvillchen? 
Ma nee, dat ass d' Origine du Monde. 
Photo: Gustave Courbet


















Am Lëtzebuerger Wort fënnt den Bëschof et OK,
Fir Plakeger ze weisen aus dem Musée d' Orsay.
D' Origine du Monde aus dem Pinsel vum Gustav,
Wat sot der do? Den Gustav ass keen Pornograph!

No zwéin Deeg sot de Bëschof, "t' geet awer lo duer,
Soss kënnt nach een mat Alexandriner gefuer!"
Soubal d' Wuert Kultur fält ass den Péckvillchen do,
An spëtzt säin Bläistëft and stellt dem Debbie eng Fro.

"O Meeschtesch, Ären Tableau huet mech emgehäit,
T' ass jo nit all Dag dass een ganz Paräis gesäit.
Wéi koum et zum Klimax vun Ärem Phantasm,
Deeër Surimpressioun vun zwéin Pleonasmen?"

"T' war eng Hymn, eng visuell Eponomasie,
Eng Zäsur, eng Invokatioun, vläicht eng Kopie.
An dunn d' gestuell Rhythmik vun der Repressioun,
Den Paroxysm vun der Interpretatioun."

Kulturbanausen man den Geck, t' wär Taliban,
Oder d' Conchita Wurst, t'  géing och den Baart nit man.
Iwwert déi Metalepsis ass den Péckvillchen béis,
An als Epigram gëtt et eng mat der Broutschéiss.

Den Péckvillchen huet den Salvador Dali gefrot,
Ass dat Konscht? Dunn huet den Dali dat hei gesot:
"Fir den dommen Dittchen z' interesséieren,
Muss den Dali den Dittchen provozéieren."




Tuesday, June 3, 2014

Teppechwitz Numero 1: eng Nummer ze grouss

                                                                                                                                                                   


Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee, dat ass dach een 
Teppech Wiewer. Photo ET


Teppechwitz Numero 1: eng Nummer ze  grouss

Eisen Ausseminister ass fär vum Heimatland.
Hien sengt epps vun "brennend heisser Wüstensand".
Am Iran ass hien an enger Stëbswollek geland,
Schonn bei der Arrivée huet en d' Aen voller Sand.

Den Ayatollah empfänkt en zu Teheran,
Wéint dem Stëbs schloen déi zwéin sech eng Taass Téi eran.
Den Jang erkläert him d' Trennung vun Moschee an Staat.
Den Ayatollah lauschtert, hien gëtt es nit sat.

"Mee", sot de Jang, "Ech verkafen Iech nit fir domm,
Dir wësst Ech sinn hei, well Ech brauch eng Atombomm.
Am Conseil de Sécurité setzen Ech um Wupp.
Ech séiz awer léiwer beim atomaren Club".

"Gutt" sot den Mann dunn, "mar fueren mer op Isfahan,
Dat ass do wou mer Atombommen man.
Do verkafen mir der een Atombommenteppech
Da seet keen méi kuck den Jang ass awer schappeg".

"Excellent Exzellenz , a mir liwwere Iech Steng,
Bei Iech hei an deem Wüstesand ginn et jo keng."
Sou sot den Jang, an dobäi ass hien nit eleng.
Hien schwëtzt am Numm vun der Stengeforter Gemeng.

An do ginn den Jang an Mohammad Hand and Hand.
An der UNO kucken se hien mat Onverstand.
"Sou" sot den Jang, "lo kennen mir eis emaarmen".
An den Mohammad sot: "In Ewigkeit, Amen". 





Saturday, May 31, 2014

Kommt mir ginn all an den Te Deum !



















Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee, dat ass den Jang mat 
sengen gëllenen Inten op der Schluss Pressioun. Photo: Bistum

Kommt mir ginn all an den Te Deum !

Dir sot Dir waart nit an d' Muttergottesoktav?
Dir sidd dann keen...., d' Wuert ass mir lo op der Zong verlaf.
Wahrscheinlech wëllt Dir dann d' Trennung vun Kierch an Staat?
Esou huet déi Saach sech emol erëm geschwat.

Ech duecht d' Dammen mam Hutt géingen an d' Kathedral,
An, an den Theater, géingen d' Hären mam Schal.
Dat wär awer dach keng Trennung vun Kierch an Staat,
Dat wär jo egal wat, epps wéi Ech weess nit wat.

Ech krut zwou Invitatiounen an engem Kuerf,
Fir dëst Joer bleift d' Kierch dann emol nach am Duerf.
T' war och eng Broschür dran fir op Tréier ze fueren.
Nationalfeierdag ginn mer jo allegueren.

Dëst Joer waren mir fir eng Trennung nit prett.
Wéi eng Religioun hunn näämlech d' Kett an de Mett?
Dat misst een jo wëssen vun Ufank un,
Fir dat mer keng falsch Kaart an der Enveloppe hunn.

Fir elo bleift dann emol alles beim Alen,
Mir fueren esou virun wéi vrun de Walen.
Ënnert enger Conditioun déi et an sech huet:
Gläichgeschlechtlech Kopplen ginn an der Kierch bestuet!



