Tuesday, June 30, 2015

O grexte nit! D’ Griichen halen och een Referendum!


Ass dat do den Péckvillchen?
Ma nee dat ass een geieregen Geier. Photo ET






















O grexte nit! D’ Griichen halen och een Referendum!

Zu Bréissel noschelt den Juncker vum Pabeier,
Vun Verrot, Afferlämmchen, jee déi al Leier.
“WTF” huet dunn den Varoufakis getweet,
Mee den Juncker liest déi Tweeten jo nie.

Den Tsipras sot, “Ech droen jo gär eng Krawatt,
Dann maacht Dir awer beim Läpp iwwert d’ Box och mat.
Mee den Juncker schléit een gläich am rosenen Soff,
Wei an der Zäit den Sokrates, mäin alen Proff.”

“Duerfir froen mer elo all Griich an Griichin:
Jo oder Nee, sidd Der géint déi, déi derfir sinn?
An meng Regierung setzt sech an fir dräimol Nee,
An esou stëmmen dann Les Enfants du Pirée.”

“Dann pass awer gutt op Dech op,” sot dunn den Xav,
“Herno bass De vun achtzeg Prozent iwwerlaf,”
“WTF” sot dunn den Varoufakis, “Dir litt,
Bei den Griichen sinn jo achtzeg Prozent d’ Élite.”

D’ Lëtzebuerger Présidence schafft um Compromis,
Well mer maachen deenen Griichen do eng Saisie,
Wann se nit noginn beim Läpp an d’ Box an een Schal,
Dann ass den Grexit eisen Banken schäissegal.



Tuesday, June 23, 2015

Een Rappel vun 2013 um Nationalfeierdag


Ass dat do den Péckvillchen? Nee, dat ass een gewielten Pohunn. 
Photo: Information et Presse





















Een Rappel vun 2013 um Nationalfeierdag


T’ ass Nationalfeierdag ouni Te Deum,
Mee trotzdem, am belschen Schick sinn mer all am Jumm.
Op den Hitt léisst den Pohunn d’ Plommen hänken,
Eng gutt Zäit , un déi al Verspriechen ze denken.


Mäin Walprogramm 2013, vum 12. August 2013

Wann de Péckvillchen ophält mat reimen, dann kënnt een un d' Keimen.

Virun den "Neiwalen" wollt Ech eemol hei d' Rollen vum Kandidat an Wieler kloer stellen: t' brauch keen mir soen ze kommen, "Ech sinn Kandidat, an hei ass mäin Programm, stëmm fir mech ". Et ass grad ëmgekéiert. Ech soen Dir, Kandidat, wat Ech, den Wieler gären hätt, an wann' s De dat nit kanns oder wëlls, kriss Du meng Stëmm nit.

Ech, den Wieler sinn dien, dien Dech engagéiert fir an mäin Service als mäin Deputéierten ze trieden. Wann Ech Dech wielen, bass Du gebieden dat ze maachen wat Ech gären hätt. Keen Cadeau, just gutt Aarbecht. Duerfir soen Ech Der hei wat Deng Aarbecht ass.

Vergiess jo nie dat Ech dien sinn dien Dir déi Aarbecht gëtt. A wann' s De iren solls Minister an der neier Regierung ginn, verstéi dat Minister vum Latein kënnt, an wëll Dénger oder Serviteur soen. Du bass nit mäin Patron. Ech sinn Däin Patron. Du bass just mäin Vertrieder. Ech ginn Der een Déngscht Grad, eng (gutt) Pei an d' Autoritéit fir Deng Aarbecht ze maachen. Fir dass eist Verhältnis kloer ass, duzen Ech Dech och. Domat sinn mer dann sécher dass De verstees dass De nit op engem Piedestal stees, mee dat mir gläich sinn, absolut gläich. Ech soen Der all Respekt, wann Däin Zweck ass dem Land ze déngen, an manner esou wann' s De just no Pouvoir glëschts. Vergiess dat nit wann d' Iwwerhieflechkeet  no Denger Wal mat Dir duerch soll goen. An verstéi och dass Ech, de Wieler, Dir oppassen an dass Du mir Rechenschaft schëlleg bass.

