Ass dat do
den Péckvillchen?
Nee, dat ass den G9 +1. Photo ET
|
Den Xav, de Jang an déi siwen
Zwergen am G9
Déi béiss Stéifmamm, den
Jean-Claude, huet dem Jang gesot:
“Wien ass den flottsten, hunn
Ech den Spiegel gefrot.
An dann geet d’ Äntwert mer awer
sou op d’ Schlappen:
Ëmmer den Xav, dien wäert mer
dat schonn berappen”.
“Elo kënnt en mam G9 vun den
klengen Staten,
Dat wär besser wéi dat wat mer
bis lo haten.
Amplaz dien klengsten vun den
Groussen ze sinn,
Géifen mer dann dien gréissten
vun den Klengen ginn!”
“An dat alles ouni dem Jang eps
ze soen,
Als Ausseminister stellt een
sech do Froen!”
“T’ ass schonn gutt” sot den
Jang, “dat do kennt op den Dësch,
Dien huelen Ech elo mat op d’ Kräizerbuch
an den Bësch!”
D’ Stéifmamm huet dunn nach séier
een Apel vergëft,
An kuckt féckereg am Spiegel
no dëser Iwwerschrëft:
"Den Jang an den Xav wëllen sech
gutt verdroen,
Se wëllen just mat den klengen
Hënn pissen goen."
No comments:
Post a Comment