Saturday, May 3, 2014

D' Cargolux ass op den Tram koum





















Ass dat do den Péckvillchen? Nee dat ass een dien waart op den Tram. Photo ET



D' Cargolux ass op den Tram koum

Mir schreiwen d' Joer zwee Dausend dräi a fofzeg,
Den éischten Abrëll, den Tram ass hallef fäerdeg.
Een Feierwon deen bimmelt ouni Lokomotiv,
Vun der Gare bis bei déi éischt Biergerinitiativ.

Haut gëtt en ageweit, an gedeeft op "Zhengzhou",
Vum Imam vun Letzebuerg, dem Ali Dabu.
Vertrieder vun Hayange an den Emiraten,
Sinn all do mat hiren Fotosapparten.

Am Hannergrond spillt den Symphonie Orchester,
Se spillen ee Stéck iwwert eng Kutsch vun Hesper.
Een alen Här schwëtzt laang iwwert den Jangeli.
"Ech duecht" sot hien, "Ech geséich deen Dag hei nie".

Beim Tram gouf gespuert, den Mittal liwwert d' Schinnen,
Déi koumen all iwwer Schëffléng aus Indien.
An ginn owends laanscht d' Gleiser d' Luuchten un,
Wësst dann, déi sinn vun der fréierer Areler Autobunn.

Hei bauscht dien éischten Tram iwwert d' Strooss vun Eisen,
Mir wëllen Iech all eis eidel Trammen weisen.
A frot Dir schéin roueg no allen Säi-äiten hin,
Mam Velo um Nol ass den Andy Schaffner ginn.

De Jacques Brel sengt "Debout sur l'impériale"
Mee op Lëtzebuergesch, dat verstinn mer all.
Sou richteg ze feieren hunn mer haut all Grond,
Haut sinn mer sécher dat mir och, de Wee hunn fonnt.

Mee haut am Péckvillchen sengem Leitartikel,
Päift een duerch d' Loft an op dat Verkéiersmëttel.
Dien Tram wär déi falsch Äntwert op déi richteg Fro,
Ewell eng richteg Groussstad déi hätt ee Metro.



No comments:

Post a Comment