Monday, June 9, 2014

D' Kulturell Säit mam Deborah De Benedictis


Ass dat do den Péckvillchen? 
Ma nee, dat ass d' Origine du Monde. 
Photo: Gustave Courbet


















Am Lëtzebuerger Wort fënnt den Bëschof et OK,
Fir Plakeger ze weisen aus dem Musée d' Orsay.
D' Origine du Monde aus dem Pinsel vum Gustav,
Wat sot der do? Den Gustav ass keen Pornograph!

No zwéin Deeg sot de Bëschof, "t' geet awer lo duer,
Soss kënnt nach een mat Alexandriner gefuer!"
Soubal d' Wuert Kultur fält ass den Péckvillchen do,
An spëtzt säin Bläistëft and stellt dem Debbie eng Fro.

"O Meeschtesch, Ären Tableau huet mech emgehäit,
T' ass jo nit all Dag dass een ganz Paräis gesäit.
Wéi koum et zum Klimax vun Ärem Phantasm,
Deeër Surimpressioun vun zwéin Pleonasmen?"

"T' war eng Hymn, eng visuell Eponomasie,
Eng Zäsur, eng Invokatioun, vläicht eng Kopie.
An dunn d' gestuell Rhythmik vun der Repressioun,
Den Paroxysm vun der Interpretatioun."

Kulturbanausen man den Geck, t' wär Taliban,
Oder d' Conchita Wurst, t'  géing och den Baart nit man.
Iwwert déi Metalepsis ass den Péckvillchen béis,
An als Epigram gëtt et eng mat der Broutschéiss.

Den Péckvillchen huet den Salvador Dali gefrot,
Ass dat Konscht? Dunn huet den Dali dat hei gesot:
"Fir den dommen Dittchen z' interesséieren,
Muss den Dali den Dittchen provozéieren."




No comments:

Post a Comment