Saturday, May 17, 2014

De Juncker ass keen Techie




Sinn dat do Péckvillercher? Ma nee, dat sinn Techieën. Photo: SREL



17 Mee: Update vum Péckvillchen sengem Korrespondent, aus dem Bus!

Een Pohunn leeft dorëmmer mam plakegen Aasch,
De Juncker schreift mat deem sengen Plommen an senger Haascht.
Den SREL huet eng Video dovun an erkläert,
Hien wär zwar keen Techie, mee säin Humor wär derwäert.




Ass epps aus dem Youtube, kritt keen et méi dran,
Dann geet Jenni an Menni den Spott dermat man.
Den Schulz mécht een Chat: " OMG, LOL, XOXO, LOL".
De Juncker grommelt:" Dien do huet bestëmmt d' Panz voll!"

Hien ass keen Geek, hien mengt eng Maischen géing tweeten,
Een Server wär ee Garçon, dien bréngt eis nach een.
Apple wär een Micro Soff, dien drénkt sech am Ei Patt,
An Java ee Lidd vum Fausti, dann sengt hien mat.

Hien sot een USB, dat wär eng Schwäizer Bank,
An een PDA, dat wär een aus Haut an Schank.
Wann een Mega an Wifi seet, an engem Zoch,
Dann seet hien : "Mmmh, jo, elo richen Ech et och."

Jongen an Meedercher, wuerfir geet et hei drëm?
Ma bei den Walen brauch den Juncker Är Stemm,
Well hien huet nëmmen fir President studéiert.
Wat mécht hien dann, wann en d' Walen verléiert?

Kommt, kommt, wat heescht hei en ass jo guer nit Kandidat?
Hien ass Kandidat, hien huet sech just nit opgesat.
D 'Accord, d' Walen wannen geet och nach nit duer,
Well am Conseil gëtt vläicht mat him Schlittschung gefuer.

De Juncker mam Premier ass dann dat neit Gespaan,
Kuckt emol wat déi zwéin do am Te Deum man.
Am belschen Chic, schécken se sech SMSen,
Da geet d' Zäit erëm, an hien léiert alt e bëssen. 

Hien le'iert och Angry Birds spillen op Féiss Buck,
Op Farmville kritt hien Subsiden fir eng nei Kluck.
Eisen Techie spillt Candy Crush an Ligen Poker,
Do ass hien gutt dran, do nennt hien sech den Joker. 




Friday, May 16, 2014

Den éischten Cargolux Vol fir op Zhengzhou


















Ass dat do den Péckvillchen? Nee dat ass een Intebunnes. 
Photo: Luxembourg Air Force


Den éischten Cargolux Vol fir op Zhengzhou

Gebrachen News: elo grad ass d' Neiegkeet gebrach!
Keen Vol am Mee, mee den Bausch huet säin Billjee nach.
Kommt, maacht awer elo keen Kaméidi do drëm:
Vun engem éischt Klass Billjee kritt een d' Suen erëm.

Bis den nächsten Vol vergeet awer nach een Strapp.
Fir d' éischt kréien mer den Tram, an och een Tramsschapp.
An waart, d' Nohaltegkeet ass jo nach laang nit um Enn:
T' kënnt nach een Fliger fir eis Force Aérienne!

Mir maachen eis Rees dann ganz nohalteg op Zhengzhou,
Mir huelen den Tram an den Fliger! T' kascht kee Su.
Um Tarmac zu Zhengzhou soen mer dann, Ech wetten:
T' wär awer flott wann mer d' Cargolux nach hätten!





Wednesday, May 14, 2014

Mam Katar ass näischt am Sand verlaf.


















Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee, dat ass den Clou vum Dag. 
Photo: Service Culturel Vum Péckvillchen.

Mam Katar ass näischt am Sand verlaf.

Kommen déi dräi Äishelleger um Kalenner,
Mécht d' Regierung gär eng Paus an waarmen Länner.
A wéi den Tintin um Frieden sengen Spuren,
Huet d' Maggy Nagel an den Qatar mussen fueren.

Op Al Jazeera hunn Ech d' Arrivée gesinn,
Eng Stëbswollek, an do steet eis Ministerin!
Den Schal doheem gelooss, ouni Te Deum's Hutt,
Well am Katar ass jo bekanntlech d' Wieder gutt.

An der Karawanserei gouf et eng Feier,
Et gouf Figen an Dattelen, mee keen Bofferdings Béier.
Mee den Clou vum Dag war een Accord Culturel!
A, gesitt Der, mir aner maachen Käpp mat Neel.

Source: Qatar-Luxembourgsigns agreement on cultural cooperation




Wednesday, May 7, 2014

Lëtzebuerg deeskaléiert !

















Ass dat do den Péckvillchen? Nee, dat ass een Pelikan dien an  
d' Waasser deeskaléiert. Photo ET

Lëtzebuerg deeskaléiert !

Am Jang senger UNO gëtt et komplizéiert,
Wéint den schwéieren Wierder, wéi "deeskaléiert".
Den Assad huet Syrien schéin abetonéiert,
An den Taliban huet bal demissionéiert.

Al Qaida ass zwar nach ëmmer, an iwwerall,
Mee déi hunn deeskaléiert aus dem Schwénge Stall.
Et dréint sech alles Rengeli Rosen am Krees,
Eng Spiral no ënnen, keng Kotlett mee Gebeess.