Wann' s Du gären meng Stëmm häss, muss Du wëssen dass Ech fir unzefänken keng Persoun, Starlettchen oder Célébritéit wielen. Nee, Ech stëmmen fir Iddien. Hei sinn meng Iddien, dat mécht Dir et méi einfach mech mat deenen z' iwwerzeegen.

1. Ech ginn Der zwee Joer fir eng nei Constitutioun ze schafen  

O, keen Gewurschtels ëm déi al Constitutioun. Och nit dat Getechtelmechtels ëm dien neien Projet dien iergendwou zënter Joeren  mautscht, an dien bis elo ee schlammen Kompromëss zwëschen blannen Apparatchiken ass. Nee, organiséier Diskussiouns Versammlungen op den Gemengen duerch d' Land an lauschter op d' Leit déi eppes zum Text wëllen bäidroen. Dann maachen mer een Referendum wou all Kapitelen eenzel sollen acceptéiert ginn. Fir d' Mooss, déi al Constitutioun huet zwielef Kapitelen. Wann een Kapitel duerchfält, gëtt deem Rechnung gedroen an et gëtt een zweeten Referendum iwwert déi amendéiert Kapitelen. Dann huet d' souveränt Vollek tatsächlech gesot wéi mir wëllen zesummen liewen. No dem Aarmut and den Skandaler vun den zwee leschten Joeren, ass dat d' grouss Botz mat deeër een muss ufänken. Eng kredibel Constitutioun déi och respektéiert gëtt, zemol se och muss soen wéi Ech géint Dech kann Klo féieren wann' s De se mat Féiss trëppels, wéi dat elo d' Gewunnecht ass.


2. Eng zweet Prioritéit ass Transparenz hierzestellen

Ech muss jo op Dech oppassen, wann' s De gewielt gëss. Mir wëssen jo dass den Pouvoir korrupt mécht, wann keen nokuckt. Fir déi néideg Transparenz ze kréien, hei ass meng Lëscht vun Saachen déi ze maachen sinn, an Du solls Dech nit derlaanscht drécken fir dat an Musek ze setzen d.h. déi folgend Gesetzer an Reglementer endlech op den Dësch ze leeën:

