Sunday, November 29, 2009

Den Dag Duerno

De Frieden sot, "déi hei ass nawell gutt,

Wat Ech hei gesinn mécht mer neien Mutt!

Wann een all Numero huet bis op een,

Seet d' Reglement da gewënnt een trotzdem.


Mir hunn tatsächlech een Trouschtpräis ze gutt,

Souguer méi wéi een aus der Virwëtztut.

Laut dem Reglement gesinn Ech der dräi,

Et gëtt elo Zäit, kommt mer maachen eis bäi!


Eisem Mann do uewen op der Mauer,

Deem verdreiwen mer elo seng Trauer,

Europa garantéiert seng al Platz,

Sou liesen Ech emol am Kaffissatz.


Hien geet a China mat dem Euro Grupp,

A gëtt dem Renmimbi eng gutt op d' Krupp.

Bestëmmt ass de Sarko lo giel vu Näid,

Hien hätt de Juncker jo gär rausgeheit.


Een aneren Präis hu mer an Europa,

D' Re'idings Vif klëmmt ee Sprass an Utopia,

als Vizepresident beim Barroso,

De Sarko ass och alt duerfir rosen.


An zum Schluss déi drëtt Méck mat engem Schlag,

Europa bréngt den Yves Miersch ënner Dag.

Duerno stellt sech dann wuel weider keng Fro,

Säin Ramplassang steet mir bestëmmt méi no.


Mer hunn zwar d' läscht eng Goldmedaile verluer,

Mee dräi Sëlwer Medailen geet och duer.

Mir hunn och vum Van Rompuy geléiert:

Ee Sprint, dee gëtt vun hannen lancéiert."


Jiddwereen mengt elo wär endlech Rou,

Europa schléifert lues op Chrëschtdag zou.

Mee bei Schlecks gëtt op den Tour trainéiert,

T' ass nach een dien den Sarko verléiert.

No comments:

Post a Comment