Friday, January 31, 2014

Cargolux. Appel de Caricature fir een neien Cii Ii Ouh


















Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee, dat ass You name it, we fly it. Photo ET

Cargolux. Appel de Caricature fir een neien Cii Ii Ouh

D' Cargolux Bridder an der leschter Réunioun,
Do leeft den Komitee fort bis op een Spioun.
Dem Mousel stéisst d' Uelzecht erop, hien ass Sauer,
De Berns schreift en hätt d' Flemm am "Lëtzebuerger Bauer".


Gerüchter géingen ëm iwwert den Van De Weg,
An den Van Den Pas méich sech och mat him ewech.
Am Fong, amplaz deene hir Nimm opzeschreiwen,
Ass et méi einfach, et zielt een déi, déi bleiwen.

Den Helminger sot wéint menger kennen s' all gon,
T' kënnt dann eng Annonce an d' Feinäntschel Teims dran ston.
Do kënnt Djobb Deskriptschjen dran, zwar op Mandarine,
Well d' Chineesen jo keen Lëtzebuergesch verstinn.

Déi perfekt Karikatur ass Psychiater,
Soss mécht een nit laang mat an dësem Theater.
Als Avantage gëllt Mécanicien, an Pilot,
Dien een Looping ënnert der Rouder Bréck duerch wot.

Den Idee Aalen Kandidat, dien meckert nit,
Vläicht d' Viv fir dat CV seng Fraequote kritt?
Wanns Du Dech op Géigenwand an déck Loft nach frees,
Mellt Dech dann beim Här Peckvull Van De Nitgeess.



Friday, January 24, 2014

Mam Ex-Premier um Heeschen Tour


















Ass dat do den Péckvillchen? Nee, mee een Politiker mam Mond voll. Photo ET


Mam Ex-Premier um Heeschen Tour

Léiwer Härgotts Merkel,
Madame vum Hummer an Zierkel,
Hummer, Zierkel,
Ech schaffen gär fir Dech zu Bréissel,
Fir Dech zu Bre'issel.
Scheck den Barroso a Portugal,
All aner Kandidat ass duerchgefall!

Léiwer Härgotts Francois,
Ech ersetzen gär den Barroso,
Ee Blond, zwee Blond,
Ma Francois Du bass awer gesond,
Bass awer gesond.
Ech géing gär zu Bréissel liewen,
An d' Trierweiler derniewent!

Léiwer Härgotts Van Rompuy,
Ech hëllefen gär, Du kanns nit méi.
Bréissel, Euro,
Ech wär gär dien neien Barroso,
Neien Barroso.
Loosst den Mann dach an d' Pensioun,
Keen méi schafft jo do ee Spoun!

Léiwer Härgotts Barroso,
Geess Du schonn a Pensioun, so?
Jerez, Porto,
Als Remplassang kommen just Ech a Fro,
Just Ech a Fro!
Loosst déi jonk Leit striewen,
Déi kennen näischt vum Liewen.

Léiwer Härgotts Péckvillchen,
Hëllef mir op een Euro Stillchen,
Bréissel, Stroossbuerg,
Dat anert Joer maach Der do keng Suerg,
Maach Der do keng Suerg.
Du gëss mäin Presse Spriecher,
Zwitschers vun den Diecher,
Ass dat nit bal,
Ginn d' Féiss hinnen kal.
Ass dat nit gläich,
Laachen se sech an d' Bäich.
Ass et nit geschwënn,
Ginn meng Chancen ganz dënn.
Ech well awer nit an d' Wahlen goen,
An dem wëllen Wieler säin Wielerwëllen froen.



Tuesday, January 21, 2014

Een Plaidoyer fir d' Biekerecher Waasser
















Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee, dat ass den versoffenen Storch.  
Dien läit alt schonn erëm am Gruef. Photo Hick!