  • Mir waarden schonn 12 Joer op déi Lëtzebuergesch Versioun vun engem "Freedom of Information Act", also de Projet de Loi Bodry iwwert d' Recht Zougank ze hunn un der Regierung an der Administratioun hir Informatioun. Ech muss jo kënnen kucken wat' s De schaffs. An looss Noten huelen vun den Gespréicher déits De féiers, dann kanns De herno nit léien, oder Du gëss erwëscht.
  • Dann hätt Ech gären een Code de Déontologie, dien eppes daacht. Dann weess Du an Ech wéi' s Du Dech solls opféieren. Vergiess nit mat deem Unfug opzehalen wou Deng puer privilegiéiert Staatsbeamten sech an den privaten Verwaltungsréit verwinnen loossen. Dat ass offiziell Korruptioun.
  • Dat nächst ass endlech een Gesetz géint d' Korruptioun. Nit fir eppes ze soen, mee den Pouvoir mécht korrupt. Du muss also wëssen wéini dass De riskéiers an de Bing ze goen. Iwweregens hätt Ech gär dat et duer geet wann 1/3 vun der Chamber eng Enquêten Kommissioun stëmmt. Mir hunn jo gesinn dat soss alles ënnert den Teppech gestëmmt gëtt.
  • Et feelt och een Gesetz iwwert den Lobbying. Do sinn mer esou krank, dat d' Lobbyisten alt an verschiddenen Gremien an den Komiteeën sëtzen. Een Lobbyist muss een enregistréierten Beruff sinn, oder nëmmen konstituéiert Organisatiounen, wéi Gewerkschaften, Associatiounen, asw.
  • Ech weess et ass heiansdo schwéier fir dat Richtegt ze maachen. Eisen Nach-Premier sot emol, hien wiisst genau wat hien misst maachen fir d' Problemer ze léisen, mee wéi géif hien dann awer zréck gewielt? Dat ass Leadership! Ech mengen mer mussen deenen Leit d' Liewen méi liicht maachen an nëmmen zwee Mandater noeneen erlaben. Dann kann een wéinstens déi zweeten Kéier den Courage hunn eppes ze maachen. An d' Land léiert an engems dass keen indispensabel ass.
  • Datselwecht gëllt fir d' Kumuléieren vun Mandater. Wou solls De do Deng Aarbecht maachen?
  • Dann bleift och nach eis Justiz. Mir kënnen keen zouverléissegen Banken Zenter sinn mat enger Justiz déi nit fonctionnéiert wéi se soll. Joeren an Joeren Gedeessems fir een Jugement ze kréien ass schlëmm. Et ass eng Violatioun vun den Mënscherechter an ass virun allem schlechten Business fir Lëtzebuerg. D' Victimen (auslännescher virun allem) vun der BCCI, vum Madoff an Kaupthing kéinten ee Lidd sangen, mam Enrico Macias virop. Bal 30 Joer Bommeleeër Affaire ass jo nawell een gutt Beispill fir sech virzestellen  wat d' Ausland iwwert eis Justiz denkt: elo sinn alt erëm 8 Wochen Vakanz, an d' Gericht, d' Affekoten and déi Ugekloten sinn op der Plage oder am Schwarzwald.
  • Zu gudder Läscht bleift den Problem vun der Representativitéit vun eisem Parlament. Do sinn bal nëmmen Affekoten an Staatsbeamten, all mat hirer aler Carrière als Garantie. Déi representéieren sech virun allem selwer. Déi aner Lëtzebuerger kënnen wéinstens fir déi stëmmen. Mee d' Auslänner déi zu Lëtzebuerg wunnen, schaffen, an Steieren bezuelen hunn näischt ze radetten. "Taxation without representation" géingen d' Amerikaner soen .... Ech loossen mech do vun Dir iwwerraschen, genau wéi bei Froen wéi der Séparatioun vun Staat an Kierch, oder wéi weit mer den Kapp hin halen zu Bréissel.  
Dat ass déi grouss Botz. Doniewent bleift déi dagdeeglech Aarbecht, virop bal 20.000 Chômeuren. Dat quëtscht den Duerchschnëtts Lëtzebuerger, dien säin Geld mat haarder Aarbecht verdéngt, zwëschen zwee ëmmer méi grouss Lächer, déi mat sengen Suen mussen gestoppt ginn: op der enger Säit fir déi ouni Aarbecht ze ënnerstëtzen, op deeër aner Säit fir déi futsch Banken ze retten. Dat packen mer nit éiweg. Do hues De elo Spillraum genuch fir ze weisen wat' s De kanns, an ze maachen wat een muss maachen, zemol wann' s De Däint zweet Mandat hues: Du kanns jo dann souwisou nit méi erëm gewielt ginn!



Bonne Chance fir den 20ten Oktober. Mat mir verdierfs D' et awer wann' s De am Walkampf mat Dreck geheis, Ligen erziels an virun allem nit méchs wéi Ech, den Wieler, Der elo grad erkläert hunn.



Sunday, May 31, 2015

Fënnef Regelen fir dem Juncker Moien ze soen

Ass dat do den Péckvillchen? Ma neen dat ass a Clown. 
Photo: Commissioun

Fënnef Regelen fir dem Juncker Moien ze soen

T’ muss een fäerten fir ’m Juncker Moien ze soen!
Ass et Ethylismus oder Testosterone?
Op allen Fall, déi Biller maachen schéin hir Ronn.

Dir wësst jo den Péckvillchen ass fir Witz a Spott,
Mee fir den Juncker ze këssen ass en awer glott!
Déi meescht Leit fäerten fir him ze no ze kommen,
Glatz an décken Bauch loossen sech all verdommen.

