Ass dat do den Péckvillchen? Ma jëmmen a gewëss! Photo
ET
D’ Dikkricher Stad
Musikanten
Zu Dikkerich, wou een keen
an d‘ Kierch kréich, ass Krich,
Well déi, déi fir déi sinn déi
dergéint sinn wieren sech.
Nach nie zënter der Seechen vun
der Rouder Gees,
Gouf et wéint engem Déier
souvill Schinnegebeess.
Déi Dikkricher hunn den Hunn
mam Iesel ersat,
Den Dikkricher Iesel ass jo
d’ Symbol vun der Stad.
Dem Octavie modert dat um Mo
mat deem Hunn,
Hat bezuelt elo näischt,
dann hunn se dat dervun!
Den Péckvillchen gouf ‘rëm em gudden Rot gefrot.
“ Dien hei hätt am léifsten
keen Hunn” huet hien du gesot.
“Mir kennen dach all den
Iesel vun Nazareth,
Dem Schupp saïn Iesel, dem
Kleeschen am Wéiwësch Kett”.
“Am léifsten hätten mer keen
Hunn wéi mir een haten,
Wat ass dat ee Kräiz mat deeër
Zort Kandidaten!”
Den Iesel um Tuerm streckt
alle Véier vun sech.
“No den Walen hëlt dach keen
méi dien hei ewech”
Den Top Dikkricher an d’
Octavie sinn wéi Hond a Katz,
Well hien ass jo roud an hat
awer donkel schwaarz.
Kuckt do, een Iesel, een
Hond, eng Katz een Hunn,
T’ héiert sech wéi d’ Bremer
Stadtmusikanten un.
No comments:
Post a Comment