Een Plaidoyer fir d' Biekerecher Waasser

Am Kader vun der Aktualitéit, an als Homage un den Bourvil, d' Ried vum Péckvillchen virum AAA Lëtzebuerg 

Dir Dammen an Dir Hären,
Léif Anti Antialkohol - Hick! - er

Biekerecher Waasser, Jo! Mee Alkohol, Nee!
Ah dach, dien hei drénkt näischt, doheem an ënnerwee,
Eng Drëpp Biekerecher, nee, Drëps Biekerecher,
Fir ze feieren, ass dat bescht Feierwaasser.

Biekerecher Waasser, Jo! Mee Alkohol, Nee!
Biekerecher an Alkohol sinn zweeërlee.
D' Biekerecher Waasser ass staark, t' kann Fëscher droen,
Hä, gewass! T' kann Schëffer droen, wollt Ech soen!

Bieker-Hick-er Waasser, Jjo! Mee Alkohol, Nee!
Duerfir huet dien hei ëmmer eng Kluck voll derbäi!
Biekerecher Waasser, vum Brenner, dat allerbescht.
Den Féckpillchen ass och mat deem Waasser gewäsch.

Biekerecher Waasser, Jo! T' drénkt sech mam Triichter,
Egal wou, wien, wéivill, t' bleift een schéin anniichter.
Huelt nach eent klengt Drëppe Glas,  dat ass jo nit schlëmm,
Sou joncker wéi haut gesinn mer eis nie méi erëm.

Alkohol? Nee! Mee t' steet sech schlecht op enger Patt,
Zapert, gëff eis nach een Patt, an huel Du och een mat.
An dann ass Absinthe, ma jëmmen, nee! Abstinenz!
Vun mar un drénkt dien heiten nëmmen aus der Strenz.

Biekerecher Waasser, jo! Dann bleift de Kirsch am Duerf,
Dann läit keng dréchen Long mat der Panz voll am Gruef.
T' gëtt een och nit Honds Mirabelle, ööh, miserabel.
Op véier Patten kraucht keen fort mam Jabel. 

Et Gin der déi soen, "nach eng Schlof Drëpp", am Jumm.
T' läit sech dann wéi den Gottfried Hurra op der Rum.
Eisen Villosoff seet, den Patt an Éieren,
Mee loosst Iech dann awer mam Déngscht Won féieren.

Gitt Dir alt an den versoffenen Rousekranz,
Op d' Kiermes, Fuesbal an aneren Firlefanz,
T' ass Biekerecher Waasser do fir Iech all.
Wat Dir nit drénkt leeft zu Nidderpallen an d' Pall.

Ech Wodka..Ech wollt grad soen, Alkohol, Nee!
Ass een awer mat engem Kueder ënnerwee,
An no enger Taass Kaffi Quëtscht, wat sot Ech, glëscht!
Do muss d' Biekerecher Schléiwen, entschëll - Hick, fléiwen.

Mir hunn an schwéierer Zong, Zäit, an d' Glas gekuckt,
Mir hunn wéi d' Millerad gedréint an gebruckt.
Mee, Prost! Mam Biekerecher kritt keen eis futti,
Dat Waasser kënnt an d' nei  Constituttifrutti !

Biekerecher Waasser, Jo! Alkohol, Genee!
Een Glas Virschoss an mer sangen Juchhee an d' Hee,
T' schauert den Mo, t' léisst een keng Flilleken hänken,
Haalt eng Néngtchen fir Schniewel an Panz ze schwänken!

Dir Distilléiert Dammen an Hären,
Biekerecher Waasser huet keng Kären!

Schléiwen Komitee vun AAA,
Léif Anti Antialkohol - Hick! er

Absolut Merci, an bis Pernod, beim Digestif.

Hätt nach een eng Framboise, ööh, Fro?
Lauschtert dann dem Bourvil no.