Wéi eng Géigenmesuren kann een do maachen,
Fir dass d’ Leit emol iwwer HIEN kënnen laachen?
De Péckvillchen gesäit do eng fënnef Pisten,
Géint de Juncker an déi aner Terroristen.

Hutt Dir een decken Bauch oder eng plakeg Kopp?
D’ Chancen sinn den Juncker kësst Iech do drop!
An sidd Dir den Jang, oder an Ungarn kamëss,
Dann schléit den Juncker Iech och nach eng an d’ Schnëss.

Wann Dir awer gären hätt hien kéim Iech nit ze no,
Gréisst en, d’ Zigarett am Bak, den Patt um Platto.
Dann fäert en, hien géing sech beim Këssen verbrennen,
An schlëmmer nach, t’ géing een den Patt em rënnen.

Dem Spaghetti Monster saïn Helm, beschützt d’ Plakäpp,
An den Hollande wiert sech mat der Mausfal am Réck.
Et ginn der déi wieren sech als Spatzeg Nenn,
Mee den Orban gräift nom Sak, an den Spaass ass um Enn.

Fir d’ Présidence brauch een een neien Protokoll,
Amplaz Moien ze soen gëtt einfach een geholl.
An dann sangen se all wéi een Kadettchen:
“Kättchen, Kättchen bréng dem Juncker nach ee Pättchen!”






Wednesday, April 29, 2015

Doch, doch der Juncker ist geplündert!


Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee, 
dat ass een Kommissar an senger Residenz. 
Photo Zwitscher Joffer























Doch, doch der Juncker ist geplündert!

„ Nein, nein Jang, man sagt der Bengel HAT geplündert,“
Sou huet d‘ Anne Will den Asselborn verbessert.
„Freck, und auf der Cap, da hat der sich nicht abgemelld!
Der kriegte zum Plündern einen dicken Koup Geld!“

T ‘schéngt hien wunnt elo am siwen Stären Hotel,
Fir déi Räich an Schéin am Bréisseler Sofitel.
D’ Joffer beim Juncker zwitschert t‘ wär eng Residenz,
An bei Leiwen keng Spillplaz fir liddereg Pänz.

Seng Suite Présidentielle ass sou grouss wéi eist Land,
Den DSK huet alt do e puer Nuechten verbrannt.
Een Butler liest Iech all Wonsch vun der Fläsch,
A suergt fir d‘ Iessen an déi knaschteg Wäsch.

Op der Terrass ass een ganz exquisiten Gaart,
Virun der Dir eng Bentley wou een Chauffer waart.
Den Pompier de Garde bréngt steierfräi Zigaretten,
An wat illuster Gäscht soss nach gären hätten.

D‘ Residenz kënnt mat Wellness an enger Sauna,
Déi bréngen een zréck aus deem déifsten Koma.
Een exklusiven Chef kacht Carbonnades Flamandes,
Mat den beschten Fritten vun déi Säit vun Bande.

Den Xav sot, "et soll keen kloen, deem sinn mer gutt lass,
Hien huet schonn ëmmer gedreemt hien wär am Schlass."
Den Hotel Lobby ass voller Lobbyisten,
Nach vill méi wéi zu Lëtzebuerg d‘ Vëlos Pisten.

Mir Lëtzebuerger freeën eis iwwert säint villt Geld,
Hien kritt nach eng Prime de séjour an der friemer Welt!
Et sinn jo nit eis Suen, mee déi vun den Griichen,
An domat kennen mer egal wat fir eng stiichten.

Vläicht d‘ Residenz bezuelen, well dat een Hotel ass?
Den ganzen Rescht kennt op ee Koup bei der Sparkass,
Déi dann och onerhéiert deck Profitter mécht,
Déi den Gramegna als Dividend an saïn Budget stécht.