D' Lëtzebuerger deeskaléieren an Däitschland,
D' Cargolux op Hahn gouf jo lo bekannt.
De Bommeleeër gëtt no ënnen geschaukelt,
An t' gëtt och nach eng Tripartite virgegaukelt.

Den Tram rutscht lues awer sécher d' Baach eran,
An d' Finanzplaz freet sech d' nächst Joer op d' Rutschbahn.
Den Andy deeskaléiert am Tourmalet,
Mee biergop eskaléieren, dat geet nit méi.

E puer desorganiséiert motzeg Beamten,
Schreift d' Wort, deserte'ieren an d' Banken.
D' Sarah deeskaléiert d' Trap erop an d' BIL.
Hat an den Fonnie sinn jo mam Frieden Famill.




Tuesday, May 6, 2014

Xavier Trinckgeld











































Ass dat do den Péckvillchen? Ma neen dat ass een vun Köln, 
verkleet natierlech. Mosaik vum Françoise Thein.


Xavier Trinckgeld

Zu Lëtzebuerg hannert dem huelen Siegfriedsschlass,
Sangen s' all: " Zu Köln weess keen wien den Bettel ass".
Do war an engem Spill fir "Du gëss Millionär",
D' Fro gestallt wien dien Lëtzebuerger Premier wär.

De Mann hat zwar ëpps matkrut, a logesch geduecht
An onbewosst zwou Saachen zesummen bruecht.
Dien alen Premier, bekannt wéint sengem géien Duuscht,
Dien neien mat sengem Budget vun der dréchener Kuuscht.

Aus Duuscht an Biedelen ergëtt sech dann Trinckgeld,
Den Mann gouf zwar nit Millionär mee awer een Held,
Well den Xav huet hien a gelueden op Besuch.
Hien goung op Vaduz, keen wousst wou Lëtzebuerg louch.










Saturday, May 3, 2014

D' Cargolux ass op den Tram koum





















Ass dat do den Péckvillchen? Nee dat ass een dien waart op den Tram. Photo ET



D' Cargolux ass op den Tram koum

Mir schreiwen d' Joer zwee Dausend dräi a fofzeg,
Den éischten Abrëll, den Tram ass hallef fäerdeg.
Een Feierwon deen bimmelt ouni Lokomotiv,
Vun der Gare bis bei déi éischt Biergerinitiativ.

Haut gëtt en ageweit, an gedeeft op "Zhengzhou",
Vum Imam vun Letzebuerg, dem Ali Dabu.
Vertrieder vun Hayange an den Emiraten,
Sinn all do mat hiren Fotosapparten.

Am Hannergrond spillt den Symphonie Orchester,
Se spillen ee Stéck iwwert eng Kutsch vun Hesper.
Een alen Här schwëtzt laang iwwert den Jangeli.
"Ech duecht" sot hien, "Ech geséich deen Dag hei nie".

Beim Tram gouf gespuert, den Mittal liwwert d' Schinnen,
Déi koumen all iwwer Schëffléng aus Indien.
An ginn owends laanscht d' Gleiser d' Luuchten un,
Wësst dann, déi sinn vun der fréierer Areler Autobunn.

Hei bauscht dien éischten Tram iwwert d' Strooss vun Eisen,
Mir wëllen Iech all eis eidel Trammen weisen.
A frot Dir schéin roueg no allen Säi-äiten hin,
Mam Velo um Nol ass den Andy Schaffner ginn.

De Jacques Brel sengt "Debout sur l'impériale"
Mee op Lëtzebuergesch, dat verstinn mer all.
Sou richteg ze feieren hunn mer haut all Grond,
Haut sinn mer sécher dat mir och, de Wee hunn fonnt.

Mee haut am Péckvillchen sengem Leitartikel,
Päift een duerch d' Loft an op dat Verkéiersmëttel.
Dien Tram wär déi falsch Äntwert op déi richteg Fro,
Ewell eng richteg Groussstad déi hätt ee Metro.



Friday, April 25, 2014

Cargolux: Wien gutt schmiert, dien gutt fiert



















Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee. dat ass d' City of Zhengzhou 
virun dem Jungfernflug. Photo ET


Cargolux: Wien gutt schmiert, dien gutt fiert

Also dat do huet mech nit gewonnert, Jonge Jong!
Da loosst Iech dach beroden, Dir kennt dach den Song!
Dien weess dach bestëmmt wat dohannen sech sou mécht.
An mat eidelen Wallissen mécht dat sech schlecht.

Do stinn se an China, virop den Minister,
Déi Jungfernfahrt war jo een schéinen Sinister!
Se stinn do plätschnaass um Rouden Teppech am Reen,
Wat elo mat hinnen geschitt dat weess nach keen.

An esou ginn déi Gäng mat klengen Skandaler,
Fir d' éischt kritt Boeing der op den Bak vum Al Bakr,
Dann gëtt déi chinesesch Hochzäit giedlech verfatzt!
Wann dat alt nit erëm een schlecht Zeechen ass (1)?

Iergendwéi reimt "verfatzt" nit mat "ass". Ech hat zwar eppes anescht do an der Éischt, mee Ech kommen nëmmi drop. Wat schonn schwéieren Schued ass.