Tuesday, January 7, 2014

Exklusiv: Dien neien Code de Deontologie

















Ass dat do den Péckvillchen? Jo, mee et gesäit een en nit op der 
Photo. T' ass d' Resultat wat zielt. Photo ET

Exklusiv: Dien neien Code de Deontologie

D' Lëtzebuerger dat sinn awer mol Rosener,
Den wëllen Wieler flucht hannert der Closener !
Déi war der Deeg mat dem Dingschtauto an d' Vakanz,
An déi Jalous doheem rappen hir elo d' Panz.

De Péckvillchen gouf gefrot: " wuerfir sees de näischt?
Kuck dach emol wéi dat aremt Meedchen do kräischt."
Dajee alt erëm, Ech fänken dann vun vir un,
Et ass eng Geschicht wéi déi vum Dikkricher Hunn.

Dat hat d' Meedchen sech nun awer schlecht iwwerluecht,
BMW ass "Brauchen Mer Wierklech" hat hatt geduecht.
An CD géing "Closener Dingschtwon" wëllen soen.
T' war den SREL, dien schreift heemlech "CD" op den Won.

Den Péckvillchen war och mam Dingschtwon an d' Vakanz,
Bei houfreg Leit mat geléintem Pohunnen Schwanz,
Faarweg Papageien mat jonken Copinnen,
An deck Staatsbeamten mat Dingscht Limousinen.

Den Péckvillchen huet vill Privileger gesinn!
Well d' CD, d' Chrëscht Demokraten lo zu Fouss ginn,
Well den Tram jo nach ëmmer nit fäerdeg ass,
Kritt dien éischten fir den beschten d' Panz gerass.

T' gouf zwar strikt nom Juncker sengem Code gefuer,
Mee dien gëllt awer nëmmen fir een selekt puer,
Dien hat jo selwer säin Dingschtwon gehimmelt,
T' huet awer keen him duerfir d' Klacken gebimmelt.

Elo gëtt dien neien Code schonn erëm iwwerschafft,
Déi nei Regelen ginn  nach vill méi ugestrafft.
Mamm Arméi' s Hummer däerf een nit an d' neutral Schwäiz,
An den Arméi' s Fliger ze léinen, dat gëtt ee Kräiz.



Saturday, December 28, 2013

Vill Joer am Neie Gléck fir eis Ressort Ministeren




















Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee, dat sinn eis 18 Gefiedert, 
déi schéin an eng Richtung ginn. 
OK, et sinn der e puer méi, mee déi ginn herno op Europa.



Vill Joer am Neie Gléck fir eis Ressort Ministeren

Een "Ressort Minister", wat huet dien um Bockel?
Ech duecht déi stinn op engem gefiederten Sockel.
Et versteet een allerdéngs méi ënner "Ressort",
Wéi, wat dreift een Minister, wat fir een Motor?

Duerfir ginn se lo een Joer laang observéiert,
Wéi se sech behuelen gëtt enregistréiert.
Dann gesinn mer op se stinn mat eegener Kraaft,
Oder gëtt sech Energie anzwousch anescht verschaaft?

Wann een "Ressort" seet, dat deit op eng Fieder hin,
Mussen déi dann wéi eng Auer opgedréint ginn?
Jo, dat ass fir déi mechanesch Ministeren,
Déi, bei deenen een d' Auerwierk héiert ticken.

Wann den Wecker rabbelt, ass et ee Klackespill,
Wann den Schlëssel awer verluer geet, tickt nit vill.
Dann geet guer näischt méi, wéi am Dréiwierk versprach.
Se kommen op schaardegen Zännrieder geschlach.

Een automatescht Wierk huet zwar och een Ressort,
Dien spaant sech vum selwen bei all klengem Effort.
Bewegt een näischt, geschitt  och näischt. Dat ass Inertie.
Dien gëtt dann hoffentlech nie Minister vun der Energie.

Am Fong ass een Ressort gutt fir déi vill méi Aal.
Déi méi jonk Ministeren sinn all digital.
Batterie, Kontakt, schonn sinn se positiv gelued.
Mee wann d' Batterie platt ass, dann stinn s' all am Schluet.