Saturday, May 24, 2014

De Juncker ass och nach een Bréckenbauer


















Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee, dat ass een schwaarzen 
Bréckebauer, dien baut eng blo Bréck. Photo: ET

De Juncker ass och nach een Brécken Bauer

Aus dem Stade National ass bekanntlech näischt ginn.
Duerfir wëllt den Juncker elo Bréckebauer ginn.
Bei den  Europawalen, wann Ech gutt verstinn,
Ass hien keen Kandidat, mee wëllt Bréckenkapp ginn.

Stellt Iech emol fir bei den Walen geet keen hin,
Kann hien dann awer Bréckebauer ginn?
Ma sécher, an fir déi Zort Brécken ze bauen,
Ass hien nach laang  nit eleng den Super Schlauen.

Dat sinn déi Brécken déi een ëm d' Feierdeeg baut,
Wéi ëm Märei Klamm op, wann een d' Klacken laut.
Ouschter- an Päischtméindeg, wann d' Wieder näischt versaut,
Oder een Iech d' CD Placken vum Auto klaut.



Monday, May 19, 2014

Bei der Cargolux ginn et 60 Deeg Congé !


















Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee, dat ass CV déi ass am 
Yangtse gelant. Photo: P. Mousel


Bei der Cargolux ginn et 60 Deeg Congé !

Honnert Komma Siwen huet elo grad gesot,
Den Robert Song hätt zwou Wochen Congé gefrot.
Zwou Wochen no nëmmen zwéin Méint soen Ech Iech,
Dat man am Joer 12 Wochen oder 60 Deeg.

Am Dossier Cargolux leeft jo am Moment näischt,
Et sinn der déi soen den Song dien hätt vläicht,
"Zevill Drock op Peking" fir d' Accorden gemaach.
Ech mengen awer et wär eng ganz aner Saach.



Saturday, May 17, 2014

De Juncker ass keen Techie




Sinn dat do Péckvillercher? Ma nee, dat sinn Techieën. Photo: SREL



17 Mee: Update vum Péckvillchen sengem Korrespondent, aus dem Bus!

Een Pohunn leeft dorëmmer mam plakegen Aasch,
De Juncker schreift mat deem sengen Plommen an senger Haascht.
Den SREL huet eng Video dovun an erkläert,
Hien wär zwar keen Techie, mee säin Humor wär derwäert.




Ass epps aus dem Youtube, kritt keen et méi dran,
Dann geet Jenni an Menni den Spott dermat man.
Den Schulz mécht een Chat: " OMG, LOL, XOXO, LOL".
De Juncker grommelt:" Dien do huet bestëmmt d' Panz voll!"

Hien ass keen Geek, hien mengt eng Maischen géing tweeten,
Een Server wär ee Garçon, dien bréngt eis nach een.
Apple wär een Micro Soff, dien drénkt sech am Ei Patt,
An Java ee Lidd vum Fausti, dann sengt hien mat.

Hien sot een USB, dat wär eng Schwäizer Bank,
An een PDA, dat wär een aus Haut an Schank.
Wann een Mega an Wifi seet, an engem Zoch,
Dann seet hien : "Mmmh, jo, elo richen Ech et och."

Jongen an Meedercher, wuerfir geet et hei drëm?
Ma bei den Walen brauch den Juncker Är Stemm,
Well hien huet nëmmen fir President studéiert.
Wat mécht hien dann, wann en d' Walen verléiert?

Kommt, kommt, wat heescht hei en ass jo guer nit Kandidat?
Hien ass Kandidat, hien huet sech just nit opgesat.
D 'Accord, d' Walen wannen geet och nach nit duer,
Well am Conseil gëtt vläicht mat him Schlittschung gefuer.

De Juncker mam Premier ass dann dat neit Gespaan,
Kuckt emol wat déi zwéin do am Te Deum man.
Am belschen Chic, schécken se sech SMSen,
Da geet d' Zäit erëm, an hien léiert alt e bëssen. 

Hien le'iert och Angry Birds spillen op Féiss Buck,
Op Farmville kritt hien Subsiden fir eng nei Kluck.
Eisen Techie spillt Candy Crush an Ligen Poker,
Do ass hien gutt dran, do nennt hien sech den Joker. 




Friday, May 16, 2014

Den éischten Cargolux Vol fir op Zhengzhou


















Ass dat do den Péckvillchen? Nee dat ass een Intebunnes. 
Photo: Luxembourg Air Force


Den éischten Cargolux Vol fir op Zhengzhou

Gebrachen News: elo grad ass d' Neiegkeet gebrach!
Keen Vol am Mee, mee den Bausch huet säin Billjee nach.
Kommt, maacht awer elo keen Kaméidi do drëm:
Vun engem éischt Klass Billjee kritt een d' Suen erëm.

Bis den nächsten Vol vergeet awer nach een Strapp.
Fir d' éischt kréien mer den Tram, an och een Tramsschapp.
An waart, d' Nohaltegkeet ass jo nach laang nit um Enn:
T' kënnt nach een Fliger fir eis Force Aérienne!

Mir maachen eis Rees dann ganz nohalteg op Zhengzhou,
Mir huelen den Tram an den Fliger! T' kascht kee Su.
Um Tarmac zu Zhengzhou soen mer dann, Ech wetten:
T' wär awer flott wann mer d' Cargolux nach hätten!