Ech
war der Deeg zu Biekerich an hunn fount dass keen méi Biekericher schwätzt. Wéi:
Ech dinn meen laangen Kaulzong un an gutt Huesen, an Ech kommen peefen doboossen
virun deen Hoos. Duerfiir häscht d' Iiwerschrëft op richtigem Biekericher:
Fléintermais
an Ëchelen zu Biekerech
Hei ass déi flott Invitatioun, aus dem Wort gefëscht:
Fliedermais an Eilen zu Biekerech
Ass dat do eng Eil ? Ma nee, dat ass eng Ëchel!
On the 6.07.2012
d’Ëmweltkommissioun vu Biekerech
an de Sicona-Centre
invitéieren Iech häerzlech op eng
Nuetsexkursioun:
Fliedermais an Eilen zu Biekerech
e Freideg, den 06. Juli 2012
Rdv. 21.45 Auer op der Parkplaz „An der Millen“, Huewelerstrooss zu Biekerech
Bal onbemierkt vun eis Mënsche féiere vill Déieren eng Nuetsexistenz. Matt speziellen Upassungen un hiert Nuetsliewe gi si op d’Sich no Fudder a beweege sech sou sécher wéi mir am Dag. Bei dëser Aktivitéit kënnt dir d'Welt vun de Nuetsdéiere kenneléieren. Während dem Tour stelle mir iech d'Liewe vun Déieren, wéi Flantermais an anere Mamendéieren oder och vun Nuetsvullen vir. D'Aktivitéit dauert ongeféier 2 Stonnen. D’Féierung ass op lëtzebuergesch.
Municipality life - Tourism and leisure
D'Gemeng
Biekerech, d’Ëmweltkommissioun vu Biekerech
an de Sicona-Centre
invitéieren Iech häerzlech op eng
Nuetsexkursioun:
Fliedermais an Eilen zu Biekerech
e Freideg, den 06. Juli 2012
Rdv. 21.45 Auer op der Parkplaz „An der Millen“, Huewelerstrooss zu Biekerech
Bal onbemierkt vun eis Mënsche féiere vill Déieren eng Nuetsexistenz. Matt speziellen Upassungen un hiert Nuetsliewe gi si op d’Sich no Fudder a beweege sech sou sécher wéi mir am Dag. Bei dëser Aktivitéit kënnt dir d'Welt vun de Nuetsdéiere kenneléieren. Während dem Tour stelle mir iech d'Liewe vun Déieren, wéi Flantermais an anere Mamendéieren oder och vun Nuetsvullen vir. D'Aktivitéit dauert ongeféier 2 Stonnen. D’Féierung ass op lëtzebuergesch.
No comments:
Post a Comment