Déi Gréng hunn natierlech Solar Batterien,
Fir een Megawatt, schalten mer se an Serien.
Mee keng Sonn, vill Reen, do brauch een dann ee Vëloh,
A struewelt fir Ersatz Energie vum Dynamo.

T' bleift den Staatssekretär, dien keen Portefeuille huet.
Wéi kritt een dien ouni Batterie opgelued?
O, dat ass einfach, do bleift nëmmen den Atom;
Zappt s' an d' radioaktiv Musel bei Cattenom.

Den Regierungsrot ass elo pur Energie,
D' Vëlos Klam am Boxebeen, d' Fieder stramm wéi nie.
T' héiert een am Denkprozess (1) d' Riedercher ticken,
An d' Radioaktiv, um Wupp, mat den Bicken klicken ....


(1) Ech duecht dass déi meescht denken, Denkprozess wär d' Wuert vum Joer. Ech denken, am beschten klickt oder tickt emol hei.



Tuesday, December 24, 2013

Denkprozess





















Ass dat den Péckvillchen? Roueg! 
Mir sinn just an engem Denk Prozess.

Denkprozess

Dir hutt Iech bestëmmt schonn dat neit Wuert iwwerluecht,
T' ass "Denkprozess",  mee meeschtens hunn s' un näischt geduecht.
Oder dach, dann hunn se eng verwurrelt am Kapp,
An versichen dass jo nëmmen keen se ertappt.

Iwwert d' Prostitutioun sinn mer am "Denkprozess",
Wuer dat awer hin geet, ass nach guer nit gewëss.
An den Juncker huet och guer keng Ahnung wouhin,
Dat huet awer näischt mat Prostitutioun ze dinn.

Hien ass jo am Denkprozess iwwer Europa,
Hien ass verstoppt, mir waarden op säin Eureka.
Säin vollen Asaatz als Oppositioun ass hin,
Wëll de Regierungsprogramm jo säin schéngt ze sinn.

D' Mamm vun all Denk Prozess ass de Bommeleeër,
Do sichen se nach haut no Mëttel an Weeër.
Leider ass an deem Denk Prozess näischt ze man,
Well jo keen sech un näischt méi erënneren kann.


Sunday, December 22, 2013

Sukuk






































Ass dat do den Péckvillchen? Nee, dat ass eng Kluck déi su kuckt héich 
uewen vum Juck. Photo ET

Sukuk

An der Verwaltung kucken se Dech wéi Klucken.
"Jo jo, dat misst een gesinn, dat misst een kucken".
Dat äntweren se héich uewen vun den Jucken.
An dann traut keen sech méi fir sech nach ze mucksen.

Mam neien Wand gouf aus dem Kucken een Produkt,
Keng Käpp mat Neel, mee eng Zort Kuch déi heescht Sukuk,
Mat reliéisen Zich, mee kéng Nonnefaschten,
Ech frot d' Lea Linster wat esou epps géing kaschten.

Also, fir unzefänken verroden Ech hei,
Dem Lea säint Rezept, an dat ass fonkelnei:
Schéckt Ären beschten Chamelier an den Bazar,
Dattelen an Safran kafen fir een Dinar.

Dat Ganzt fein gemuel mat Sesam an Thymian,
Klaken mer dann  mat enger Dosen Eeër an d' Pan.
Voilà, een islameschen Eeërkuch, een Sukuk!
Wéi bei eis den Nonnefascht, mee dien hei ass am Souk.

Dir kënnt een Sukuk och an e puer klenger deelen,
Déi heeschen Sukichelcher, déi sinn z' empfehlen.
Sukuk verkeeft een dann fir dien duebelen Präis,
A moins, den Imam hätt se all selwer giess.

Am léifsten hunn Ech een Sukuk liicht ugebrannt,
Duerfir kritt d' Lea een neien Stär unerkannt.
Dann kommen déi dräi Weiser aus dem Muergen Land,
Fir ze kucken, fir ze schmaachen, mat der Cargolux geland.