Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee, dat ass een Cumulard. Photo ET
Kuck emol, keen
klinzeg klengen Kumul
Fir eng politesch
Revolutioun
Mir wéilten mir hätten
keng méi wéi mir der haten,
Deeër Kandidaten
mat méi wéi zwéin Mandaten.
Verbueden ass
och eis een Putin ze maachen.
Eraus an eran,
dat wär jo fir ze laachen.
An Schluss och
mat Posten ze cumuléieren,
Fir iwwerall am Bräi
mat wëllen ze réieren.
Een Premier dien
Buergermeeschter ass am Tirol,
Oder een
Minister dien kacht mam Mittal Stol.
Se sinn knapps
gewielt dann gëtt d ‘Land hinnen ze kleng,
Dann verloossen
se d’ Ländchen an hir al Gemeng,
Fir d’ Welt Bank,
den Euro an d’ UNO ze retten.
Mee den Stull
ginn se nit hier, wat wëllt der wetten?
No comments:
Post a Comment