Thursday, November 10, 2011

Meng Kandidatur fir Wiertschaftsminister.







Click



Ass dat do de Peckvillchen? Neen dat ass ee Sandpiper, Strandlaeufer. Photo ET.


De Krecké ass jo nit zu Ho Chi Minh,

An epps getrëppelt, an dat war eng Minn.

Ech ginn sou rosen wann Ech dat gesinn!

Den Grand-Duc eleng ënnert dem Viet Minh!


Zu menger Zäit wär esou epps nie geschitt.

Verschidden Leit hätten der do gutt kritt!

D’ Lag ass schlecht a gëtt esou sinister,

Dass Ech Kandidat sinn fir Minister.


Ech sinn ee Jong vum schéinen Biekerech. (1)

T’ gesäit een “d’ Soubelkoll” vun weit ewech.

Als Kanner hunn mir do am Sand gespillt,

Dass een wéi Ech sech am Qatar wuel fillt.


Ech sinn mat Biekrecher Waasser gewäsch.

Domat stécht een all Diplomat an d’ Täsch.

Ech sinn mam Grand-Duc dorëmmer gereest,

Mee mir hunn nie ee Rendezvous verschweest.


An Ech war och jorelaang Diplomat,

Bei der UNO gewuddert an geschwat.

Banquier zu New York hat Ech probéiert,

An esou allerhand bäigeléiert.


Meng Fra seet Ech géing bal propper iessen,

Sief dat mat der Forschett oder Stäbchen.

Mat mir kënnt Dir wéinstens roueg bei d’ Leit,

Dass keen Vietnamees eis erausgeheit.


Ech sinn prett fir alles z’ iwwerhuelen,

Den Krecké mat den gliddegen Kuelen,

Souguer de Juncker dien nie do ass,

An de Jang mat dem Diplomaten Pass.


An do wär nach eppes wann Dir mech frot,

Als Duerf Jong an als fréieren Zaldot,

Huelen Ech och d’ Landwiertschaft an d ‘Arméi.

Ech verstinn epps vum Krich an och vum Véi.


“D’ Leit sinn Clientën vun der Verwaltong”,

Sot d’ lescht ee Minister mat glater Zong.

Ech suergen derfir dass d’ Leit all verstinn,

Dass d’ Ministren hir Employéen sinn.


Fir d’ Éischt demissionéieren Ech beim Mittal,

An dann kënnt d ‘Rei un d’ Fonctionnairen all,

Déi fléien och aus den Verwaltungsréit.

D ‘gëtt keng Demokratie déi dat verdréit.


Ech géing gär den Tour de France gewannen,

Duerfir muss de Projet Léiweng verschwannen.

Dat passt mir an dem Becca an de Krom.

An d’ Plaz bauen mir dann ee Velodrom.


An ginn mir och eemol op Reesen,

Dann ass dat nit nëmmen wéint den Spesen.

D’ Économie flitt lo Economy,

Den Concorde gëtt et souwisou nit mi.


Den St Régis gëtt den Holiday Inn,

T ‘muss een sech och mam Tram zefridden ginn.

D’ Meilen ginn vun lo un confisquéiert,

Am bei dem näächsten Billjee bäigesteiert.


Bei den nächsten Walen, wielt mech erëm,

Ech zielen op jidderengem seng Stëmm.

Ech bréngen Iech schonn aus dem Schneider,

Oder Dir fuert mat dem Schneider sou weider.


Ech hätt gär dass Dir mir zwou Saachen gonnt:

Dat éischt, setzt meng Pei op een Schwäizer Kont.

Soss fäerten Ech d’ BIL géing mer Se huelen.

D’ BIL deet mech laang fir Maybolli bezuelen!


Dat zweet ass Plënneren, eng Klengegkeet:

Den Ministère op Naples, wann dat geet.

Um Golf vun Mexiko bleiwen Ech dann,

Wou Ech mam Krecké nach segelen kann.


(1) Biekerech am Kanton Réiden. Nit ze verwiesselen mat Beccarich, wat bei Léiweng läit.



No comments:

Post a Comment