Sunday, April 26, 2015

Lëtzebuerg an seng Flüchtlingswell


Sinn dat do Péckvillercher? 
Ma nee, dat ass eng Flüchtlingswell. Photo GovLu























Lëtzebuerg an seng Flüchtlingswell

Mir hunn an der Zäit eis eegen Leit verdriwwen,
Bliwwen sinn Auslänner, dat ass schéin duerchdriwwen.
Déi Flüchtlingswell goung entweder op Körperich,
Oder déi aner Säit bis hanner Sterpenich.

Sou entkoumen Dausenden den Propriétairen,
An den héijen Loyeren als Locatairen. 
Se hunn gebaut vun Alenuewen bis op Diddebuerg,
Souguer den Paschler Buergermeeschter ass vun Lëtzebuerg.

Den Xav sot: “Ech well nit Prömmjee vun engem Land sinn,
Wou d’ nächst Flüchtlingswellen nit preparéiert ginn.“
Am Ausland sangen der: “Wéi hunn Ech d’ Hierz sou wéi,”
All hätten se erëm  gär hiren Daach vun Stréi!

All Kéier wann d’ Regierung dat Lidd do héiert,
Dann kräischen se all, dat wär jo onerhéiert!
D’ nächst Flüchtlingswell kënnt bestëmmt, do ass keen Zweifel,
Mee dës kënnt vun hanner Arel an aus der Eifel.

Dann froen déi Lëtzebuerger Asyl doheem,
Mir huelen der awer nëmmen honnert an soss keen.
Well fir sech erëm doheem z’ integréieren,
Mussen se den Auslänner hir Sproochen léieren.

Den Etienne setzt Arméiszelter op den Glacis,
Spenden kommen aus dem Cap Vert an dem Mali,
An trotz der Séparatioun zwëschen Kierch an Staat,
Hëlleft d’ Caritas, an d’ Oktav gëtt ausgesat.























Friday, April 24, 2015

Lëtzebuerg ass nëmmen dat 17. glécklechst Land op der blöder Welt!

Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee dat ass een granzegen Luxo.
Photo: Mir sinn glécklech mir sinn frou / UGDA

Lëtzebuerg ass nëmmen dat 17. glécklechst Land op der blöder Welt!

Den Péckvillchen ass schwäiwëll! 
Lëtzebuerg ass nëmmen Nummer 17 vun den glécklechsten Länner op der Welt:











Source: dem Jang seng UNO

A wien huet deenen aneren 16 d’ Prüfungsfroen am viraus ginn!?

Haalt elo den Baak  an sangt hei mat!





Tuesday, April 14, 2015

Dem REFERENDUM ass eng schéin MERDE ENFUER


Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee, 
dat ass den Papagei “Dräimol Vläicht!” dien domm Froen beäntwert. 
Mosaik: FMT
















































Dem REFERENDUM ass eng schéin MERDE ENFUER

Am Anagramm läit d’ Wouerecht

Also mir waren an d’ Wahlen mam Wielerwëllen,
An den wëllen Wieler wollt mol giedlech brëllen:
“Roude Léif, komm mir trennen Kierch an Relioun!
Vun deem hei krut d’ Kierchefabrik den leschten Spoun!”

D’ Verfassungsreform gouf eng Verpassungsreform,
Eng verpassten Geleeënheet no aller Norm.
De wëllen Wieler kuscht, t’ ass keen dien sech muckst,
Wann d’ Muxelbuerger Regierung d’ Reform verjuckst.

Den siwenten Juni stinn mer dann all am Reen,
Mir mussen, vum Gesetz entschëllegt gëtt jo keen.
Mir ginn all richteg Äntwerten op falsch Froen.
Mee d’ Kierch am Staat mussen mer weider erdroen.

Verkuerbelt, ass dem Véckpillchen d’ Wuert “Märtt!” entfuer,
“Mat deem Referendum geet et mer lo awer duer.
Dien hei äntwert nit “Nee”, nit “Jo” mee awer “Vläicht”,
Well dat der Trennung vum Staat an vun der Kierch gläicht.”